Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

een gudden lëtzebuerger Béier

 
een gudden lëtzebuerger Béier
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.03.2010
  • Gekuckt:
    40635
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    34
  • Beliichtungszäit:
    1/3200 sec
  • Blend:
    f/3
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    830x1250
  • Späicherplaz:
    156 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:02 22:26:-578813952
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Nikon 105mm f2,8 Micro
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43349]
Kommentar vum Fotograf:
Waat haal dir dovunner?
Et ass genauesou wei Foten vum Wein fir een Zemmer ze "décoreieren"
Gaga 03.03.2010 - 00:11
hmmm, also ech mengen et wier besser wann t'wopen och scharf wier !
Laurent76 03.03.2010 - 08:23
Ech hun mer daat och schon geduercht an et och probeiert.
Ech hun mech awer aus folgenden Grenn dergeingt entscheed:
- Den Wopen ass relativ dominant wann en scharf ass.
- ech kreien dei 2 Saachen baal onmeiglech scharf, ech sin do absolut ob all Limite wann ech Kueleseier am auslaafenden Beier well festhaalen. (voir exif)

Mee am Nachhinein kann ech Iech zwee awer net onrecht gin, obschon ech et och net gudd fond hun wei et scharf war steiert et mech elo och e bessen....
Gaga 03.03.2010 - 15:22
huel mam Stativ eng scharf fum Wopen, an eng scharf mat der Flàsch ... dann iwerteneenleen, an dei scharf elementer ausschafen !
Daat mam zefill Dominant ka sin ... mais do kansn de mam Kadrage entgeintwierken, hei as t'wopen zentral kadreiert, an net scharf, waat e bessen ... komesch ausgesait, fier et mol sou ze nennen !
jotes 03.03.2010 - 06:58
Flott Idii, flott Belichtung, awer mat der Schaerft schleissen ech mech dem Gaga un.
Laurent76 03.03.2010 - 08:23
Ech hun beim Gaga geäntwert.
gloda 03.03.2010 - 09:15
Déi Faarw gesäit awer net gesond aus... e bëssen wéi Textmarker. Ech mengen et as zevill Gréng dran.
Laurent76 03.03.2010 - 09:56
Elo wous te et sees.....
m-otiv 03.03.2010 - 09:15
Matt der schäerft fannen ech et tiptop esou....hei ass den haaptsujet den béier an net deen prédominanten wopen (déen een souwiesou erkènnt....matt der Beliichtung sin Ech nët esou d'accord....) deen Highlight op der Fläsch gesait no engem Fehler aus...
E gudden trick fir Béier ze fotograféieren ass, d'Récksait vum Glass matt alu papeier ofzedècken....daat reflektéiert d'beliichtung an get dem béier eng schéin gëlle Fuerw
Laurent76 03.03.2010 - 09:58
Wei mengs te daat mam Fehler?
Den Beier ass vun uewen Beliicht mat engem LED Lenser x21.

Daat probeieren ech eng Keier mat Alu, mes te deen bannen oder baussen an wei kris te deen festgemaat?
m-otiv 03.03.2010 - 10:03
deen méi décken highlight géif ech ewäch maan....den alu vun baussen...et muss éen deen nët gesin (natiierlech)...also op béier héischt. festmaachen maat pattex smile
Laurent76 03.03.2010 - 10:10
Deen hellen Punkt ob der Fläsch...?

m-otiv 03.03.2010 - 10:24
jo, um coll stéert et manner mä um "Bout" selwer...
Sicho 03.03.2010 - 10:15
ech géif einfach een Glas ouni Woopen huelen ...
dentom 03.03.2010 - 10:20
gesinn ech och esou.
Laurent76 03.03.2010 - 10:32
nnnjjjooo, ech wollt awer schon een Wopen drop....
GrAl 03.03.2010 - 11:00
Ech kann mer ongeféier denken wats de maachen wolls me et ass net déi Foto déi mir Loscht op en Béier maachen géif.
Bon, ech hun nach keng sou Fotoen gemet an sin net onbedengt qualifizéiert fir der do en Rot ze gin me ech probéieren dat bei Gelehenhet mol dohem aus an kommen dann op d'Foto zereck.
Me wanns de de Wopen net schaarf kriss (bei 1/3200" an f/3 hues de ower nach Spillraum) hennert ken dech drun fir däin Glas emol eidel ze knipsen mam Wopen schaarf, dann den Béier ze knipsen an duerno déi zwou Fotoen am PS iwertenenzeléen.
Laurent76 03.03.2010 - 11:36
Interessant, fir mech ass Foto elo net "onappetitlech" closed_eye
Firwaat mecht Foto dir keng Loescht ob een Beier, waat steiert dech drun? Daat wollt ech nähmlech genau ereechen...! (Sin schon elo ob deng Foto gespaant)
Farw ass liicht gring, daat verbesseren ech.

