Flott Foto, mais eppes steiert mech... Steet deen Poteau hannen esou schief? Oder ass d'Foto am ganzen e bessi kromm gerooden? Kann natiirlech och gewollt sin? Dei5. ass fir mech dei bescht
Entweder hues te Fotoen all no irgendengem Style verschafft mee mir fehlt et hei ausser bei der eischter un knackeger Schärft.
An Schärftenzone ass vill ze grouß, entweder also Blend mei ob, an falls daat net geet mei Brennwait an mei no erun....
An bei deem Tuurm am Hannergrond muß ech grinsen , esou à la "aaaaahhh deen fällt elo grad em"
ech fannen se och zumols am gesiicht ze deichter, mat engem reflekter oder bletz wier daat wahrscheinlech besser gin !
ofdonkelen kanns de duerno nach ememr wanns de se mei "düster" welss wierken loossen !
ech géif mech do den Kommentaren uschléissen, insgesamt (ausser déi 1.) ze donkel an nët schaarf genuch.
D'Iddi ass insgesamt gudd. Ech fannen:
1. léiw Foto, flott gemaach mat farweg an S/W
2. den Poteau hënnert an t'ass nët genuch Liicht am Gesiicht
3. cadrage ok, fehlt un contrast an ass ze daischter
4. ass baal gudd, den Poteau hënnert an ët misst een méi vum Gesiicht vum Meedchen gesin
5. hei fannen ech ass den cadrage nët gudd, d'Meedchen ass zevill an der Mëtt, den rapport Joffer an onscharfen Deel ënnen ass baal 50/50 an doduerch wierkt d'Frëndin kleng, an: den Poteau ënnen lénks bei dëser kéins de probéieren fir lenks 1/5 wegzeschneiden am uewen 1/4 vun der Foto Resultat besser?
an mol nächsten Kéier mat Blëtz probéieren, jo... huet een jo nët ëmmer en Reflektor dobäi ;-)
also: affaire à suivre?
Merci fir dei vill Kritik, huelen mer dei och zu haerzen.
hun och lo gesin wou ech op engem aneren computer war, dass d'Fotoen effektiv all zimlech deichter sin, daat leit vleicht drun, dass ech se op engem Laptop beabeschten an do geseiht een dann net direkt op se lo ze hell oder ze deichter sin weinst dem Bildschirm.
Merci awa