Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nostalgie

 
Nostalgie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.07.2010
  • Gekuckt:
    23135
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/9.1
  • Brennwäit:
    14mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    849x400
  • Späicherplaz:
    445 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MK2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    Sigma 12-24
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=47206]
Kommentar vum Fotograf:
Melancolie ,,, net fir dei Zait wou dei Schlesser elei in woren , mé fir dei flott Zait wou én verbruecht huet dohinner ze fueren fir dei fotografeiren ze geoen
Shantideva 14.07.2010 - 19:41
Ha! All Mënsch waard op den Summer fir Fotoen ze maachen. Mir mussen alt op den Hierscht waarden. Mir fehlt déi Zäit och, awer dat Klima am Moment motivéiert mech net immens dozou. Ech wier fir eng kleng Englandrees... wat hälls du dovun? 2 Deeg mat enger Iwwernuechtung. Pyestock well ech gesin. closed_eye
Zur Foto: Eng super Vue vun dem Schlass wat elo (fir eis) oninteressant ginn ass well et renovéiert gëtt, an déi ech nach net vun dir kannt hat. Waars du an d'Mattekëscht wullen gedriwwen vun der Melancholie? bigsmile Ech hunn och nach e puer Fotoen déi ech mol misst beaarbechten. Gefält mir wonnerbar! Wonnerbar Symmetrie!
gtaddei1 14.07.2010 - 21:28
Jo den GBtour ass eng Super Idee ... an hei besser am Summer (well mir méi Luucht hunn) an well et manner Wahrscheinlech ass dat et den ganzen Dag richt eran Rent.
Mé ech hunn nëmmen Zäit am August oder 2 Halschecht vun September ... Dann lass...

Genau weist du sost ... aus der Mattekescht ... Ech hunn dës net direkt gemét well vill Flaren drann sinn (an nach ze gesinn sinn ) an en plus wosst ech net esou rischtech wei mech do un ze léen fir des ze verschaffen... Ech sinn nach laang net zefridden ... mé ech wés net op ech dës besser hin kréien ...
Shantideva 14.07.2010 - 21:42
Ech hun eppes!!! Kuck deng Mailer... den 24/07 oder 25/07 mam Static an den Theater... bigsmile closed_eye
Zampano 19.07.2010 - 18:17
Pyestock smile
gtaddei1 20.07.2010 - 00:40
smile
Maimonides 14.07.2010 - 20:47
"Nostalgie" ?
"nostos" = retour.
"tristesse causée par l'éloignement de son pays. // regret mélancolique du passé, d'un milieu, etc." (Petit Larousse).

"tempi passati" als alternativen Titel ?

