Arennert mech irgendwéi u eng vu mengen Fotoen... mee daat war zu Berlin
D'Perspektiv ass ongënschteg. Ech kennen d'Plaatz awer och net a wéisst lo net wéi een sech soss hätt stelle sollen. Riets gesäit een effektiv guer net wat d'Graffitien duerstelle sollen, daat ass schued. Vläicht häss de dech sollen e bessen méi noo lénks stellen mee dann ass d'Gefor daats lénks méi verluer geet.
Se kippt och e bessen, daat gesäiss de hannen um Wee.
Mam S/W ass eng gutt Idee. Mat dem Rescht vun de Faarwen muss de oppassen, well op verschiddenen Plaatzen ass et zimmlech hell.