Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Grousse Stén aus Italien

 
Grousse Stén aus Italien
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.09.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.09.2010
  • Gekuckt:
    25224
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/9.1
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    HDR
  • Gréisst:
    800x534
  • Späicherplaz:
    388 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    canon 1D MK 4
  • Programm:
    Av BKT +/-1 EV 5 shots
  • Objektiv:
    70-200 USM L 2,8 II
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49015]
Kommentar vum Fotograf:
Gran Sasso d'Italia ... Piccolo e Grande Corno (Grousst an klengt Haar)
Voll an den Abruzzen an 2912 Meter héich
dr_kim_veis 17.09.2010 - 17:45
krass vill kontrast awer flott!
gtaddei1 17.09.2010 - 17:54
Jo mé ouni dass ass et platt ... e war é schlechten Moment vum Dag... 13 Auer ... mmmh also et wier e bessi platt ginn ouni kontraster ... villeicht ze vill?
Mika 17.09.2010 - 18:04
E bessen, et deet wéi an den Aan, mee op kee Fall zevill raus huelen!
gtaddei1 17.09.2010 - 18:16
ech hun mol nach eng keier gekuckt op d'Originalt ... dat ass awr net esou schlecht ... also no mengem gefill
Jo ech probeiren awer
dr_kim_veis 17.09.2010 - 18:18
keng ahnung, ech fannen et cool well et schon baal zu enger lithographie gett...
EDIT:...vun engem steen, haha closed_eye
gtaddei1 17.09.2010 - 18:26
ech hunn et ersaat ... al elo?
Litho... jo meiglesch mé ech mengen dat et esou an deser Natur ass Öd an essenziell
Shantideva 17.09.2010 - 21:09
Se ass e bëssi besser... awer... Eyecandy am SW... Gennaro... du bass net gutt drop am Moment. Se ass net subtil... Haart wéi Steen! Et verléiert een sech an den Detailer...
gtaddei1 18.09.2010 - 01:54
Jo net all ze gudd... Ech hun do neischt anersters geme t ewei vun enger hdr e sw ze maachen. Do Ass. Detail ech war 5 km vum bierg ewesch an d loft Ass. Esou proper vum rene den dag virdrunn dass en alle s op de capteur kritt. Mol nett geschaerft ginn. Et war ganz vill hell an do waren e puer schied stellen dei de relief ausmaachen . Et ass jo kloer dass ech dei miss t op extrapaper drecken ... En fin de compre dest Ass. Neischt anersters ewei eng doku.
Eyecandy ? Virwat? Hun wirklech net vill drunn gemeet... Nemmen kontraster gestaerkt.
Shantideva 18.09.2010 - 06:52
Ah OK, ech zéien dat zereck. Esou, um Bildschirm ass den flotten Wee ennen bal verluer gangen duerch déi vill Detailer. Et war net den beschte Moment. smile ...an... Ech hat keen Refresh gemeet, sou ass se wirklech besser an gefällt mir gutt...
gtaddei1 18.09.2010 - 09:11
Zereckhuelen viwaat? Et Ass. Schon richtesch ..
JohnJ 17.09.2010 - 18:16
Flott
gtaddei1 17.09.2010 - 18:27
Ass elo besser oder virdrunn ?
JohnJ 18.09.2010 - 06:36
Elo firdrun wuar et e bessi fill closed_eye
gtaddei1 18.09.2010 - 09:07
Merci
Schluck 17.09.2010 - 19:20
Flott an der Deift ... ët gëtt en förmlech an d'Bild gesaugt ... och d'Texturen gefallen mer gudd!
gtaddei1 18.09.2010 - 01:46
Merci FIR dech och
ZerberuZ 17.09.2010 - 19:46
schein schein schein .. gudd bild ...
gtaddei1 18.09.2010 - 01:46
Merci
Nicon07 17.09.2010 - 20:10
Super! An dat ass net an de Rocky Montains, mais an Europa.... smile

Ech muss och eemol dohinner!


gtaddei1 18.09.2010 - 01:46
Merci ... Dann waeret jo gudd wann ech och sinn
Nicon07 18.09.2010 - 08:51
Ma da soen ech dir da Bescheed, sollte mir wirkléch eng Kéier an déi Géigend fueren. Merci fir d'Offer! smile
gtaddei1 18.09.2010 - 09:07
smile
Jeanny 18.09.2010 - 06:50
wat eng flott Foto Gennaro
gtaddei1 18.09.2010 - 09:26
Merci villmols jeanny
suraki 18.09.2010 - 16:44
no laangem kucken a liesen, kann ech mech nach ëmmer net dermadder ufrënnen.
ech vermessen hei dat "douct" obschonns et bestëmmt eng haart Landschaft do uewen ass. Déi flott an harmonesch Biergketten an der Mëtt, mat den haarden Fielsen am Hannergrond giffen dem Bild genuch Kontrast ginn. Vir vermessen ech eppes douce Groes.
ass awer elo nëmmen meng perséinlech Impressioun smile
gtaddei1 18.09.2010 - 16:58
Do verstinn ech villeicht net esou richtesch wat dir wellt .
Hmmm ... eppes groes an douces ... mol kucken op ech daat eraus kreien ... mé dann ass et awer dann schon e bessi mei eye-candy well et net esou richtesch existeiert
Shantideva 18.09.2010 - 17:10
Et kennt villäicht duerch den HDR? Ech hun grad gesin "Av BKT /-1 EV 5 shots". Dat hieft dir jo och all Detail nach méi eraus. Kann et dat sinn?
gtaddei1 18.09.2010 - 19:08
Mmhhh ech verschaffen dess frech ... Mei douce .

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 594 Gäscht online