Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Southlands Beach

 
Southlands Beach
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (06.06.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.06.2010
  • Gekuckt:
    43965
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    164 KB
  • Originaldatum:
    2010:04:21
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 17-35 2.8L USM
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45989]
Kommentar vum Fotograf:
http://gloda.net/20100528-southlands-beach
Eng immens flott Plage op déi mer e puer mol gangen sin well se mer esou gefall huet. Méi Fotoen vun der Plage fannt der um Link uewendriwwer.
Den Dag virdrun wollt ech eng Foto maachen vun engem Fiels aus deen am Waasser war. Natierlech sin ech ausgerutscht an mat den Kleeder an d'Mier gefall. Glécklecherweis hun ech d'Reflexer fir Fotomaterial ze schützen...dat heescht ee Moment laang huet ee vu mir just nach een an d'Luucht gestrecktenen Aarm mam Trépied am Grapp iwwert dem Waasser gesin :)
Alko 03.06.2010 - 17:59
Also dain Kierperleschen asatz huet sech absolut gelount! Fannen dei dooten genial, den Obbau ass genau richteg gewielt and farwen kommen herrlesch eriwer! Froen mech just, ob se net ganz liicht no lenks kippt an wann ech extrem pingeleg duerf gin, geidd ech hannen um horizont daat butzegt steck fiels stempelen! Top Foto!!!
gloda 06.06.2010 - 23:06
Merci! Ech hunn déi Saachen an d'Rei gemaach.
jperm 03.06.2010 - 18:01
deng faarwen gefaalen mer ganz gudd bis op daat knallt orange am hannergrond mee soss fannen ech d foto supersmile
gloda 06.06.2010 - 23:06
Ech hunn d'Orange an der neier Versioun e bëssen entschäerft.
JADE 03.06.2010 - 18:39
Daat muss zwar wierklech eng super Géigend sin .........

main Aan ass elo well schon esou stark un dem Spako seng Perspektiven gewinnt an un seng PP, dass ech schon baal fannen, dass hei eppes fehlt ...
ech fannen daat awer net normal, dass ech esou iwerléen an denken unhappy, well un sech ass et ganz schéin Foto


LOLL ... du kanns dir Kapp an Been briechen, respektiv kanns du ennergoen ... mee d'Maschinn ass intakt ...
an ech wetten du hues och direkt no der Maschinn gekuckt op alles dreschen wier, mee net no dir, ops du dann Schréipsen haess ... esou soll et sin!
ech haat eng Kéier deen Reflex net, an dofir --> RIP meng aal Nikon

EDIT:
oh ben, do sin awer nach e puer aaner och flotter op dengem site!
gloda 06.06.2010 - 23:08
Et ass och u sech e klengen Tribut un d'Spako smile
An jo et ass och net fir d'éischt dass ech mer gutt wéi gedoen hunn fir dass dem Apparat näischt geschitt. Neel wuessen no an blo Plazen verschwannen nees no e puer Méint...
m-otiv 03.06.2010 - 19:27
an erem eng flott foto...wann, dann stéiert mech just liicht dass den himmel esou extreem saturéiert ass....naischt géint saturéiert, mä do ass et mir e krack zevill verglach mam bronze/gold toun vun der plage....sonnestraahlen ass e flotten touch, just deen décken riets wierkt e bessi nogemolt.
gloda 06.06.2010 - 23:09
Ech hunn den Himmel e bëssen desaturéiert mat den aneren Saachen déi ech verbessert hunn. Den Sonnestral ass iwwregens an der do Form am Original. Kuck den Kommentar ënnen fir den Link op den PSD.
spako 03.06.2010 - 19:45
Super Fuerwen an Stemmung deis de eis do weiss!! Ech louch och eemol sou um Reck am Waasser closed_eye daat muss een eemol erlierwt hun closed_eye hehehe
gloda 06.06.2010 - 23:09
Gell, ouni sou kleng Accidenter fillt een sech guer net mam ganzen Kierper als Fotograf smile
Blimchen 03.06.2010 - 20:54
Super dat doen smile ech war och wëll an Scotland mei mir waren d'Plagen allerdings meeschtens nemmen aus Steng. smile
Wou war dat dann genau wann ech froen duerf.

