Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

waiting...

 
waiting...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.04.2010
  • Gekuckt:
    42186
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.666666666667 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    148 KB
  • Originaldatum:
    2010:04:06 19:09:46
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44295]
Kommentar vum Fotograf:
eng Foto vu mengem klengen Trip op Fort Mahon... ech hun nach nie souvill Seistaere gesin wei do...

ech hun nach eng gemaach mat vill mei Fuerwen dran, am beschte gefaellt mer aawer dei heiten... dei aaner ass hei ze fannen.http://www.spako.lu
m-otiv 06.04.2010 - 20:39
Super flott kompo... Ganz gutt...
Penguin 06.04.2010 - 21:25
schéin, gefällt mir ganz gudd closed_eye
Nicon07 06.04.2010 - 21:44
Ganz flott! Ech hun esou gros plan am SuperWW immens gär. och di wéineg Farwen gefale mir extra gudd.
shingo 06.04.2010 - 21:44
gudd Idd! Gefällt mir!!
dentom 06.04.2010 - 23:16
Ech fannen dei hei, genau sou wei all dei aaner Fotoen op Plagen vun dier, einfach nemme super an daat zumols weinst der super Déift. Ech froen mech just waat dei rout Plaatzen bei de Been vun der Persoun sinn, fannen dei passen net wierklech.
Shantideva 06.04.2010 - 23:47
Daat ass wuel CA. Ech fannen se och ganz flott obwuel se net genug Obmierksamkeet hei kritt huet. Et ass zwar eng typesch "Spako" Foto, awer ech verstinn net virwaat elo baal keen anständegen Feedback méi kennt. Genau dofir weisen ech neischt méi hei. Ech sin immens frou iwert déi vill Kommentarer, awer et ass alles immens einseiteg hei am Moment. I love PG, awer ech hun déi Vetternwirtschaft net méi sou gären. Awer daat ass eben Lëtzebuerg. Hate me or not, ... mir ass et egal. (daat war awer elo net fir dech, "dentom", gemengt... ech hun just dein Kommentar missbraucht fir eppes ze soen waat mech stéiert)
(PS: D'Silhouette ass awer zevill stark oofgedonkelt... tongue)
dentom 06.04.2010 - 23:55
Wei gesoot, ech fannen graad dei typesch Spako Fotoen emmer erem ganz flott. Vierwaat bei sou enger staarker Foto net mei Komments stinn ass wierklech schwéier nozevollzeihen. Mat der Vetternwirtschaft daat ka stemmen mee ech mengen daat sinn Phänomener dei kommen a ginn a sou enger Community. Ech fannen et trotzdem super Schued datts du naischt mei hei wells weisen mee aktzepteiren natierlech deng Déscisioun. (an ech hassen dech net... och wann et dier egal asssmile. (hunn daat och secher net perseinlech geholl)
Shantideva 06.04.2010 - 23:57
Hate me or not... war net fir dech gemengt... smile Et war allgemeng gemengt. (Edit: De Begreff Vetternwirtschaft war vieleicht awer e bessi iwerdriwen vun mir, mais bon.. closed_eye )
Nicon07 07.04.2010 - 09:42
Dat wat's du do am Moment erliefs, dat hu mir alleguerten esou erlieft a mir erliewen et och nach haut esou. Vetternwirtschaft ass och kee reng letzebuergesche Phänomen, dee get et an all Community a besonnesch an där däitscher, déi och nach international derniweent ass, ass dat scho bal eng Pescht: Top Foto, schönes Bild, asw. Oder awer, du kriss déng Foto zerrappt an engem Stil, dee beleidegent ass. Du hues also weder vun der enger nach vun der aaner Resonnanz eppes.

Da kënnt nach eppes zweetes dobäi. Verschidde Fotografen hun hire Stil fonnt, dee Stil ass flott a gefällt an et ass een ëmmer neess frou, wann een eng Foto vun hinne gesäit. Mais fir awer elo all Kéiers ee Kommentar derzou ze schreiwen, deen net ala Lobhudelei ausgeluecht, wann e séch berechtegeterweis widderhëlt, dat maachen déi Leit, di d'Fotoe kucken, dann irgendwann och net méi. Dat heescht elo net, datt bestëmmte Fotoen oder Stiler op eemol net méi duerfen ropgeluede gin. Wou kéime mir dann do hin? Dat heescht, datt séch den Interessi op eppes aanescht verlagert. Eigentléch och kee Wonner an eiser medialer Welt, wou nëmmen d'Onbestännechkeet Bestand huet.
Drëttens: Kann et net sin, datt mir als Fotografen, dodurch, dass mir durch Fotoe maachen, verschaffen an hannerfroen op eemol sou selbstkritesch mat eis gi sin, datt mir eis eege Fotoen net méi flott fannen (net well se et net sin, mir kenne jo d'Regele vun der Konscht a mir wësse ganz genee, wou mir stin a wat eis Foto wert sin oder net), an dofir vläicht an de Kommentarer vu aaneren nach eppes gesot kréie wëllen, wat eis nach weiderbréngt. Mais wann et do näischt ze soe gët, well d'Fotoen einfach gudd sin. (Ech weess: Bescheidenheit ist eine Zier, heescht et an Hochmut kommt vor dem Fall, awer et soll een awer och zu dem stoe, wat ee weess a wat ee kann).

