Fannen och dass se gudd gelongen ass, an mech géif et interesséieren wéi een eng Persoun e puer mol op eng Foto kritt. Hun esou montagen schon oft gesinn,mee wees net richteg wéi se gemach gin.Hun et och nach nie probéiert. Gesäit awer mol no Arbecht aus.
Jo ass schon e bessen Aarbescht ...
Hei mol eng Kurzfassung vleicht maachen ech jo nach en howto mat Biller iwwert daat Thema Mol kucken wei ech Zait fannen ...
Als 1 brauchst du eng relativ schnell Kamera. Hun an den Batteriegreff vun menger 8 AA Batterien gemaach, well se dann 8B/s statt 6 mecht .)
Dann am beschten Beliichtungszait Blend an Focus manuell astellen, an dann e puer Serien maachen ...
Hun der etwa 20 gemaach mat 12-15 Fotoen 2-3 waren ze gebrauchen ...
Dei Fotoen am Photoshop als Panorama lueden, dann leet en se riicht niewendeneen ... d'Masken vun den verschiddenen Ebenen einfach erem löschen.
An dann mat schnellauswahl lasso zauberstaab etc d'Athletin op all bild auswielen an eng Mask op dei Auswahl defineieren ...
Denn Hannergrond hun ech vum 1. an 5. Bild gehaalen vun deen 3 an der Mett ass just d'Sprengerin an sai Scheid (falls vorhanden) do. Daat mam Hannergrond musst de kucken wie et passt ... et ass besser wann deen zimlech statesch ass op alle Fotoen ...
Merci vir dee klengen Tutorial. Et ass zwar nach net 100% Kloer, zumol waat Masken betrefft, an daat mat deem Panorama. Mee ech kann elo och net verlangen dass du daat hei schnell an e puer Sätz ausféierlech erkläre solls. Mee elo wees ech awer mol a wéi eng richtung dass et geet. Also wéi een (Sport)Fotoen mecht, daat ass net de Probleem, (kurz Beliichtung,...) mee méi Verarbechtung. Wann eemol een sech erbaamt vir en klengen Tutorial mat Biller asw ze schreiwen, daat wär bestemmt hellefräich.