gloda 06.06.2010 - 23:10
Dat hei ass den Southlands Beach an Bermuda. Huet also net vill mat Schottland gemeinsam.
Metalbambi 03.06.2010 - 21:53
Un sech zimmlech gudd Foto, mee d'Verarbeschtung vum Himmel ass mier ze vill des Gudden...
gloda 06.06.2010 - 23:11
Jop, ech hunn dës Kéier e bëssen méi déif an d'Effektkëscht gegraff!
gtaddei1 03.06.2010 - 22:14
Et ass am fong eng ganz flott foto fir Dekoratioun...
Photogrfesch puer ... ass et natiirlesch gudd opgebaut mé ... ech mengen e bessi ze fill satureiert.. mé daat ass én puren Affar de Gout...
Hueste daat express geméét...
gloda 06.06.2010 - 23:12
Jo express staark verschafft schon, mä ech gesinn dass den Konsens ass dass et ze vill saturéiert ginn ass. Dat witzegt bei der Saach ass jo dass ech d'Saturatioun u sech mol net express eropgesat hunn, dat ass en Effekt vum verstäerkten Kontrast.
gtaddei1 06.06.2010 - 23:32
Daat hescht , dass dei Fuerwen vun sech aus schon esu eng Teinung haaten... durch d'heischtein dei mei erauskommen krisste dann dei "IwerSaturatioun"... dan misste liicht orosatureiren... ODer ewei versteht én dat?
gloda 07.06.2010 - 00:48
Jo genau esou. Bei villen aneren Fotoen hunn ech dowéinst den Blend Mode vu ménge Curve Layeren op Lightness gesat.
gtaddei1 07.06.2010 - 01:22
merci fir d'erklaerung
hun och deng layeren gesinn ... instruktiv
rom 03.06.2010 - 22:22
Cadrage wéi ëmmer top, just effetiv vläit bëssen zevill opfälleg Bearbechtung am Himmel. Et sief dann e war wierklech esou...
Trotzdem e ganz flott Bild!
gloda 06.06.2010 - 23:13
Merci. Wéi et wierklech war... iwwerzeeg dech am PSD, den Link ass weider ënnen.
Shantideva 03.06.2010 - 22:41
Ech schleissen mech mengen Virgänger hei hun an gief just dozou beidroen dass d'Faarw vum Wasser normalerweis méi zum Himmel misst passen *korintenkackerei*. Daat ass den Detail den mech hei stéiert an wou ech e bessi verwonnert sin dass dir daat net opgefall ass, well ech deng pedantesch Approche awer gudd kennen. closed_eye An daat ass vieleicht och den Detail den verschidden Leit hei "onbewosst" (?) stéiert wann se vun dem saturéierten Himmel schreiwen. Ech kéint mir virstellen dass d'Foto mat der Originalfaarw vun den Wolleken besser gief mam Wasser hamoniséieren (obwuel deng Idee, komplementär Faarwen am Himmel konkurréieren ze lossen ganz gudd ass). Hei setzt den Deiwel am Detail.
gloda 06.06.2010 - 23:16
Gell!! Dat duecht ech och ëmmer. D'Waasser huet d'Faarw vum Himmel. Mä am Bermuda ass dat anscheinend de Leit egal. Do huet d'Waasser Faarwen dat packs de net.
Merci fir den Feedback awer, ech hunn d'Waasser elo vun den Gréngtéin ewech gezunn. Wann een net selwer am Mier steet ass et natierlech nach méi schwéier ze gleewen dass dat réel soll sinn. (Ech hunn ënnen en PSD mat der Veraarbechtung verlinkt.)
An souwisou, Korintekackerei ass mer am léifsten smile
Shantideva 06.06.2010 - 23:24
Ech kacken am léiwsten Korinten wann et bei dir ass... tongue Jojo, daat ass d'Lous wann een gudd Fotoen mecht... Déi aaner Leit fuederen een emmer weider eraus... an dann... Wou wars du den Metteg???!!!! Bas du net zu Land...??? Do hues du gefehlt!
gloda 07.06.2010 - 00:49
Nö ech sinn an England. Wat war dann de Mëtteg?
Shantideva 07.06.2010 - 06:07
Da Vinci...
gloda 07.06.2010 - 11:05
Achso. Mee dir hutt iech jo och ouni mech gutt ameséiert, dat gesäit een awer smile
shingo 03.06.2010 - 22:52
Gefällt mir ganz gudd déi do.
Eben graad och déi e bësschen onnatirlech Fuerwen!
gloda 06.06.2010 - 23:17
Freet mech, ech hoffen dass déi nei Versioun der elo net manner gefällt.
Jeanny 04.06.2010 - 06:54
wat Faarwen, eng wonnerbar Stemmung
gloda 06.06.2010 - 23:17
Merci.
Nathy82 04.06.2010 - 09:58
een wuert immens smile
gloda 06.06.2010 - 23:17
Freet mech.
gloda 06.06.2010 - 21:56
Merci alleguerten, dir sidd immens. Ech sinn frou wann ech sou Saache gesot kréien. E puer allgemeng Erklärungen:
Dat "Iwwerdriwwent" an der Beaarbechtung ass gewollt, wann der d'Série kuckt mierkt der dat séier. Mee e puer Saachen waren dann vläicht ze vill dees Gudden.
Ech hunn an der neier Versioun dës Ännerunge gemaach:
-Waasser manner gréng.
-Himmel manner saturéiert.
-Steng lénks fort an allgemeng e puer Flecke gebotzt.
-0.5° gedréint well se effektiv gekippt huet.

Fir déi wou et interesséiert: ech hunn eng kleng Versioun vum PSD eropgelueden, da kënnt der kucken wat am Photoshop mam Bild geschitt ass.
http://cl.ly/eb59452889c64ed32485
Mochel 07.06.2010 - 15:48
Staark. Faarwenkombi an Perspektiv sen wirklech Top an den Sonnenstrahl as Kischt um Kuch
gloda 07.06.2010 - 15:52
Lo hat ech schon Kitsch um Kuch gelies. Dat géif och passen smile
Mochel 07.06.2010 - 15:58
nee nee as keen Kitsch ganz dech mat rouegem gewessen erem op den Stuhl setzen an den Blutdrock rem senken closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 403 Gäscht online