Dofir: Cool bleiwen, Fotoen weisen, vläicht e besse manner, wi an der Vergaangenheet, net opreege, wa keng Kommentarer kommen, an einfach photogen genéissen, als dat wat et ass, eng Community vu méi oder manner talentéierte Fotografen, déi mat mënschelen, wi an all aaner Beräich vum Liewen och. closed_eye


(Ps: ech sin elo schon "éiweg" bei PG dobäi, ech hat schon eemol alles geläscht, ech hun dem Johny schon e puer mol gesot, e soll mäin account läschen, an..... ech kann awer net dervu loossen.bigsmile)
Shantideva 07.04.2010 - 10:10
....du schwätz mir aus der Séil. smile
Et fällt mir just op dass emmer méi vun denen Leit bei PG, déi schon méi lang dobei sin an och vill Erfahrung hun, net méi vill Kommentéieren (ausser z.B. de Gloda). Et sin awer och eng ganz Partie aaner Leit déi regelméisseg Kommentéieren an net sou lang dobei sin. Awer et sin haaptsächlech déi Leit déi méi lang dobei sin déi och eng Virbildroll spillen. Ech kann bei mengen Fotoen am Prinzip net kloen. Do kréien ech meschtens genuch Kommentarer. Obwuel ech zimmlech Kommentéierfaul sin probéieren ech wéinstens bei e puer Fotoen een Kommentar oofzegin. Leider ass et mir an leschter Zeit och virkomm dass meng konstruktiv Kritik net gudd ukomm ass, waat ech bedauert hun. Awer sou geht et wuel denen meschten Leit déi éierlech hier Meenung zu enger Foto soen. Ech denken awer dass jiddereen hei seng Fotoen eroplued fir gewuer ze gin wéi se bei aaneren Leit ukommen. Wann dann sou eng flott Foto net déi néideg opmierksamkeet kritt, dann gief ech mir perséinlech Gedanken machen waat net drun stemmt. Obwuel hei fir mech alles stemmt.
Nicon07 07.04.2010 - 10:30
Déi Gedanken, déi's du hei zum Schluss uféiers hun ech mir och gemaach.

Mais dem spako séng Foto hei, ass méi wi just ee Bild, si léist Gefiller aus bei deem , deen se kuckt. An dat ass bei mir (a bei aanere bestëmmt och) eng Zort melancholie, eng Art waarm Depressioun (wann et dat gëtt), eppes wat irgendwou wéi deet an awer Gebuergenheet get, a vläicht kënne vill Leit dat net sou ausdrécken, oder si wëllen dat gefill net erliewen... keng Ahnung. Op alle Fall, mir seet di Foto immens vill. Et ass där Foten eng, déi séch op den éischte Bléck net erschléisst, an dann no an no hiert Geheimnis präis get.
Gaga 07.04.2010 - 23:32
eng ganz interessant diskusioun, ech kann ierch allenbeid verstoen, an muss och soen dat ech selwer oc schon mierken dat PG sech verännert !
mais kann et net ienfach sin, dat PG ze grouss get fier "eng" grup ?
bei all deenen fotoen an leit, get et sou luess zeit dat et mei wei nemmen eng kleng grupp letzebuerger hobbiefotographen as ... (net beis gemenkt)
an graat leit weis du Shanti an och t'Spako, sin zb eng aushängescheld dofier dat hei nach vill dran as ... mier hun jo mettlerweil och schon een gudden auslännerundeel ! nach net relativ zum landbigsmile, mais bon ! closed_eye

Ech mengen dei Zeit, wou een fun all "stammpg'er" en kommentar bei seng foto kritt sin eriwer, gottseidank, wei weills de dei och all beäntweren !

Ech kann mer gut fierstellen dat an t'zukunft (1joer, 2 joer, 3 meint ?!?!?) och mei wert op gruppen resp. galerien wert geluet gin, well geschwenn as den alldeeglechen upload net mei ze iwerblecken et kennt, freier oder speider !

Dann, no elo iwert engem Joer hei, mierken ech och dat ech mech emmer mei an e mettelfeld beweegen, wou ech och schon sou arrogant an hochnäseg sin, dat ech gewessen fotoen net kommenteieren well se wierklech naja sin, ausserdem den autor selwer mol keen komment schreift ... annererseits, kann ech, wei hei, dem Spako oder dier, dem Xaph, dem Dieter etc etc etc (net traureg sin, dier dei ech vergiess hun) net mei schreiwen wei, super, geil, mega, fannen ech gut ! evtl. froen ech nach epes fier mei iwert t'teschnik gewuer ze gin ... mais kritiseieren kann "ech" do naischt (oder baal nie) !

eng aaner meiglechkeet, as den wee iwert den "club" .... wann et zefill get keinnt een jo doriwer dei leit dei wierklech mei op zesummenarbescht haalen, mei no beieneen brengen !

