Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

En Eck vun Natur

 
En Eck vun Natur
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.08.2010
  • Gekuckt:
    54318
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    72
  • Beliichtungszäit:
    30 sec
  • Blend:
    f13
  • Brennwäit:
    24mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    263 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    24-105 Canon f4
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Schwarze Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=47717]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto dei an Griechenland gemét ginn ass um 9 Auer owes
GarrySchroeder 02.08.2010 - 15:15
Herrlech Stemmung an Super faarwen ... Top smile
gtaddei1 02.08.2010 - 15:49
Wann d'Natur dir erlaabt keng Filteren ze gebrauchen an kén Photoshop fir eng Flott Stemmung ze knippsen Merci
m-otiv 02.08.2010 - 15:22
ganz flott Gennaro
gtaddei1 02.08.2010 - 15:48
Merci ... waer nach e bessi do bliwen mé et ass nés Zeit schaffen ze goen
gtaddei1 02.08.2010 - 15:48
Merci ... waer nach e bessi do bliwen mé et ass nés Zeit schaffen ze goen
MarcGerard 02.08.2010 - 16:22

hun am méngem liewen nach ni sou eng platz gesin. ech muss mol ufänken ze reesen an sou smile
gtaddei1 02.08.2010 - 16:48
Dat ass net weit ewesch ... Nord Griechenland bei Salonicco ...
Merci
alex 02.08.2010 - 16:26
ganz schéin Foto. Schéin och wéi d'Sonn ronderëm d'Fielsen do reflektéiert.
gtaddei1 02.08.2010 - 16:49
Merci dir och... ech hat et net schweier fir des Foto ze maachen... hunn mech missen just gudd unhaalen fir net an d'Mier ze faalen esou ewei mein Aparat
marker 02.08.2010 - 16:30
Ouni vill Erklärungen..