Wann ech Kuehleseier am Beier well festhaalen hun ech keen Spillraum mei, wann ech Blend mei obmaachen get et ze daischter, oder ech gin mat der BLZ erof mee dann kreien ech daat mat der Kuelenseier net mei.
(Ech hun hei schon missen mam LED Lenser x21 schaffen, anescht leeft guer keng, dogeingt ass esou guer den Studiobletz pipifax, zumindest waat punktuel Beliichtung ugeet.)

Ech muß awer och soen daß mech mettlerweil (anescht wei den muren wou ech Zweifel krut) mech den onscharfen Wopen net mei steiert mee esou gudd fannen.

Mee dann muß ech nach dei "Loscht ob een Béier" ob Foto kreien.
Shogun 03.03.2010 - 11:54
bon..ech wollt jo un sech keng comments oder tipps mei tippen mee egal.
also fier mech ass schon alleng den daischteren hg en absoluten nogo. wanns de deen baibehaale wells mus deng Luucht iwwerall setzen, net nemmen um glas mee och an der transparenz vum Beier an deng Looftbubbles solle flott an Scene gesaat sin an eng richteg flott Athmosphere duerch flott Liichtakzenter a Liichtkanten um Blas entstoen. Net onmeiglech mee bessi mei verknifft a feinfüeleg...
mat engem hellen Hg get deng Foto schon direkt e gudde Batz mei frendlech, inviteierend an deng Beliichtung wäert sech als manner schwiereg raustelle wells de do och schon eng mei grouss Liichtausbeutung hues an ett vlaicht net su dramatesch ass wann do net alles 100% setzt.
mee boff... maach weis du denks... smile
Laurent76 03.03.2010 - 12:55
Daß den hannergrond schwarz ass huet mech och liicht gesteiert, et huet awer nach keen et ungeschwaat. (Ausser du elo closed_eye )
An beim Kommentar wollt ech net vill soen waat mir net gefällt well een sos virangehol ass....
Ech probeieren mat engem aneren Hannergrond, evtl hell Blo?
Shogun 04.03.2010 - 13:08
ah.. du schengs daat jo gut opgeholl ze hunn dann trauen ech mech lo Mol eppes... :D
ech froe mech wisous de de Beier net wei Beier fotografeirs?
Meng Iwwerleung as dess: Beier as eppes gemitterleches oder/an erfrëschendes, Beier huet eng flott Kroun, a gudde Beier kennt och net aus der Fläsch, wisou daat Ganzt da wei Wain fotografeieren, su delikat? Du verleiers duech dei Approche all die flott Merkmale vun engem flotte Glas Beier fannen ech a mess der d'Liewen en plus nach mei schweier mat dem Geissen etc...
De Problem hei as: ett wees een net ricteg waats de wolls maan: de Process vum Auschedden, mat Bullen oder eflott Glas Beier? Ech geng daat mei radikal emsetzen an Accenter setzencool
an nöööö.. ech si secher kee Fan vun conventioneller, clichéhafter Fotografie wou ech lo soe géng: daat MUS een sou maachen mee hmm.. bei Produkten denken ech mer mus een awer e bestemmtenen Deel un Erkennungswäert berücksichtegen.
Eierlech gesoht häett ech ouni dain Titel a Wopen eischter u lousche Schampes geduecht wei Beier... ouni wëlle lo iergendwei ugraiffend wëllen ze sin...
Ech géng daat ganzt Concept aanescht ugoen an ech si mer secher du wäerts eppes fannen.. wanns de bessi googels an dech do inspireiere leiss... wei all Mensch ... ;)
Deng Wain-Foto fannen ech zB super.. do passt ett.. daat huet de Charme vum Wain, also brengs d'ett och hei secher fäerdeg eppes mei 'stänneges' ze maan smile
sou.. a lo mus ech weg...
ps: ech wees datt ech lo vlaicht bessi vill gemeckert hun, mee ech mengen du bas jo sws nach emmer frai dai Concept an dengem Style emzesetzen, mam Geissen etc... war just eng Propose.. NAISCHT MUSS smilesmilesmile
allez.. have fun.. ;)
ps2: neen, ech loosse mech net beaflossen, gin net an d'Detailler an well dei Foto as sws scho gemaach. Waat een ännere kann as seng Approche zum 2te Versuch, mee dofier schraiwen ech net oft... daat geng heindsdo ukanten :P
Laurent76 04.03.2010 - 13:42
Du hues Recht, daat dooten gleicht eischter Wein wei Beier!
Ech verstin och weis te mengs daß et muß ausgesin....!
An mat der Kroun stemmt och, dei muß onbedingt drop well daat jo och schließlech den letzebuerger Himpchen vum Belschen ennerscheed closed_eye (wei den Voleksmond daat jo emmer esou schein seet)

