un sech ass deng 2. photo guer net schlecht. ech hun juste d'gefill dass du se an der postproduktioun en bessen ofgewaert hues. du hues d'saturatioun dermossen an d'luucht gesaat dass deng roud téin op verschidden plaazen carrément ausfriessen. doduerch verléirt deng photo un détailer déi desem motiv secherlech fehlen.
probéir éischter iwert eng faarwcorrektur (color balance am ps z.b.) deng faarwen unzepassen wéi einfach nemmen voll d'saturatioun eropzedreiwen ...
Salut Tom ... du iers dech, un der Photo ass guer neicht geännert gin, dei ass genau esou wei se geschoss gin ass ... ech verschaffen meng Photoën sou gutt wei iwwer haapt nët, allerhöechstens Noise reudction an nogeschaerft.
Dei rout Platzen sinn Flecken um Objektiv ... Ech schecken der gaeren een Screenshot aus dem Lightroom oder dei original RAW fichierën. Deng Kritik as iwweregëns welkomm ... ech hun leiwer dass een seng Eierlech Mehnung seet.
Eben Tom ... ech hun gaeren konstruktiver Kritik wëll ët well een jo schliesslech beileierën an genau dofir fannen ech den Photogen och soui genial. Wann ech wëll aussoën hun ewei "Flott", "Sauschein", oder "Genial" dann posten ech se op den Facebook.
Merci Nathalie, jo d'Camargue ass wierklech schein ... dat enzegt waat mech gestaiert huet ass dass een nët iwwerall konnt hin ... an ob villen Platzen nët mam Hond erankomm ass.
Zur Photo .. wat ech shued fannen ass dass ech den Moment wei den Flamingo voll an der Mëtt vum der Sonn woar verpass hun well ech do d'Kamera gedreint hun.