Ech wollt dir grad schreiwen sie wär mir net scharf genuch, mee esou baal een klickt ass se scharf....!
Wei den shingo schon seet, en poseiert richteg houfreg wei wann hien den Boss wär
Si ass scharf. Beim Compriméieren/Pixelreduzéieren gin leider ëmmer Detailer verluer. Et wier schlecht, well si ass mat dengem 'neien' Objektiv gemaach gin.
jo, do fehlt definitiv en reflekter ennen lenks, an evtl. een spotlight fun hannen lenks op den kapp ... ech hätt och en aaneren hannergronnt geholl !
a zut, as jo keen studio .... !!!
Ech engagéieren dech dann d'nächstKéier fir daat ganzt Equipement ze schleefen...! a da muss hien nach wëllen esou laang stoen ze bleiwen (Superkleber...)
Ech woor schons frou, datt hien esou brav do stoe bliwen ass. Eng Minute méi spéit haat hien et op mäin Meedchen ofgesinn! (et ass awer nach emol gudd gaangen...!)