Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Giele Botter

 
All Fotoen an dëser Serie:
7086 Thumbnail
7087 Thumbnail
Giele Botter
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.05.2010
  • Gekuckt:
    25984
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    D700
  • Objektiv:
    En Draam
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
Blend 1.4

Fir anzesetzen: [pg_img=45888]
Kommentar vum Fotograf:
Hei dei 2t an 3t Foto vun engem flotten Shooting firun enger Woch.

Ech wollt bei desem Shooting probeieren mein styl (wann ech där een hun) ze änneren an mol nei Saachen punkto Beliichtung an Faarwen probeieren.

Ech selwer wees net (an kann och net soen) ob mer daat gelong as oder net, an ech denken mer et as fleit mei eifnach wann een daat vun engem baussenstoenden gesoot kritt.

Waat mengt dier dann sou?
Laurent76 31.05.2010 - 07:56
Dei eischt gefällt mir ganz gudd, bei der 2te ass deen eischten Bleck e bessen "erschreckend iwwerbeliicht", ob den 2ten Bleck gefällt se mir awer emmer besser, Gesiicht ass evtl een Tick ze bleech.
An elo wou ech fir 3te gekuckt hun an Foto e bessen wirken geloos hun mengen gefällt dei 2te mir besser, schein Hannergrondfarwen an een superen Bokeh, den Bleck fängt sech excellent am Gesiicht (ob déer eischter zitt den Baam e bessen no rieds)
Schärfenzone hät keinnten een Tick mei no hannen leien, dann wär daat lenks A mei scharf an dei kleng Häercher ob den Arm geif een Manner gesin, mee dat ass elo awer een Detail...

Dein Style gefällt mir gudd...!
mmphotos 03.06.2010 - 13:32
Merci fier den Kommentar.

Zum "iwwerbeliicht" muss ech soen dass se extrem hell as mee net vill plaatzen wirklech iwwerbeliicht sin!

Dass een Aan manner scharf as kann net sin! closed_eye
(an ech mengen soueppes kann een och schlecht bei 800px beurtdeelen closed_eye )
SuJo 31.05.2010 - 13:22
Moien

Fannen dei heiten Fotoen besser, si wierken nët esou gestallt wei verschidden aner deis du schon gemaat hues.
mmphotos 03.06.2010 - 13:30
Ok merci.
ploro 31.05.2010 - 13:49
jojo den bokeh ass schon den wahnsinn tongue mee fir dats du deng dreem anplatz vun lensen op dain apparat schrauws kris de nach flott biller eraus smile

mee öhm dei 2. gefällt mir hei besser, dat op der eischter foto kuckt iergentwei louche, et huet d'aan sou onnatierlech staark an den eck gedréckt, an rappt se och nach sou groouss op, iergentwei beängstegend tongue

ech fannen dain aalen stiil besser, ass emmer sou schein friede freude sommerstimmung smile

EDIT: den aarem ass just zevill roud an onrèng am verglach zum recht, bei der 2.
mmphotos 03.06.2010 - 13:30
daat objectiv as einfach en Draam! smile

As daat heiten dann net friede freude Sommerstimmung closed_eye

Mam Aarm gin ech der recht. Fixen daat nach.
No_Saint 31.05.2010 - 20:21
Salut Marc,
Ech gesinn Du hues de Wée op Nidderkuer fond, Ech hunn do Uewen awer nach nie esou agréabel Modellen begéint.
De "Giele" Botter hues'te gudd ëmgesaat an denge Biller, wierkt ganz erfrëschend.
Insgesamt sinn Ech mam Ploro sënger Bildkritik d'accord.
Waat de Styl ubelaangt gesinn Ech éischter Variatioune wéi Ännerungen.
Bleiwt Fro, muss een e Styl hun (als Amateur)?
mmphotos 03.06.2010 - 13:29
Sou lo hun ech endlech mol engkeier Zeit fier ze äntwerten.
Jo mier haaten den Wee duerno fonnt, et war net sou einfach mee et huet awer geklappt. Natirlech muss een keen Styl hun, an ech mengen och emmer ech hätt keen, mee ech krut awer schon puermol gesoot dass een bei gewessen Fotoen emmer direkt geseit dass se vun mier sin closed_eye An ech wollt daat bessen änneren. Mee wei ech gesin as mer daat net grad ganz gegleckt smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 356 Gäscht online