Hei, menger Meenung no, déi schéinst Foto vu Prag. Se ass net onbedingt esou speziell wéi déi aner déi eng Symmetrie drann hun asw, mee se stellt Prag einfach perfekt duer fir mech.
Hues du gesin, Johny,: "eng flott Postkart" ?
Majo dann.....
Anscheinend kann een nëmmen dat knippsen wat do ass, ob dat elo gemoolt, gebaut, gebastelt oder gëzeechent ass. Dë Rest ass Fantasy oder PS.
Gët emol gëmengt.
Deng Foto stellt d'Séil vu PRAG duer,
an dat, Johny, ass ee perséinliche Statement,
deng eegen Interprétatioun.
Diskret a subtil an de Grotéin,
kee Fatz spektakulär,
"douce dans le brouillard,
noble dans son architecture,
belle sans prétention".
Larifari
ass hei iwerflëssig.
eng Postkart muss jo awer nëtt negativ sinn..
durch d'Bearbëschtung an de Stil errënert déi Foto mëch eben un dèi "Postkarten" déi d'Leit sëch frèier geschéickt hunn wéi d'Fotografie nach nëtt verbreed war... an deem Sënn hun ech daat gemengt, eng top Foto!
Dat stëmmt, shingo,
mais wann's du hei op PG engem sees seng Foto wier eng Postkaart, dann otëmt dee mol eng Kéier déif duurch. Elo wou ech weess wat's du gemengt hues, stëmmt dë Kontext. Mir gëfällt së och, a fro nët wéi.
Gefaellt mer mega gudd duech dei genial Loftperpektiv! Froen mech suguer ob den Vierdergronn (get et daat iwwerhaat ob letz.? XD) iwwerhaat neideg ass oder ob se net nach besser ouni wier.
Se wir besser ouni, och menger Meenung no, mee dat geet guer net mam Kadrage op. Da kënnt entweder méi Himmel drop wat net gutt wir, oder Brécken ginn zevill ofgeschnidden. Dat wir béides méi schlecht wéi esou. Ech hu wirklech vill do probéiert an et déi bescht aus der Rei