ech hun endlech erem eng S5 :)
an hun en neit objektiv ... dat woare mer lo mol gudd testen :)
déi lescht as nach am natiirlechsten. déi aner zwou hun ech relativ hefteg gefiltert. wat mengt der?
den Zwee gefällt mer richteg gutt, den dräi huet mer awer ze vill Blostach an den zwee geht nach esou just. As awer och vläicht gewollt ?
Et as én awer un déi warem Faarwen vun de méi aale, an anere Fotoe vun Der gewinnt. D'Objektiv, mengen do si Nikon drop oder ? , as et awer bestemmt net
den Zwee gefällt mer richteg gutt, den dräi huet mer awer ze vill Blostach an den eent geht nach esou just .... sollt et sin, an och just ob de Stach bezunn
Just d'Aan bei der 1 an 2 ze vill opgehällt (dat wäisst ass onnatierlech ze waiss)...Hoer fannen ech extreem gutt saturéiert och matt deene roude refléen/flaren...Hannergronds onschärft an iwwerbeliichtung gefallen mir ganz gutt
Bei deenen 2 éischten ass d'Complémentaritéit vun deem Bloen vun den Aen a vun de Blummen net ze iwwersinn. Bei där 3. awer gesi mir keng Aen, mais duerfir huet däi Model Blummen am Grapp.
Am beschte gefält mir di 3., wéinst där idyllescher Atmosphär déi onrealistesch / gedreemt wierkt. Dee Blostach op deem bal "Nu" stéiert mech net.
Super interessant a schéin Serie, Marc.