Kippt e bessen no lenks oder stin dei "Monumenter" net mei ganz riicht? Wann ech Mauer am hannergrond kucken keinnt dei durchaus awer horizontal stin.... WB hät ech mei kaal gemaat resp hues te een liichten Routstach dran.
Cadrage an Stemmung, oder schwetzt een hei vun Atmosphäre, fannen ech gudd.
jo secher, mais hei as sou een fall, souguer wann t'setzwo um apparat wor, richt am "reellen" niveau, hescht net emmer dat t'foto richt as, mengen ech ze mengen !
ech hun geduecht et wier um eichten kreiz ausgeriicht gin, vertikal ! mais den ensemble fun der foto get den androck se geiff kippen ...
et kann een elo driwer streiden wei et richteg soll sin, den schiefen tuerm fun pisa gehs de jo och net riicht setzen, masi deen soll schief sin, an all mensch wees et !
hei seet der dein gehier einfach, do as alles schief, an daat steiert (mech) an deem moment !
t'mauer as jo och net parallel zur vue, also get se no hannen mei kleng, sollt also fun der logik no riets kippen ... liicht !
dei grouss (heich) kreizer sin souwisou schief ewei epes, kippen no lenks an riets, mais zb dei mei kleng tafelen, dei kippen net .... an dei sin schief !
Daat mat der Perspektiv ass eng geruet besonneg béi alen Elementer, wéi hei de Kierfescht, wou näischt riicht steet, alles kippt an eng anner Richtung, mat oder ouni Stativ a Setzwo, sin dëss Elementer nët riicht ze fotographéieren.
An dess versaate Perspektiven gehéieren zum Bild.
ech fannen et e bessen schued dass hei d'schiedter relativ flaach sin. kanns de do net nach eppes am raw dreinen? Ech gesin dass daat vum geigenliicht kennt. vlaicht haes de kennen eng liicht aaner Perspektiv kennen wielen? Just meng ideen...
Merci Alleguerten, fir aer Kommentaren a kritesch Äusserungen. Daat mat der Perspektiv ass eng geruet besonneg béi alen Elementer, wéi hei de Kierfescht, wou näischt riicht steet, alles kippt an eng anner Richtung, mat oder ouni Stativ a Setzwo, sin dëss Elementer nët riicht ze fotographéieren. An dess versaate Perspektiven gehéieren zum Bild. D'Stëmmeng an d'Faarw am Bild ass mäi Choix (Aff-d-Gout), alternativ wier se am SW bestëmmt ich iinteressant an dann ass d'Faarw fort!