Ech hun nach net mat Retroadapter geschafft, mais esou eng Deifteschärft mat der Vergreisserung schätzen ech mol dass Focus-Stacking benotzt gouff.
An ech froen mech och nach emmer wei dei Haarespel 8 Sekonnen laang absolut rouheg war
majo eng Method dei kleng Deiren roueg ze haalen ouni hinnen dauerhaft wei ze din ass sou eng Art Kältespray ...sie faalen dann an eng Art Wanterstarre mee sin meeschtens no enger Minut rem fit
Ech hat fir des Photo ganz normalen duerbel Retro benotzt ...dat heescht en Teleobjektiv, an dësem Fall @ 400mm mat engem DX 17-55 Weitwenkel (wat dann sou em 26mm enstprëcht) an Retrostellung virdrun.
Ech war demols och zimlich erstaunt dat d Qualitéit mat dem Meter Glas detescht nach brauchbar war ...wat genau ausser Ofblenden ech gemach hun fir d Deiftenschaerft hinzekreien wees ech nit genau ...op jidfer Fall ass et keen Stacking-Bild
dat ass eng gudd Fro ...eigentlich hat ech demols naischt extras gemach ausser bis op f11 ofzeblenden ...ech misst dat dann nachemol mat engem ähnlichen Opbau probeiren :S...
wahrshceinlich uet et gehollef dat dest Exemplar zimlich kleng war an eben besser an den Schärfebereich gepasst huet
haha besser nit ...op jidfer Fall nit wanns de en groussen Schirm hues
Déi denger gesinn am allgemengen ëmmer zimlich geféierlich aus wann een se vun méi no kuckt
Vun Retroadapter hat ech och schon héieren, hat awer nach nie sou eppes am Grapp. Et ass awer op alle Fall beandrockend, wat domat méiglech ass.
Opgrond vun der Beschreiwung hat ech mir effektiv 2 nët grad kleng Objektiver plus 2 TC'en an enger Rei viirgestallt an hu mech gefrot, wéi déi Konstruktion géif zesummen halen an op se net viir mist gestäipt gin
jo also et ass zimlich laangen Rouer dat ganzt ...iergendwou hat ech emol eng Foto vum Setup gemach, mee ech mengen nit dat et derwaert ass dei hei upzeloaden ...
...also et get den normalen Retro wou en en Weitwenkel emgekeiert un den Photoapparat montéiert andems en en Adapter neotzt den op enger Seit en Bajonetuschloss huet an op der aner Seit en Filgergewënn ...
fir nach méi no run ze kommen kann en och en en Teleobjektiv huelen wei bei mir lo hei, an den Weitwenkel virun den Tele an Retrostellung schrauwen ...den Moment brauch een dann einfach en en Adapterrëng mat 77mm Filtergewënn op béiden Säiten (oder eben déi Gréisst déi een brauch)
Fir dat den Photoapparat durch d Gewiicht nit freckt ass dat ganzt mat der Stativschell vum 200mm Tele op enger Feinastellschinn monteiert dei um Stativ steet.
wann et esou ass wei ech mengen sin et keng 2 Objektiver mee een Objektiv waat an Retrostellung steet.
Du kris speziell Adapterreng dei dir ermeiglechen Objektiv deen verkeierten Wee ob den Body ze maachen, an esou net nemmen wei beim Makro een 1:1 hinzekreien mee een 4:1 oder esou....
An dann ass et just emgedreit wei am normelen, waat Brennweit mei kleng ass waats te mei eng grouß Vergreißerung kris.
Meng Retroen sin bestallt, mat allen Reng an Unpassungsstecker sin ech bei 182€ plus minus.
Den Effekt kanns du awer och selwer bei dengem Objektiv testen.
Huel een Objektiv, Deckelen erof an dann den verkeierten Wee doduerch gekuckt dann hues te eng Lup. Beim Gewenn hues te esou eppes wei een Schieber wous te Blend kanns obmaachen. Waat Brennwait mei kleng waat den Effekt mei grouß ass, dein Waitwenkel mißt do dei beschten Wirkung hun.
A propos Waitwenkel, ech hun mkir den Nikon 10-24mm bestallt...., an hun mir och een Nikon 70-200mm f2.8 als Occasioun kaaft...
dach, et waren zwee Objektiver ...dat nennt een dann en Duebel Retro
duerfir brauchs de en laangen Tele virun dens de en Weitwenkel an Retrostellung montéiers ...den Weitwenkel funktioneiert den Moment als Lupe fir den Tele
durch déi Methode kriss de vergréisserungen vun iwer 10:1 hin
mee et as szimlich onpraktisch fir dobaussen rondrem zelaafen an du brauchs eng Astellschinn um Stativ fir scharf ze stellen
sorry fir déi spéit Aentwert ..ech hat dës Kommentarer nit gesinn
dach, et waren zwee Objektiver ...dat nennt een dann en Duebel Retro
duerfir brauchs de en laangen Tele virun dens de en Weitwenkel an Retrostellung montéiers ...den Weitwenkel funktioneiert den Moment als Lupe fir den Tele
durch déi Methode kriss de vergréisserungen vun iwer 10:1 hin
mee et as szimlich onpraktisch fir dobaussen rondrem zelaafen an du brauchs eng Astellschinn um Stativ fir scharf ze stellen
sorry fir déi spéit Aentwert ..ech hat dës Kommentarer nit gesinn