Wéi dann, du kanns Sonnenennergäng maachen?
Nee mee den Himmel ass wierklech schéin, do gin ech der Rescht ... mee d'Foto ass e bessen ze eidel, eng schéin Silhouette feelt
Mir gefellt dei zwar ganz gudd. Mat enger Silhouette, gif ech soen, gif een vum eigentlechen Sonnenennergaang ofgelenkt gin. Ech fannen et gamz gudd dass te den Himmel am meschten am Bild gelos hues. Well den Besch ennen jo souwiesou schwarz ass. Mais op d'Foto eidel ass dat ass eigentlech esou eng affaire de goût mir gefällt se esou ewer schon.
wanns de dat doten op 't kopp dréis, da kanns de se als eng foto aus der fenster vun engem fliiger verkafen. just nach den horizont ewegschneiden...
bon! wéi gesot! deen himmel ass flott, mee sou reng kenschtlerech keng immens leeschtung. an ausser wéi 't minaa sot mat enger silhouette eppes ze man huet een hei einfach net vill méiglechkeeten. mee esou himmelen muss een onbedéngt halen. z.b. fir spéider wanns de mol ee montage mat engem flotten himmel oder sou eppes mess!