Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Andy

 
Andy
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.06.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2010
  • Gekuckt:
    53150
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/640
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    50 (x1.5) mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    keen
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    569x800
  • Späicherplaz:
    257 KB
  • Originaldatum:
    2.6.2010
  • Fotoapparat:
    D300s
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    50mm f1.4D
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46456]
Kommentar vum Fotograf:
Um Gala Tour de Luxembourg bei der Modeshow vum ASport geknippst... D'approche ass moleresch, inspireiert vun kino's affichen...also wann den Andy muer e film géif dreienen, kann hien d'bild gäer kreien (awer fir ganz vill geld)
deBaemm 19.06.2010 - 12:22
flotte close-up (huet een net all daag d geleegenheet dofiir closed_eye ), mee d' bea ass mir way too much
arwa 19.06.2010 - 12:32
kènt vleicht vun ätonguepes aanescht closed_eye
donpoli 19.06.2010 - 14:30
Ech fannen grad dass d'Bearbechtung gudd gewielt as. Wi de Gloda och fannen ech dass daat doten eng richteg gudd Karikatur géif ofgin smile (Huet deen wierklech esou en krommt Gesiit oder as daat vir den CW-Wert ze drécken?)
m-otiv 19.06.2010 - 15:56
@ Ben : hun se elo ennert digital art klasséiert...deen molereschen effekt ass jo schon gewollt, soss hätt ech d'Foto jo sou wie se war eropgelueden..
an wéi ech dem Gloda soot, deen ass net verzerrt gin (villaicht maachen ech daat jo)...merci donpoli smile
deBaemm 19.06.2010 - 20:38
also waat main bleckugezunn huet waren d'aan, d'aan (vun der Bea hiir super) mee wanns de sees digi art da ging ech effektiv suguer um recht nach eng nummer mi radikal dru goen an effektiv an deenen markante gesiichtspartien e bessen mam burntool schaffen, evtl. e klenge filter driwwer, mee och daat alles si perseinlech meenungen, trotzdem nach emmer e flotte close-up closed_eye
m-otiv 19.06.2010 - 21:08
Ben, ech muss dir d'vorher weisen ... Wann ech nach mei burnen da brennt en
Shantideva 19.06.2010 - 22:05
Am Portrait ass daat net sou gudd... also, déi ganz tonemapping Tools... ausser du wells am Mainstream verbleiwen... (decken Kuss op d'Stier) smile)))) ...Fineart...
m-otiv 20.06.2010 - 00:11
???
Shantideva 20.06.2010 - 07:36
Sorry, ech hunn elo eréischt gesinn dass du se ënnert Digital-Art agestuuft hues... also huelen ech dat zeréck. Wou ech den Link vum John kucken war hunn ech endlech verstanen wat's du wëlles hues. Sou Saachen gesäit een jo ganz vill bei Deviantart. Do gierf dann bestëmmt nach eng flott Textur als Hannergrond gutt kommen an deng Absicht besser betounen. Am Moment bass du jo sou zwëschen deenen zwee Extremer (klasseschen Portrait an Digital-Art).
deBaemm 19.06.2010 - 22:11
nexte meeting weis de mer dann closed_eye wann meng camera da schon aus der reperatur ass...
deBaemm 19.06.2010 - 17:03
Armand so dach naicht souclosed_eye
m-otiv 19.06.2010 - 17:40
Jo fannen och...den personnage an waat hien an sengem privat liewen mecht oder och net mecht hun naischt matt der foto ze din...
gloda 19.06.2010 - 12:41
Gesäit e bëssen wéi eng Karikatur aus.
m-otiv 19.06.2010 - 15:53
du hues net ganz onrecht. Markant Attributer vum Gesicht goufen betount also ass et schon eng Karikatur... verzerrt hunn ech awer näischt
mischii 19.06.2010 - 22:55
Portraiten ass nu wierklech deen Domän, wou ech absolute Laien sin. Ech hun ëmmer gär natiirlech, wann et awer karikaturistesch gemengt ass fannen ech dëst Bild nët schlecht an och nët iwwerdriwwen.
D'Aan gefaale mir och immens gudd, de Magnéit vum Bild
m-otiv 20.06.2010 - 01:03
Et ass jo keng richteg karikatuer (keng verzerrung)... Eischter moleresch...teschnick ass vun kinos affichen inspireiert (kuck dei emol richteg closed_eye
mischii 20.06.2010 - 01:35
ups jo , hu jo nët vu Verzerrung geschwaat,
ok Karrikatur, ass Vezerrung,also keng richteg Karrikatur,
ech mengen ech hun et richteg verstaan smile an appréciéeren
JohnJ 19.06.2010 - 23:01
Mengen daat ass eppes fier dech ;o)

http://www.brownzart.at/index.php
m-otiv 20.06.2010 - 00:04
Jo et ass ongefeier an där richtung wou ech am moment evolueieren...
Naturknipser 20.06.2010 - 18:24
AUA....
m-otiv 20.06.2010 - 18:45
?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 280 Gäscht online