Mat de Schwänz, daat as fier dat t'Exkrementer net zefill Hannen hänken bleiwen, sos kreien se do esou Knuppen Dreck, wou t'Scheissmecken hier Eer dranleen (keng Ouschtereer!!!), dorauser schlüfen dann Larven, dei Sech ennert t'Haut fum Schoof, an den gut warmen, fiichten Pelz friessen, an do t'Schoof praktesch fun bannen no baussen lieweg opfriessen !
Jo, klengt net wei eng leschteg Ouschtergeschicht, mais et as esou ! ech hun oft genuch missen hellefen dei Larwen mat Eau de Javel ewegmachen .... guer net flott ! Den Schwanz get mat engem knallegen, neonfarwegen Lastik emweckelt, desen stopt t'Duerchbludung, den Schwanz get schwarz an fällt fum selwen oof !
T'Schoof mierkt daat emol net, an et deet bestemmt manner wei ewei t'Larwen !
Den Lastik as neonfarweg, fier dat een en duerno besser an der Wiss fennt !
Ech erenneren mech nach un en Daag, wou meng Mam ganz onscheinbar gemierkt huet, dat en Schoof schon 2 Deeg ob der selwechter Plaatz lung ...