D' farwen vum Rack kommen schéin eraus mam schwarzen Fong. Fannen dass sein Gesiicht an iwert der Taille e bessi zevill stark beliicht as. D'Pose as och e bessi steif, mee daat kënnt mat der Zeit... Has du nach leit am Studio die nogeckuckt hun? Well deng Fra e bessi généiert wierkt,... dass guer net béis gemengt...
Ne mir wahren alleng am studio, mee wei schons gesot, et war och dei eichte keier fir hat, an ech hun och net dei erfahrung doranner. Mir mussen halt nach bessen probeieren...
Och dir merci fir den tip.
Hun d'Foto lo net ganz an Detail analyséiert Well ech net vill Zait hun, mee daat waat mer opfällt ass :
- ennen bei de Been ass et sou déischter, hei hässte sollen e Striplight huelen, eng Art Softbox, just méi laang, fir d'Nadine ganz ofzebletzen.
- De cadrage, probéier d'Nadine net sou metteg ze huelen, an d'Pose och hei net sou gudd, mech stéieren seng Ärm, déi einfach sou no ennen hänken, an et steet sou do, wéi wann et géing ob eppes warden, wees net wéi ech daat erklären kann.
- Hei Tipp : Een Been no fir, an desem Fall sain lenken, Henner raus, Reckt Strecken, seng lenks Hand op de Kapp, eventuell an d'Hoer, an déi riets Hand z.B un d'Heft.
ok, Proposse un den Club. Striplight kaafen (Kann een dofir net einfach 2 Softbowen huelen an se iwerdeneen placeieren?
D'Pose ward ech dei nächste keier mol sou probeieren.
Merci fir den tip.