Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Drive Safe !

 
Drive Safe !
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.03.2006
  • Gekuckt:
    16291
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    1/40
  • Blend:
    f/14
  • Brennwäit:
    92 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x607
  • Späicherplaz:
    160 KB
  • Originaldatum:
    2006:03:19 12:31:30
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Abstrakt  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=4624]
Kommentar vum Fotograf:
ohne Worte...
dendan 19.03.2006 - 23:37
Gut Idee, flott emgesaat... de Kontrast zwechen scharf an onscharf as ideal fier de Message eriwerzebrengen! Wat mech stéiert as dee Piquet vum Perchendroot hannendrun!Ech wees dass du deen net dohigestallt hues=;o) mee ech hätt e villäicht ewechretouchéiert! Mee fier de Recht tip top!
Vlad 20.03.2006 - 09:18
Dat do ass B257 teschent Echternach an Bitburg??
Photo ass gemach gin geint 12auer 30.
Sin nämlech do lanscht gefuer wous du amgang wärs dei photo ze maachen.
kola 20.03.2006 - 11:00
Deng Idee fannen ech ganz gudd, an du hues se och gudd ëmgesat, well ech mengen den Message kënnt eriwer. War dat Zoufall dass grad den 'schwarzen' Auto komm ass, oder hues du extra gewaart, well ech fannen den verstärkt den Message nach. Dat enzegt wat mech och direkt e bëschen gestéiert huet wéi ech d'Foto gesinn hun ass den Poteau an der Wiss.
Focus 20.03.2006 - 11:19
Effektief hun ech op en schwarzen Auto gewat, Kola. Den Poto huet mech och gestéiert, mä wäll déi hei méi vir mech en Test as hun ech mer t'Méi net gemaach vir en wegzehuelen. Déi richteg Versioun kënnt nach.
dawnii 20.03.2006 - 13:21
Daat Bild as bessi een Déjà-Vu fir mech, mee kann der awer net soen wouhier.

D'Iddi as ganz flott, an daat wier definitiv mei flott op engem Securité Routière Panneau wei deen bescheuerten wäissen Text op roudem Hannergronn "Gardez vos distan" well deen huet fir mech op allefall jo mol rem eng Keier guer keen Message. Genausou wei deemols daat bluddegt Kand mat futtissem Gesiit.. Den Message hun ech net verstan, ganz eierlech net, daat war just ruppeg sou eppes auszehänken. An gehollef huet daat secher nix. Wann ech Elteren mat Kanner duerch d'Geigend fueren gesinn, dann kreien ech Ausschlag wei onverantwortlech dei sech oft behuelen. Do geet et vum den Rimm net un doen bis am Auto laafen iwer kleng Kanner op dem Bäifuerersetz (all 2-Setzer an Kamionnett sin lo mol entschellegt). Wann den Airbag dem 1m20 groussen Kand um Bäifuerersetz d'Geneckgebrach huet well et ennert deem vill ze heichen Rimm erausgerutscht as, dann denkt een vläit aanescht.. Paardon.. lo maan ech d'Klammer zou.

An ech wollt nach just eppes froen : den Fotoen sin emmer sou crisp, an dei hell partien sin fir mech emmer bessi iwerbeliicht. Daat as mir net nemmen bei deser Foto opgefall mee schon bei villen.
redrum 20.03.2006 - 14:59
Zu der Foto: Idee ass ganz gudd, Cadrage keint ech mer awer besser virstellen. z.B. wanns de d'Foto besse mei no riets hin gemaach häss, soen mer sou 20-30° no riets. 1. wier dann den Auto wahrscheinlech ganz dropp an 2. méi vun der Strooss. Potto am Hannergrond stéiert effektiv, mee wann jo nach eng aner Versioun nokennt ass daat kee Prob.

Zum dawnii: dass vill Leit kriminell Auto fueren, ass gewousst an doriwer brauch een och net ze diskutéiren. Dass Sécurité Routière Plakater näischt bréngen oder keen Message hun, domadder sin ech allerdings net averstan. En klengt Kand, waat no engem Accident mat 30 km/h en bluddegt Gesiicht huet well et keng Ceinture un haat, ass ganz effektiv op sou engem Plakat. Vläit net bei dir (waat jo och däin Recht ass, an well daat och net kritiséiren), mee bei villen Elteren. Ech zumindest kennen genuch Leit, déi fonnt hun dass grad daat Makabert d'Leit oofschreckt!
Bon hiert neit Plakat mat "Gardez vos distan" fannen ech perséinlech lo och net sou gudd, mee et huet trotz allem en Message...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 550 Gäscht online