mir gefällt deng Serie ganz gutt
bon, niveau Polychromie fällt déi 1. zwar aus der Reih, mee daat kéinst awer du bestëmmt nach änneren , nee? (villäicht an esou bloen Téin wéi déi lescht? dann hues du vir an hannen een bloen Element an denger Serie)
mee egal, ass awer gutt, faarwlech, an och soss, fannen ech dass se ganz flott gin sin
jo dat stemmt... mee dat leit dorun dass ech dei 1. aus der serie direkt beschafft hat nodems ech foto gemach hun... an dat annert reicht firun kuerzem...do leien awer bal 7 meint dozweschen
Eng flott Serie, interessant Aarbescht mat den Fuerwen. Just d'Waasserzeechen lenkt mech of well et bei verschiddenen Fotoen anescht war an d'Schrëft e bëssen ze vill Amateur/ComicSans ass.
majo mat dem wasserzeeschn hun ech lo schon e puermol gesot kritt, an ech sin am gangen ze kucken wat ech do soll machen... mee wees net esou richteg wat do gutt wär.... :/
Dei gesinn jo su richteg gäil psychadelic aus! Hei steiere mech d'halo's vun der 3 net wirklech passt einfach bei dei rechtlech iwwerdreite faarwen.
Gefällt mer!