Impressionant ass deng Foto well een ereknnt wei eng Kraaft en Äerdbiewen huet a wei verwonndbar de Mënsch ass. Eng super dokumentarech Foto an d' Austellung ginn ech mer och ukucken.
Jo ... merci ... mé et ass nie esou d'impressioun wann et nett em dein Dourf an Staat gét wou én lang geliewt huet. Ech hunn do 15 Joer lang geliewt... dat aller schlemmst ass dat dei Leit do keng repèren mei hunn
Charel... Merci... D'Scheinhét vun déi Regioun ass, leider, bekannt ginn mat dëser Katastrof.
Ech sinn nees mat enger Foto drop komm well én langzeiteschen Frënn gestuerwen ass un den Konsequenzen vum Léd.
Et sinn "nëmmen" 330 Lait den 6 Abrëll 2009 gestuerwen , mé dausenden dourno... net un Physesch Blessen mä un Psycheschen.
Wat ech erliewen , elo, wann ech dohinner fueren ass eben dass ech d'Gefill hätt dat mir alles ewech geholl ginn haaptsächlech meng Jugend ... do wou ech geleiert hunn liewen , wou ech fir mäin Beruff studéiert hunn , do wou ech esou vill fantastesch mënschlech Erliefnesser gehat hunn... an elo... ass alles duerch an aner ... Et ass komesch wei dee Mangel un Repèren schrecklech ass ...
An en plus ech kënn mengem 10 Järeschen Klengen d'Scheinhét net weisen ...
jo Gennaro, de ganze Misère vun de Leit, gëtt hei immens gutt duerch eng hängent Jackett duergestallt ... wär déi net do giff een d'Bild bal net beuechten