Wow... ech geing fier dei foto eng 10 gin... mee ech dierf net...
Also ... ech fannen des foto wierklech meeeeeega... deen effekt (geing mech interesseiern wei een daat ass, an matt waat fier engem programm) passt einfach mega gudd zum picca...
Jojo... den burger King... sin deemols all daag genau bei deen op den 2. stack iessen gaang
Well des foto an den aaneren aan vun den lait eng 10 net verdengt huet... ec fannen se schein... mam emotionalen senn, awer net mam "Professionellen" senn...also...feeler usw...
et geet een dach net op london fir an de burger king!!!! sightseeing, shoppen a wann et net mei geet bei starbucks choky drenken!
Foto ass witzeg. bon Faarwen si speziell, sou duster, a wees net op dat onbedengt sou gudd bei deen hekteschen, liewegen picadilly circus passt, mee dat ass däin choix. Mech steiert e bessen, daa um underground symbol sou ee komeschen schleier ass.. kommen net drop wat dat keint sin... wann een duerch dei strooss geet dei genau an der mett vun denger foto ass, kennt ee bei ee scheine pärelsbuttik an an d'carnaby street.. do hun ech vill sue weggin...
Déi Foto as wiirkléch gudd. D'Farwe sin einfach London-like, ech wees net genau, mais iergendwéi passen se wéi d'Fauscht op d'Aa. An d'bewegung an der Kompositioun as och excellent.
majo... ech hun grad d'fuarwen esou ungepasst. well ech wees dass 100.000 leit esou eng foto gemaach hun vum picadilly... et kann een sech jo net gra op 300 verschidden plaatzen stellen fir dei grouss wand do ze knippsen. hätt ech d'farwen "normal" geloss dann hätt d'foto wei all einfach touristen foto ausgesin... zemols well d'leit ennen hin an hier trepplen... et ass baal net meiglesch den traffic aus der foto ze hun, an keng leit drop... dann misst ech shcon mueres um 7 auer do stoen...dann geif et vielleict klappen
fannen dass d'farwen der photo den london touch gin, e bessen retro weinst dem seppia effect, an dann awer dei liischt fuarwen vun den leucht-reklammmen dei den modernen deel vun der staat beidroen...an esou faalen d'leit engem net "direkt" op....
just den himmel hätte missten e bessen mei bewölkt sin... dann wier d'foto nach besser gin
Jo, dann miss de awa bedenken dass d'foto usech och mei donkel wieren, an oh die tafelen... ech sin frou dass se sou sin, welll se sin sou hell, well d'sonn diretk op se schengen
Super ech fannen den Bildobbau super.
Ech selwer stung och schon do an mir perseinlech ass et schwéier gefaal eng richteg gut Foto ze machen.
An dei hei gefällt mir ganz gut