Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Allstar II

 
Allstar II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2010
  • Gekuckt:
    29482
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/3200 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x665
  • Späicherplaz:
    438 KB
  • Originaldatum:
    2010:09:29 17:07:54
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49349]
Kommentar vum Fotograf:
des Kéier den Paulo Sergio
VeloBen 29.09.2010 - 19:36
Deng Footballerserie ass gut gelongen! Daat muss ech souguer als Anti-Bayernfan zougin bigsmile
Zodiac 29.09.2010 - 20:50
Freet mech dass du dat als net bayern-fan esou geseis closed_eye mee wann mer et jo genau huelen sin se jo net mei do enner vertrag... se spillen just nach esou an als hobby an der aal-herren-équipe closed_eye
VeloBen 29.09.2010 - 21:06
Einmal Bayern, immer Bayern ! bigsmile
Zodiac 29.09.2010 - 21:09
Dat zielt och fir mech als Fan smile mee loossen mer éierlech sinn... Fussball wär och net intressant wann mer all géifen zum selwechten Club halen smile
VeloBen 29.09.2010 - 21:20
Eeben! Et mussen och Equipen gin déi als Kanounenfudder fier Mainz mussen hierhaalen ! bigsmile
Zodiac 29.09.2010 - 21:22
Wanns de mech frees do get et der dest Joer mei wei just den FCB leschten weekend
VeloBen 29.09.2010 - 21:25
Mein Tipp: Den BVB weisst deenen jonken Mainzer Spunten mol ween Herr am Haus ass ! bigsmile
Zodiac 29.09.2010 - 21:27
dat weess ech nach net. se sinn Allenzwee gutt drop am Moment. hehe... mee elo kommen mer hei vum thema Fotoen of closed_eye
VeloBen 29.09.2010 - 21:31
Hues du déi Biller mat dem 70-300mm Objektiv gemaach? Wollt mer daat zouleen. Schengt als Zoomobjektiv ganz preiswert elo ze kréien ze sin.
Zodiac 29.09.2010 - 21:35
jo genau... an bis elo sinn ech deck zefridden mat dem Objektiv. Wat elo am dësem Fall eben schued ass et ass keen 2,8. Mee elo ofgesinn vun mengen Fussballfotoen hei war ech awer ëmmer ganz zefridden mam Resultat.
VeloBen 29.09.2010 - 21:39
OK. Waert ech mer dann demnächst zouleen. Oder hues de nach eng Idee als Zoomobjektif ?
Zodiac 29.09.2010 - 21:43
Wann ech éierlech sinn net direkt. ech hat mech direkt fir en heiten entscheet, well en eben an enger Préiskategorie leit wou ech mer kann leeschten. Mee vläit kanns du jo mol an engem Fotosgeschäfft nofroen an och den een oder aneren do testen, an dann doheem an rou Biller Kucken an vergläichen. Ech hat en direkt bei Apparat dobei kaaf, an mech wirklech op Kritiken am Internet verloos. Mee elo wou ech mein Fotoapparat hun geif ech awer emmer als 1. kucken fir eng Kéier Objektif ze testen wat ech well kaafen.
VeloBen 29.09.2010 - 21:49
Ok! Merci fier den Tipp !
Zodiac 29.09.2010 - 21:50
keen Problem smile
VeloBen 30.09.2010 - 18:48
Déi 2,8 Nikon Objektiver schengen wierklech nach een gudden Krack méi Qualitéit an d'Biller ze zauberen. Mee /- 2000 EUR fier daat 70-200mm Objektiv daat ass schon een stolzen Praiss.
Zodiac 30.09.2010 - 21:26
jo wat Objektiver ubelaangt huet Nikon an der gudder Gamme och "gutt" Préiser. unhappy
VeloBen 30.09.2010 - 22:00
Et reizt mech trotzdem irgendwéi. closed_eye
Zodiac 01.10.2010 - 07:33
Dat kann ech verstoen... mech jo eigentlech och, mee mech perseinlech reizt mol den 24-70 am f2,8. dono kann een mol weider kucken. Vlait och vun Sigma oder esou.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 509 Gäscht online