Schéi Foto, Gennaro.
An et wär Schued wann déi al Zäiten net dokumentéiert géife gin.
gtaddei1 14.07.2010 - 21:23
Merci Charel ..
I tempi passati : --- Ech hunn am Fong keng Nostalgie vun der vergaangener Zäit mé Nostalgie virun der vergaangener Zäit wou mir enerwé waren fir dei Foto machen ze goen... also mir waren bal ëmmer zu 4 (fir dëser nëmmen zu 2)
Am kalen Wieder , duerch de Schnei, durch de Bulli ... nëmmen fir des Fotoen ... et stecht fill Arbescht dohannert mé awer och eng Riesech Freed... ewei Lausbouwen eis duerch Fënsteren ze schlängelen, an dann den Interieur ze entdecken... an bal ëmmer sinn mir mam Mond opbliwen vun Bewonnerung...
An dourno hém an kucken wei mir ais Gefiller an dénen Fotoen erem gin konnten .
JohnJ 14.07.2010 - 22:37
Einfach nemmen wonnerbar, cadrage ass top, bea ass top. Ech keint lo nach mei schreiwen ech soen der daat awer leiwer ann gesiicht closed_eye
gtaddei1 14.07.2010 - 23:32
Weini dann ?
JohnJ 15.07.2010 - 08:41
gees du dann mat eis iessen den Owend mam JC
gtaddei1 15.07.2010 - 12:07
den owend keng Zait awer muer keinten mir awer eppes ausmachen ... sin dann ouni Famill mei!
JohnJ 15.07.2010 - 12:39
Ahh merde muar geet leider net fir mech
gtaddei1 15.07.2010 - 13:37
Dan naechst Woch
JohnJ 15.07.2010 - 16:19
jop
gloda 14.07.2010 - 23:03
Déi ass gutt ginn. Dat breet Format gefält mer.
gtaddei1 14.07.2010 - 23:32
Merci villmols...
D'Brétformat ass esou well soss ze vill Buedem am Firgrond
Schued dass de JC keng mei hei weist ...
mischii 14.07.2010 - 23:04
Sou Bauten sin ëmmer irgenwéi geheimnisvoll, et stellet een sech Froen an d'Äntwert kann een nëmmen erahnen
flotten cadrage mat der Traap an der Mëtt an deene villen Diren, e Labyrinth wou een nët wees wou een hikennt
gtaddei1 14.07.2010 - 23:30
Merci Michèle ... effectivement ... d'aentwert ...
Mé en générale stellen mir ais keng Froen ... mir kucken an loossen ais vum Gefill guideiren ... et ass dann den Subjektiven dén vun der Atmosphäre dirigeiert get... ZU 4 Leit an jidderen hellt eppes anersters mat hém
Jeanny 15.07.2010 - 06:27
ka mir dei och bewunnt virstellen Gennaro " Eton Place" "Vom Winde verweht" Kinosmile
eng wonnerbar Foto an herrlech verschafft
gtaddei1 15.07.2010 - 12:08
Bewunnt... ? Jo dann geif ké Stëtongueps mei do sinn ... mé et wärd awer bestemmt nés an e puer Meint nés esou weit sinn dat et bewunnt get well et ass elo an der Renovatioun ... also neischt mei fir ais smile
Jeanny 15.07.2010 - 17:25
ei, do huet e vill Geld smile, bestemmt kee Privaten
Nathalie 15.07.2010 - 10:38
Immens flott Foto, gefällt ma gud smile
gtaddei1 15.07.2010 - 12:07
Merci Nathalie... et ass leiw vun dir
Nathalie 15.07.2010 - 12:14
Ass neicht smile , emmer geren smile
rom 16.07.2010 - 13:39
Symmetrie... wéi gemolt
gtaddei1 16.07.2010 - 18:47
Merci villmols...
Ech hat net vill Merite mé dei Architekten ... oder Baumeeschteren aus der Zait ... Wat eng Aarbecht an Schweesspärelen
Keup 17.07.2010 - 10:52
Wow dei gefaellt mer mega gudd.
gtaddei1 17.07.2010 - 21:05
Merci ... deng Architektur (Rolltraap ass och guer mé awer dann och guer net schlecht ginn ...
Keup 18.07.2010 - 04:31
closed_eye
Zampano 19.07.2010 - 18:18
schöne Sicht aus dem Schloss, so hatte ich es noch nicht gesehen...
gtaddei1 20.07.2010 - 00:40
Gibt es vom Bousure .. er hat das Bild den Tag vorher gemacht
Schluck 20.07.2010 - 22:17
Ech hat dei heiten Photo geduecht an dei vum JC; dat do ass jo dei sëlwecht Trapp den hien vun uewen huet, oder ieren ech mech do ?
gtaddei1 20.07.2010 - 22:29
Ne do bass du total rischtech
Schluck 20.07.2010 - 22:49
Gesais de hun dat dach direkt erkannt .... ech fannen dei Art a Weis wei's de an denge Biller dei Scheinheet vun den Reim, Trappen asw. oplierween leis immens
gtaddei1 20.07.2010 - 22:57
Merci ... awer ëmmer mat Italieneschen Fuerwen
Schluck 20.07.2010 - 23:16
Geif do gaer emol eng keier eng onbearbecht vun dem Haus gesin ...
gtaddei1 21.07.2010 - 00:19
Oh la misst dei eremm fanne , dan lueden ech dei muer op (awer nemmen ganz kuerz
Schluck 21.07.2010 - 11:39
.
Schluck 21.07.2010 - 11:39
Dat wier cool, geif mech interesseieren ze gesinn vivill Nobearbechtungarbecht do dran stëcht an wei dei "normal" Photo wierkt.
gtaddei1 21.07.2010 - 11:48
Oh do stecht eng bestemmten aarbecht dohannert awer ouni ze denatureieren
renzo79 28.10.2010 - 12:51
Schein Opnahm, wei gemoolt! Respekt!
gtaddei1 28.10.2010 - 14:41
Merci och hai, dess ass een defis mamm computer gewiecht.
renzo79 28.10.2010 - 15:32
HDR ?
gtaddei1 29.10.2010 - 05:16
A wei! Foll HDR ... ouni dat get des glat guer niescht
renzo79 29.10.2010 - 07:32
Hehe, jo haat schon geduecht, op jidde Fall schein gelongen, kann mer gudd fierstellen dass den computer geschafft huet! smile
gtaddei1 29.10.2010 - 12:15
Genau ... Me ech och... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 636 Gäscht online