Ech fannen et as zevill drop. Konzentréier dech op een Aspekt deen d'Atmosphär erëmget. Ech géif soen huel ënnen 100px ewech, lénks 200, riets 100. Dann kënnt dat wat am Café geschitt méi zur Geltung ouni dass de dAmbiance vun der Luucht baussen verléiers.
Da verléieren ech zua dat e bessen verruchtent Ronderem, di Fuarw di oofbréckelt an den Spigeleffekt vum Dag vum Auto ... mee 'on the other hand' lenkt genee dat vum Wesentlechen oof ... jo, ech kucken mer dat emol gecropt un.
Thanks gloda ... I appreciate
Dem gloda seng Propositiounen si schon derwert probeiert ze gin.
Awer, Muz, ech hun deng Foto lo xmol gekuckt mais ech perseinlich haett se net aanischt kadreiert. Do sin esouvill flott a pitoresk Detailer drop dass ee, menger Meenung no, den Duerchernee soll mat a Kaaf huelen. Den Duercherneen geheiert hei hin, och wann d Lisibiliteit vun denger Foto doduerch eventuell gesteiert geif gin.
Mir gefaellt se (elo schonn) super.
Maja, ech hu mer se elo mol - nom gloda sengen 100 ënnen, 200 lénks an 100 riets gecropt ugekuckt an effektiv den Szenario am Café gewënnt ongemeng ... mee ech tendéieren awer zu menger vläicht iwerluedener Versioun, well dem den richteg kuckt hei e Film am Film opgeet ... wann der wësst wat ech lo mengen ... mmmh, bon ech verstin mech (an dat geléngt mer och net ëmmer)
REGARDS
MUZ
ech gin der rescht an en plus fannen ech et bei sou fotoen emmer gudd fier d'beliichtung 1-2 stops eroofzesetzen well soss d'kamera probeiert alles op 50% gro ze beliichten an dann dei ganz ambiance eraushellt...nuets muss een e bessen schwaarz hun oder?
Absolut ... och wann et net ëmmer geet oder besser een net genuch technecht Wëssen huet fir alles esou erauszehuelen (oder ze verstoppen) wéi een sech dat virgestallt huet ... mee hei sin ech awer lo mol eng Kéier - zefridden
REGARDS
MUZ