Fannen d'idee ganz flott also mam schied an sou mee mier gefaellt dem K-mel seng "ose" hei net wirklech gudd.Gesiet sou zesummengedreckt aus...fannen se dofier net sou gudd.
Problem bei der Saach, wéi soll e poséieren fir dat et vun uewen net zesummegedréckt äusgesäit an de Bletz e Schiet soll geheien?!? Hällt en sech platt vis-a-vis zu mär, kann de Bletz vu riets e Schéine Schiet op d'Mauer geheien, mee hien ass awa da net gudd.
Hällt en sech dat ech e schéin op d'Bild kréien, dann ass an där aanerer perspektiv (déi vum Bletz eben) alles zesummegedréckt, de schiet get logescherweis dann och platt (okok, schieter sin emmer platt...) un d'Mauer geworf, also just gedruddels.
Hätt en sech an engem wénkel vun 45° gehaal, géigeniwwer vu mär a vum Bletz zesummen, wär et enner Emstänn fläit besser gin, mee da kennt nach de Problem op en sech sou gehaal kritt
Nujee... waat soll ee maan
Am Schied mengt een den Kapp wier uewen an hätt eng Kaap un Ass cool, well een mengt et wieren 2 verschidden Posen. Bildopbau gefällt mer och, ween ass na net op Idee komm do eng Foto ze maan? Mee se sou emzesetzen, flott flott
Hehe, taatsaach mee da misst den aarm zwar schon op enger komescher plaatz gewuess sin Jo, daat ass di eenzeg plaatz am gebei wou net alles räschtwénkleg ass, wann ech mech net iiren Merci
Hehe @ Aarm
Mee och wann een se richteg kuckt, also dass den Kapp ennen ass, kennt et engem vir wei 2 Fotoen well beim Schied deen een Arm ze gesin ass, deen beim richtegen verstoppt ass. Fannen et och cool wei en laanscht Been kuckt. Wéi oft hudd der déi Opnahm gema?
Ma wéi oft...hmm, käng ahnung, ech soot emmer: ok, lo déi läschten, dann ass et gudd also genee wees ech lo och net, mängen sou 10 mol, mee am ufank nach aanescht poséiert... no bessen iwwerleen sin ech zum entschloss komm dat et mat där pose eventuell kéint klappen (erklärung steet bei der äntwert déi ech dem Marc gin hun) daat do wuar obschiddefall déi läschten déi ech vun do uewen roof gemaat hun...
Eng ganz gudd Foto. Mir gefällt dat sougenanntent Spill mat den Schieter. Dem K-mel seng Pose ass och ganz flott, mais huet heen sech dann net alles verdreint bei der Pose? Ass do riets am Bild een Spott oder eng Fenster gewiescht?
Also mir gefällt se ganz gudd
wann een 't platz net kennt, dann ass et schwéier ze erkennen! ech hun och esou lang gebraucht! hun zwar direkt gesin wou et ass, mee fir dann nach ze erkenne ween uewen ass, a wen ennen ass a ween do wat meet :-P
et huet am ufank ausgesin wéi wann hee vun uewen iwwert dat lach spréngt