Ganz kloer Medizin. Dat éischt as fir bei méi schwieregen Patienten en Zäfchen 'à distance' ehm... op séng Plaatz ze kréien. Dat zweet as en Nuesenentzwirbeler. Een vun deenen Wutzen uewen an all Nueslach, dann as déi an Null Komma Nix entzwirbelt.
@Gloda: hehehe du bas mei no drun weisde mengs! ;)
Medezinech Abteilung war schons guernik sou schlecht! ;)
allerdings sen weeder Nuesen nach...ehm...Zäpfchen bedeelecht... ;p
nik schlecht........
se sin effektiv selfmade...wei sou filles an der Welt fun der Wessenschaft...(et get se NET am Handel ze kaafen, an se schengen och an der Literatur...google NET ze fannen ze sin)
se gesin awer emmer sou aus, et fehlt just dMachine un dei se ugeschloss sin an natilerlech den ZWECK den se ze erfellen hun!
ohjeeh...wosst ech dach dass ech EEN hett missen fum rooden ausschléissen...
JOP du lais genau richtech! domat huesde dem ganzen een Kontext gin!
alllerdings huet nach keen gesoot wei se gebraucht gin an firwaat genau se gebraucht gin....
ps: domat huesde lo keng Ausried méi an bas herzlech agelueden den Sall BS307 ze besichen!
joooooooooh DORUN hett ech effektiv denken missen...
basde derbai? nächst Woch sin na Plaatzen (an NEE et get net DEST Material benotzt.....mir hun da nach aneres...)
Also fir waat et ass wees ech net sou direkt, mee bei der "Daumenschrauw" daat schengt jo mol eng Halterung fir eppes ze sin, waat ennen duerch Loftdrock (Iwwerdrock) festgehaal get, an soubaal een den den Drock z.b. duerch en Ventil weghellt, léisst sech den Objet.
Bei deem aaneren schengt en emgekéiert ze sin, do get den ganzen Objet reng duerch Loftdrock (also Ennerdrock) am Tube festgehaal, an soubaal sech den Drock normaliséiert get en fräigeloos. Ennen schéngt en Sensor ze sin deen mellt wann den Objet duerch den Tube ass
Meng Fro ass, sin di 2.Modeller Maquetten di den prinzip erklären oder gin se sou wi se do stinn reel gebraucht ?
Oder leien ech lo komplett donierwt. Mee firwaat et ass, wees ech nach net
hm mengen dir waard relativ seier un der Saach drun! good job everyone
->dei 2 "Maschinnen" gin an engem Psychophysiologechen Labo gebraucht fir Schmerz ze induzeiren. Heescht konkret: dei eischt verschéisst roud Plastikspellets mat Loftdrock op dFangerschanken,
an dei gring Daumenschrauf setzt op der denner Haut zweschen den Fangen an dreckt se do mat Loftdrock an engem Zylinder zesummen.
alles funktionneiert mat Loftdrock an as sou gebaut dass et bis an den läschten Detail via PC steierbar as - soumat sen dSchmerzreizer apsolut kontrolleierbar an firunallem reproduzeierbar.
Ziel an Zweck fum Labo as zBsp dRelatioun zwescht Perseinlechkeetsmerkmaler, Medezinechen Wierkstoffer oder aneren Faktoren an der Schmerzwahrnehmung ze studeiren.
wien un enger Visite intresseiert as, brauch sech just fir eis momentan Studie anzeschreiwen (leeft nach des Woch an evntl dei nächst) -->Flyer
(Info: mir benotzen NET des martialech Geräter mee schaffen mat Hetzt/Keelt waat bessi mei "douce" as - oofgesin dofun dass (bis lo) nach bei kenger fun all den Methoden een zu Schued komm as!)