Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vertigo

 
Vertigo
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Partage des Conditions Initiales à l'Identique 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.03.2010
  • Gekuckt:
    22380
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/1 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    6.1 mm
  • ISO:
    80
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    124 KB
  • Originaldatum:
    2009:11:10
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43988]
Kommentar vum Fotograf:
PAD 314/365
Ech hu mer eng Sammlung vun 17 Hitchcock Filmer op DVD zougeluegt. Et wärt e bëssen daueren, mee lues a lues schaffen ech mech duerch d'Sammlung.
Gaga 26.03.2010 - 14:57
wow, fier dech gloda, as daat do kuloteiert !
tongue

nee, hei ... ech fannen eierlech gesoot dat se net wierklech emrappt ! ka mech jo ieren an aanerer gesin hei mei wei ech !
ech fannen se huet naischt düsteres, naischt bedreckendes ... et spiert een keng panik, weis de se wahrscheinlech (theme Hitchcock) wolls weisen !
ech sin elo e bessen perplex ... well ech nach nie eng foto fun dier schlecht oder langweileg fonnt hun !
as des dei eicht ? ech wees net !
gloda 27.03.2010 - 13:00
Majo ech wollt jo och emol eppes an enger anerer Richtung probéieren smile Hues de eng Iddi wéi ech dat Bedréckent méi kann eriwwer bréngen? Düster wollt ech net, just "huch, ech falen d'Trap erof".
Gaga 27.03.2010 - 17:49
traap eroff faalen, dann eichter en zoom-in effekt filleicht, mais düster geiff awer och passen !

et gouff dach dei foto hei fun der luucht ...
dr_kim_veis 26.03.2010 - 19:02
gefaellt mer. flott faarwen. d'keelt passt bei den thema...
gloda 27.03.2010 - 13:00
Merci, ech mengen ech hat en blo-gréng Split Toning drop gesat.
dr_kim_veis 27.03.2010 - 14:19
jo, gesait sou aus.
Maimonides 26.03.2010 - 21:51
Also, gloda,
dës ass wi ëmmer exzellent kadréiert,
si wäist super Faarwen, an d'Exiffen
si keen Zoufall.
An deem Kontext wou's du së présentéiers fehlt mir awer dë Sujet: dën "abîme" (deen schwindelig mëcht).
Ën dégradé an dër Schärft vum ierwichten schaarfen Trätonguepléck un no ënnen, kéint dat vileicht besser erklären.
gloda 27.03.2010 - 13:02
Merci. Ech mengen ech hätt den Blur nach misse méi staark maachen. Ech stoung uewen op der Trap an hun den Fotoapparat no fir an erow bewegt fir den Blur ze kréien, mee et as net souvill Bewegung no ënnen dra komm wéi hätt sollen.
Gaga 27.03.2010 - 17:51
hues de nach nie fotoen fum deem tip gesin dee naccidenter nospillt ... as zwar en aneren genre, mais kuckenswert !
wor an der view mengen ech ... googlen mol !
Gaga 28.03.2010 - 11:45
gloda, en spontanen afall : wanns de geiffs de schiert fun deem deen fällt eranbrengen ?!?
gloda 28.03.2010 - 11:49
Uah, wierklech eng gudd Iddi. Ech wärt mech net méi domat am Ps ameséieren, mee dat as wierklech eppes wou ech hätt kënnen drun denken. En klengen Blëtz vun der Säit an voilà.
Gaga 28.03.2010 - 14:20
jo, awer een mensch deen keen fotoapparat am grapp huetbigsmile !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 393 Gäscht online