Exzellent..!!
gtaddei1 02.08.2010 - 16:49
Merci ... ouni vill gedéssems
Maimonides 02.08.2010 - 21:38
Genau esou.
gtaddei1 02.08.2010 - 23:04
Merci Charel ... wann én eben keng Filteren brauch.
Eh hunn vun engem Frazeischen Fotograf eng keier geliess dass hien " à la chasse de la lumière rare " wier... Fir mech ass dess Luucht rare awer fir d'Grieschen eng Nomaliteit
deSir 02.08.2010 - 17:14
Top
bj John
gtaddei1 02.08.2010 - 23:02
Top ass dei Geigend ..
faolan 02.08.2010 - 18:07
ze vill schéin! Kompliment!
gtaddei1 02.08.2010 - 23:02
zefill? Nö .. baal Normal fir d'Grieschen ... mé dei sinn stolz dat sie daat ales hunn an vergiessen hier Existenziell Staatsproblemer
Chrissie 02.08.2010 - 18:22
WOOW surprised
gtaddei1 02.08.2010 - 23:01
Jo dat hunn ech och gesoot
Jeanny 02.08.2010 - 18:43
eng wonnerbar Stemmung
geseiet super aus
gtaddei1 02.08.2010 - 23:01
Ech hunn wierklech geneisst do op dei Sonn ze kucken an dei Roud Reflexiounen matt ze kreien ... dat huet mech berouescht an Frou gemét
Jeanny 03.08.2010 - 06:37
Daat gleewen ech dir, a vill Leit gesi Schéinheet vun der Natur net.
gtaddei1 03.08.2010 - 12:40
Jo ... ewei fir D'Foto ... wann én se maachen gét muss én sech e bessi goen loossen an net zefill denken fir d'Saachen ze spieren an ze fillen... esou och mat der Natur ... et misst én sech dohinner setzen an einfach sech mat hier indentifizeiren an ech mengen daat ass dann och de Synonym vun "Geneissen"
Jeanny 03.08.2010 - 20:51
sou ass et.
hardae 02.08.2010 - 19:43
einfach Super
gtaddei1 02.08.2010 - 23:00
smile
mischii 02.08.2010 - 22:33
sin och Fan vun deene Momenter
si sin just ëmmer sou kuerz
ech genéissen
gtaddei1 02.08.2010 - 22:58
Du hues absolut recht . Dei momenter sinn extrem rare an kuerz... ech emmer nés d'Panz gerappt kritt well jidderen op mech gewart huet an daat 10 km ewesch vun daerer plaatz
mischii 02.08.2010 - 23:13
smile
mir haaten mol a Canada en Autoferry iwwer de Sankt Lawrence verpasst , well ech ze laang op Fototour war, daat war schlëmm, ech hu mech duerno nët méi gemuckst, kréien et haut awer ëmmer nach ze héiren, mee lo paaken ech schon ëmmer meng Knips ewech wa mir sollen e Schëff huelen. a 14 Deeg geet et op de Polarkrees , do dierf ech dës Kéier keng Dommheete maachensurprised
gtaddei1 02.08.2010 - 23:33
Dann vergiess net 1 Schwarze Filter an én Polfilter .. och mamm Digital sinn dess net mamm PS ze ersetzen.
De Polarkrés ... sinn deck neidesch
mischii 02.08.2010 - 23:50
e Polfilter an e staarke Grofilter sin am Gepäck, Resultater gëtt et dann Ufanks September, ech free mech an kann et kaum erwaarden
, muss lo just nach d'Gewiicht vu menger Ausrüstung kucken fir de Fliiger, well de rescht vun der Famill brauch och nach Pullover Mutz an Händschen
gtaddei1 03.08.2010 - 00:14
Daat kenn én och sur place kaafen oder am Duty free... an dann an den Handgepäck ... smile
Ech hunn den selweschten Problem mat Indien fir Dezember ... ech hun d'tendenz e bessi den Krischsyndrom ze hunn ... ech hueln gären alles matt ... mé dann hunn ech mool keng plaatz mei fir én Kalzong
gtaddei1 03.08.2010 - 12:37
Merci JC fir den Fav esou och dem Jeanny , Gaga an Chrissie
alex 09.08.2010 - 00:25
Gléckwonsch fir d'Foto vun der Woch
gtaddei1 09.08.2010 - 10:06
merci zu denen dei dess Foto als Foto vun der Woch gewielt hunn
Nicon07 09.08.2010 - 16:06
Méng Gratulatiounen! Et ass sou seelen, datt ee SU net kitscheg ass. An dat ass hei de Fall datt se NET kitscheg ass, dat mir eis elo net falsch verstin. Si ass absolut mediterran meditativ, einfach super! Bravo.
gtaddei1 09.08.2010 - 19:43
Merci villmols... Ech ginn dir recht ... De Sonnenënnergang ass effectivement 1 vun dénen méscht fotografeierten Motiver iwerhaupt... mé ech hunn rarement Fotoen gesinn dei ech geif ophängen... daat soll elo nett én mangel un Bescheidenhét sinn menger saits, mé ech hunn dess awer gesicht ... eng lang pose an én daag gesicht matt engem Minimum vun Wolleken fir den Toun .. gewart bis d'Sonn baal net mei do wier asw asw...
Also dess foto gefaellt mir och.
Merci villmols.
Nicon07 09.08.2010 - 20:51
Mangel u Bescheidenheet???? Wann dir di Foto hei net géing selwer gefaalen, dann häss du se net online gesaat. Du bass dach ganz sécher een Aesthet, dee ganz genee de Wert vu sénge Foten aschätze kann. Ech géif souguer ee Passage aus der Bibel paraphraséieren: Sou wéi een nëmmen aaner leit ka gären hu, wann ee séch selwer als Mënsch respektéiert a gären huet, sou muss ee Künstler (an dat si mir jo irgendwou alleguer hei) vu séngen eegene Wierker iwwerzeegt sin, fir datt hien och di aaner Leit iwwerzeege kann.


