war a spuenien am Dezember, baussent dem Haus am gaangen eng ze fömmen (jo schlecht Ugewunescht) do "stung" Maja praktesch op der Plaaz,...Been ennert Ärem geholl, eragelaaf, Fotoapparat sichen, an oh Wunder si stung nach op der selweschter Plaatz, hued sech allerdings no etwa 20sekonnen aus de Feiss gemaach well ech hier ower ze noo op Pëll gerëckelt waar. Just nach Chance datt dei do eppes gin ass, dei aaner 4 Fotoen sin scheinen bloën Himmel
wei den Gaga schon sott: Stark !
Mais och Respekt dofier, dass du nach eran gerannt bass fir den Apparillo sichen ze goen.
Mein Gedanken wär gewiecht: Biss du dobannen bass, den Apparat font hues an erem heibaussen bass, ass dei doten schon lang iwert all Bierg....an mier hätten elo keng esou eng gudd Foto hei ze gesin
Respekt! Dat doten hat ech eng kéier probéiert bei engem Kiischtenbam den voll an der Bléi stoung, also Beien zufrecks. En ganzen Metten geknipst, 300 Fotoen an keng eenzeg déi eppes gin wor