Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hierscht wou sinn deng Blieder

 
Hierscht wou sinn deng Blieder
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2010
  • Gekuckt:
    19755
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x696
  • Späicherplaz:
    288 KB
  • Originaldatum:
    2010:09:26 18:29:15
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon100mm
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49613]
Kommentar vum Fotograf:

Blieder falen
suraki 08.10.2010 - 12:37
immens flott Jeanny !!
Jeanny 08.10.2010 - 18:35
o dat freet mech ze héieren, merci Edy
Jean-Jos 08.10.2010 - 13:25
Déi Hierschfaarwen komme gutt bei dem groen Himmel.
Richtég flott Jeanny!
Jeanny 08.10.2010 - 18:35
merci Jean-Jos
gtaddei1 08.10.2010 - 17:00
Super Jeanny... Nemmen é Médchen kenn esou eppes machen
Jeanny 08.10.2010 - 18:34
Merci Gennaro,
hu dir Männer kee Bléck vir déi schei faarweg Hierschtblieder, an engem Pull Waassersmile
Maimonides 08.10.2010 - 21:51
Suraki a Jean-Jos: keng Maenner ?
Mir gefaelt se och, Jeanny,
mais so dat awer kengem.
closed_eye
gtaddei1 08.10.2010 - 22:08
Charel , la sensibilite feminine, dat hunn mir nach lang net! Mir gesinn blieder , mir fotografeiren flott furwen, me wann et e medchen mecht dann klengt dat automatesch mei flott...
Maimonides 08.10.2010 - 22:41
Stemmt Gennaro.
Mir sinn dann awer voll an desem Thema:
get et eng weiblech Fotographie ?
Get et och eng maennlech Fotographie ?
Oder anescht gesoot: kann een enger Foto ofgesin ob eng Fra oder e Mann se geknipst huet, selbstverstaendlech a qualite egale ?
gtaddei1 08.10.2010 - 23:14
Ech geif soen jo, haaptsaechlech wann d fraen no ierem haerz fotoen maachen. De mann , mat e bessi weiblechkeet ( ontogenetesch sinn mir jo fir d eischt e meedchen) maachen mir besser foto.. Ewei ... Du verstehst mech ... Well elo weder hypokritesch nach misoginn sinn.
Maimonides 08.10.2010 - 23:26
XX an XY.
An den Y ass en X wou e Wutz fehlt.
closed_eye
gtaddei1 09.10.2010 - 00:44
Jo wou eng "brache" fehlt .. de Wutz kennt eben dovunner ,,, bigsmile
Maimonides 09.10.2010 - 16:44
Mir hunn also e Wutz well äis eppes fehlt....
closed_eye
Jeanny 09.10.2010 - 06:15
Froe mech ëmmer, firwat ass Fotographie eigentlech mäi e Männer Domän?
gtaddei1 09.10.2010 - 10:34
Et ass guer nett eng Exclusiv Maenner Domän ... Et ginn Fotografinnen dei einfach Superlativ sinn... Mé do gesait én jo och den ënnerschéd tescht Mann an Fra ...
Geff de Fotoapparat engem klengen Jong an engem klengt Médchen an dann gesaiste é flagranten ënnerschéd...
Mir maachen d'Fotoen esou wei mir d'Welt spieren an gesinn ... oder spierst du op der selweschter Art an Weis ewei dein Mann oder Papp... ech net ewei meng Mamm oder mng Fra...
Jeanny 09.10.2010 - 12:23
Neen do hues de Recht,mäi et héiert e mäi oft " vum Fotograf......., wei vun der Fotografin......, dir sidd besser wei mir Gennarosmile
gtaddei1 09.10.2010 - 14:39
Fotograf an fotografin ass een sammelausdrock. Mai d natur fresst dei schwaach ... Hoffen dat net iwerall amazonas ass.
Maimonides 09.10.2010 - 16:21
Jeanny,
wat méi Frae knipsen, wat besser.
Ech weess och net op Fotografie éischter ee "Männerdomaine" ass oder net.
Wann dat esou wier, géif et héich Zäit ginn dass Fraen dat géifen änneren.
Mais, trotzdem:
gesäit een enger Foto of vu weem se geknipst ginn ass ?
Hunn Fraen eng aner "approche" wéi d'Männer ?
Ech hoffe mol.
Jeanny 10.10.2010 - 09:41
Natierlech hu mir eng aner Approche Charel, däi weiblech smile, ass et awer net oft, och däi Technik däi eis e bësschen ofschreckt, sou ganz beherrschen ech däi och nach net, an dann Gewiecht vun de Kameraen oder Obj.
Ma jo, egal wei et ass, mir mécht et Riesespass,smile
nach e schéine Sonndeg
Maimonides 10.10.2010 - 16:10
E weiblechen Nu:
geknipst vun enger Fra a vun engem Mann.
E männlechen Nu:
och geknipst vun enger Fra a vun engem Mann.
An duerno kucke mir d' Fotoen.
Kanns du mir da soen op eng Fra oder e Mann deen Akt fotograféiert huet ? A wa jo: firwat ?
Dat ass schonn een interessanten Thema.
Jeanny 10.10.2010 - 18:22
Hu mech eigentlech nach ni mat der Aktfotografie beschäftegt Charel, war elo mol e bësschen op den Internet kucken, hu ganz flott Fotoe gesinn, nëmme weiblech Nuen an däi meescht vu Fotografen fotograféiert.
Maimonides 10.10.2010 - 22:00
Co "Aktfotografie": ech och net, Jeanny.
Wann een desen Thema dann an d Molerei verlagere geif, da kriit een och bal keng Aentwert. A vum Clara Schumann och net.
E ganz interessante Sujet, an desem Kontext, wier dann dest:

Suzanne Valadon / Maurice Utrillo,

wou d Suzanne dem Maurice seng Mamm war.

Wann s de Zait haess, waer et derwert dei 2 ze googelen.
Jeanny 11.10.2010 - 06:24
machen ech Charel
Jeanny 09.10.2010 - 06:07
dach Charel smile merci
grimmel 08.10.2010 - 21:26
jo, einfach, evident a schéin
Jeanny 09.10.2010 - 06:05
merci Grimmel
Pixelman 10.10.2010 - 18:22
Schéin, ewéis Du den Hierscht hei présentéiers.
Jeanny 10.10.2010 - 21:07
merci René, jo Bämm verléieren hier Blieder, et gëtt Hierscht an Schneegäns sinn och lo grad iwwert eis Haus geflunn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 529 Gäscht online