Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Homme

 
Homme
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.03.2010
  • Gekuckt:
    27009
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    442 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:11 15:47:21
  • Fotoapparat:
    FinePix S5Pro
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43569]
Kommentar vum Fotograf:

e mann.
wéi kommen déi faarwen un?
deBaemm 11.03.2010 - 17:07
wéi kommen déi faarwen un? saugutt! am HG mech steiert di mauve just am gesiicht, soss super!
MarcGerard 11.03.2010 - 17:09

as se tatsächlech stéierend oder as et wells de der net secher ob et eventuell ongewollt woar? as keng conterfro. intresséiert mech just. closed_eye
thy bämm!
deBaemm 11.03.2010 - 17:18
nee mech stéiert et well et dem gesiicht bessen dee kaalen ausdrock hellt besonnesch well d'aan mat greng sin (resp blo an se gesin greng aus closed_eye mat mauver cravatte ging ech soen hätt eppes closed_eye
dr_kim_veis 11.03.2010 - 17:08
ech fannen se cool, schein harmonesch.
ludiol 11.03.2010 - 18:12
flotten Portrait, mech stéiert just daat Mauvt am Gesiicht riets, awer net sou vill dass et wierklech stéieren sollt smile
Jeanny 11.03.2010 - 19:05
bloo, ass deene meschte Männer hier Lieblingfaarwsmile
ganz flott
JohnJ 11.03.2010 - 20:03
mech steiert och de move Lucht am Gesiicht, well den räscht vun Gesiicht eischt giel ass. (also net geil) mä ohhh du wees bestemmt wat ech mengen
Maimonides 11.03.2010 - 20:10
Ausser deem "Zyanotischen" virum lénksen Ouer gefällt deng Foto mir super.
MarcGerard 12.03.2010 - 18:42

wat as dat iwwerhapt? (zyanotisch)
Maimonides 12.03.2010 - 21:56
Dat ass eng ganz ongesond Faarw.
Jaycee 11.03.2010 - 21:33
Esou, loosse mer emol soen "onnatiirlech" Farwen, sin ët jo schon och zu analogen Zäiten gin (cross processing z.B.), an demols, esou wéi haut, fannen ech daat duerchaus interessant wann se gezielt a nët systematesch agesaat gin. An dësem Fall, ob elo gewollt oder ongewollt closed_eye kommen se bei mir gutt un...
galileo 11.03.2010 - 22:41
Greng-giel a mauve am Gesiicht signaliséiert am allgemengen kee ganz gesonden Zoustand vun der betraffener Persoun - fir mech ass et e bësse kritesch...esou - t'hängt awer sécherlech vum Zweck of.
MarcGerard 11.03.2010 - 22:44
no jaycee séngem kommentar hun ech mer geduet ech verzielen engkéier wéi ech 't luucht gemach hun, vir an egnems déi sach mam moofe gesiit ze erkläeren. den jaycee huet et neemlech ongewollt gesot: et as eng technik déi et schon an der analikfotografie gouf. huet awer näischt mam cross-processing ze din.
erkläerung: 1 luuchten. eng op de réck, eng vu vir. déi op de réck huet eng neutral -also normal- faarw. déi vu viir as knätsch-gréng! also mat engem gréngfilter! herno hun ech 't wäissbalance esou gesat, dass déi viicht luucht net méi gréng, mee neutral get. déi hënnecht-ursprünglech neutral- luucht get doduerch autmatesch komplementaire zu gréng (magenta, also moof) doduerch as och de schied faarweg gin. de recht as natiirlech filtrage. ech luede fläit nach eng erop, wou een dat méi däitlech gesäit smile ..

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 599 Gäscht online