Dest sin alles hirngspinster aus mengem kapp, an stin an kenger relatioun zum comité sengen ideen !

Daat phantastecht awer as, an daat solls och du bedenken shanti, hei, hei op PG , kennen leit weis du an ech, nach emmer epes bewegen !
dofier sin mer nach net ze grouss ! an dofier fannen ech et och ememr erem gut, wann sou themen hei ugeschnidden gin, och wann se naischt mat der foto ze din hun !

smile
amen, mbg, ären Gaga
Shantideva 10.04.2010 - 13:12
Hehe, ech hun daat elo grad ereischt gelies. Daat gefällt mir. Awer, beid Seiten vun der Medaille hun hier Vir- an Nodeeler. Ech villen mech immes gudd an der klenger Konschtszene vun Lëtzebuerg (net nemmen Fotografie) an sin immens frou iwert déi interessant Leit déi ech sou kennen geléiert hun. Et ass een sech méi no an et geseit een sech och mol owes bei enger Kënschtlerfriess déi mol heinsdo spontan an Esch entsteht. Sou eppes get et net méi am groussen Cyberspace. Awer iwert den groussen Cyberspace hun ech awer d'Méiglechkeet kritt an Kontakt mat aaneren ganz interessanten Leit ze kommen an och sou kennen bei enger ganz grousser internationaler Konschtausstellung matzemachen.
Awer, éierlech gesoot... I prefer a feast of friends to the giant family (Jim Morrison). Obwuel den Sproch an engem aaneren Kontext gemengt war... closed_eye
Gaga 10.04.2010 - 14:59
ech verstin dech, daat as och den grond fierwaat mir PG vill besser gefällt wei dei grouss "international" siten ... et as mei perseinlech ! Doduerch villeicht och mei "intim" wei dei grouss platformen !
spako 07.04.2010 - 09:15
Merci fir d'Kommentarer... Ech hun d'Foto nemme minimal verschaft well ech se fir ee konkuer op Dpchallenge gemaach hun. Am Fong hun ech just dei blo Fuerw eausgeholl... Well ech de Seistaer wollt fuerweg loossen ass och den Himmel hanne liicht giel bliwwen dohiir och dei fuerweg Plaatze rondremt d'Been... Waat d'Silhouette ugeet: dei ass net eenzel oofgedonkelt (daerf ee jo laut Reegelen och net) mee ech hun einfa bessi mat de Kontraster gespillt, allerdens iwwert daat ganzt Bild eweg...
Ech hun nach eng Foto do gema, dei ech mei fuerweg gehaalen hun an obwuel ech dwi heite besser fanne sin ech iwerzegt dei aaner geif besser hei aschloen closed_eye ka jo mol den Test man a se roplueden closed_eye
Shantideva 07.04.2010 - 09:27
Ech perséinlech fannen déi heiten besser. Daat aanert ass Eyecandy. Et kennt awer vieleicht besser un obwuel d'Qualitéit vun deser besser ass.
dentom 07.04.2010 - 09:33
Jop. gesinn ech genau sou. Bei der aanerer ass d' Stemmung iwrgendwei surreal. Fannen dei hei och mei flott. Vill Gléck beim Konkuer dann nach.
Focus 07.04.2010 - 17:24
O la dék Konkurenz aus Lëtzebureg - freet mech Spako; géint daatdo Bild hun ech keng Chance. Love it! Wou leis de am Voting? Schätzen 6.85 or higher.
spako 07.04.2010 - 18:11
closed_eye nix ze 6.85 closed_eye ech leien bei 6.56 ... wei ass et da bei dir?
Focus 07.04.2010 - 18:27
Votes: 38
Views: 61
Avg Vote: 6.5789
Comments: 1
Favorites: 1Mio
Wish Lists: 4 get it
Updated: 04/07/10 12:10 pm

Du bass jo den Owend am Phototalk!!! smile
spako 07.04.2010 - 18:38
closed_eye
nee den Owend sin ech um Canape closed_eye

maja da si mer jo allenzwee gudd am Rennen smile si mol gespaant waat d'Woch na su brengt smile bei mir ass et op alle Fall vun de Mueren un nemmen eropgaangen .. si vun 6.2 iergendeppes op 6.58 geklomm.. ech waarden op den Fall closed_eye
Focus 09.04.2010 - 14:27
Avg Vote: 6.5345
TomEwert 12.04.2010 - 10:29
hei gefaellt mer des versioun wesentlech besser.
Shantideva 12.04.2010 - 11:01
Ganz denger Meenung. Ech hätt des och léiwer als Wochenfoto gesin awer den Eyecandy huet der Majoritéit besser gefall.
spako 12.04.2010 - 18:46
ech wosst dat dei aaner bei der Majoriteit einfach mei aschleit, dofier hat ech des och als eischt eropgelueden, well se mir perseinlech och am beschte gefaellt....mee bon dei aaner huet eben eng aaner Stemmung closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 305 Gäscht online