Wat ech hei besonnesch flott fannen, dat ass, datt trotz 30 Sekonne Beliichtungszäit d'Wellen nach Struktur hun an net wéi den Donst driwwer zu engem mëllechzéchem Bräi verschwammen.
gtaddei1 10.08.2010 - 10:52
Merci ,
D'Paraphraseierung ass super ... Mé : " mir sinn wei dei Aner ais gesinn " ... Dofir ass et wichtesch komunikativ ze sinn an der "Konscht" ... fir eben net gerad alles fir sech ze haalen. Mé ... et get én och net hei an do net verstaanen
Nicon07 11.08.2010 - 10:00
Net verstaane gin gehéiert zur Konscht derzou, soss ass et keng Konscht, .... dann ass et Konformismus... smile
gtaddei1 11.08.2010 - 10:12
Excellent aentwert. Merci
JohnJ 09.08.2010 - 16:14
Gratulatioun....
gtaddei1 09.08.2010 - 19:40
smile
deSir 09.08.2010 - 18:44
Gratulier Dir bravo
bj John
gtaddei1 09.08.2010 - 19:40
Dank vill dir
Merci
rivende 09.08.2010 - 20:12
Hut ab und Gratulation cool
gtaddei1 09.08.2010 - 21:14
Hütchen ab Simone ... smile
Danke dir
rivende 10.08.2010 - 15:05
wieso Hütchen??? Du bist schon groß in Deinen Dingen!!!! cool
gtaddei1 10.08.2010 - 16:55
Na ja ... Gross in welchen Dinger? smile
rivende 10.08.2010 - 19:37
in Fotografieren und auch sonst auch in allem cool
gtaddei1 10.08.2010 - 21:22
Upps Simone ... Ich hab im Schuh 40, ein kleines Haus und ein kleines Auto... Aber ein 2 grosse Apparaten (canon)
bigsmile
rivende 10.08.2010 - 22:31
LOL, Du bist goldig, aber das letztere stimmt wirklich...
gtaddei1 10.08.2010 - 22:41
Die sind scheusslich schwer
rivende 12.08.2010 - 20:17
aber super gut....
gtaddei1 12.08.2010 - 22:41
Na die helfen einige Fotos nicht zu vermasseln aber im Grunde ist jeden Apparat gut...
rivende 13.08.2010 - 23:37
kommt immer auf den Fotografen an, wie seine Sichtweise ist...
gtaddei1 14.08.2010 - 00:01
das auch ... das ist wahr
rivende 14.08.2010 - 00:12
da nützt der beste Apparat oder beste Ausrüstung nichts...
gtaddei1 14.08.2010 - 12:05
Genau... aber es ist wie das Geld ... es macht nicht Glücklich aber es hilft dazu (hie und da)
rivende 15.08.2010 - 21:14
...aber muß es immer sein, nach dem besseren, schönerem zu greifen....
gtaddei1 15.08.2010 - 23:16
was wäre mit schön und besser zusammen... das ist oft was die Deutschen und Italo-Luxemburger gemeinsam haben könnten.
Hals und Beinbruch für deinen neuen i20
rivende 16.08.2010 - 18:15
oh was sich alles zu rumspricht...cool
gtaddei1 16.08.2010 - 18:28
3 türen ... das genügt
rivende 17.08.2010 - 18:18
Du kennst Dich aber sehr gut aus... Hatte keine Anzeige freigeschalten.bigsmile
gtaddei1 17.08.2010 - 19:24
Aber ich habe meine Informateuren ... smile
rivende 17.08.2010 - 22:17
ich komme mir vor wie bei der Stasi....da gab es auch Informateure ganz viele von allen Seiten....LOL
gtaddei1 18.08.2010 - 01:29
Bei der luxsipo... So heisst es hier... Und haute noch
rivende 18.08.2010 - 20:31
LOL, wußte ich ja noch gar nicht.... gut zu wissen cool
NikonD80 15.08.2010 - 11:52
Gratulatioun D
gtaddei1 15.08.2010 - 12:26
merci
Bromi 06.09.2010 - 21:54
Wow love it ! smile
gtaddei1 07.09.2010 - 14:35
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 409 Gäscht online