Des Foto hun ech an Thailand an enger Schoul geholl, déi méng asbl ennerstetzt. Et ass eng Schoul fir Flüchtlingen aus dem Burma, déi wann se géifen zreck an Burma goen, erschoss gin, soubaal se gesin gin.
Déi Leit hun keen Pass, keng Pabeiren, naicht... Hier Situation ass leider zimmlech hoffnungslos well se keen Schrett kennen no vir goen: fir Pabeiren ze kréien muss een Pabeiren hun. An fir déi Pabeiren ze kréien brauch een rem aaner Pabeiren, déi sie natirlech och net hun.
Dir kennt den "Däiwelskrees" vun der Bürokratie.
Dest Meedchen war déi bescht Schülerin an der Schoul et get sech emmer am beschten drun an schafft immens haard (seet den Schoulmeeschter). Leider bidd sech keng grouss Zukunft fir hat un, well een nämlech, wéi gesoot, ouni Pabeiren net wait kennt, och net an eng staatlech Schoul. Him bleiwen also dli meescht Dieren zou.
Trotzdem hoffen ech vu ganzem Haerzen dass op hat net dat selwecht Schicksal waart wéi dat vun séngen Elteren; Nämlech 16-Stonnen Deeg op den Orangen- an Rais-Plantagen ze schaffen. Seng Elteren, wéi all déi aaner Flüchtlingen och kréien nämlech en salaire deen den Groussbesetzer esou bestemmt wei hien sech grad fillt, oder wéi en grad Loscht huet. Wann se eng Kéier 2 Méint naicht kréien, dann kréien se naicht.
"Meckeren" oder eng aaner Schaff sichen sin leider keng Optiounen; et ass dem Groussbesetzer nämlech ganz einfach gemaach se auszelieferen un den thailänneschen Staat, vun deem se dann zréck an Burma geschéckt gin...
An dat ass secher deen leschten Wee deen se wellen goen...
Ech hoffen d'Foto gefällt Ierch.
Hun se elo hei am S/W eropgelueden, an wann der déi faarweg nach eng Kéier wellt gesin dann klickt einfach hei:
Le regard
Ech wier immens frou ze héiren op se Ierch besser am SW oder besser an Faarw gefällt, an och weisou. Hun deen Probleem nämlech emmer dass ech nie wees wei ech se soll eroplueden.
Merci