Wann ech zait fannen wert ech een zweten Versuch maachen awer een ganz aneren wei deen Eischten. Heiansdo geet een einfach ze weit sichen.

Villmols Merci fir deng Tippen och wanns te keng mei wolls gin, deen leschten huet sech hei als Gudd an Entscheedend erausgestallt..........

Kuerz Fro, waat fir een hannergrond geif du dann elo huelen....?
JohnJ 03.03.2010 - 13:35
Also ech hätt e propert Glass geholl... :o)
ann dann hues du nach ganz vill Spillraum mat der Blend fir dei zwou Saachen schuarf ze kreien (wanns du daat dann wierklech wells) . den Wappen och nach e bessi mei no Lenks gedreihnt ann net vun ennen erop, sonder genau parallel geif ech besser fannen, den Schaum keinnt e bessi mei sin, ann wei den Gloda gesoot huet d'Fuarf erem ewei Beier ass gemmeet ann net ewei een Stabilo Boss
Den Shogun huet alles gesoot iwwert den Hannergrond, an gin him Recht. Hellblo geif ech zwar net huelen ... dann gett dei Beier nach mei greng..
Vun der Kuehlenseier hir, deen geif ech net drenken de Beier,
weioft hues du deen zereck an d'Fläsch geschott? Ech geif keen Wuert mei mat mengem Wiert schwätzen.
Bon ech mengen elo hätt ech Alles gosoot (mä nemmen meng Meehnung)
Laurent76 03.03.2010 - 13:59
Glas hun ech x mol gespullt, mee stemmt, et geseit net esou aus....! Ech froen mech awer ob daat keng Spretzer sin....
Den Beier hun ech net zereck an Fläsch geschott, ech hun 4 Fläschen gebrauch dei ech dann och genußlech gedronk hun, an zwar esou seier daß den Beier och nach kaal war....!

Wann zevill Schaum drop war ass Luut net mei derduerch gaang, sprech den Beier am Glaas war ze daischter....

Farw ass ganz secher dernierwend an gringelsech ass se och, den Beier deen grad aus der Fläsch leeft ass am gringsten....

Hannergrond Hellblo mam Vitovox sengem Alupobeier hannen um Glas, mee stemmt, dann wär do nach emmer deen Beier deen aus der Fläsch kennt...

Do muß ech elo mol all är Ideen zesummenraafen an an engem neien Versuch emsetzen..., mol kucken ob et klappt....!
Olivier 03.03.2010 - 13:51
en typ deen ech haiansdo benotzen:

Huel pabeier, schmier en mat fett an (botter zb), an schmier et dann laanscht glas. Huel dir en spray mat waasser, an benëtz tglas. Sou gesait et mei erfreschend aus, well twaasserperelen mei deck gin, an net esou schnell aneneen laafen.
Laurent76 03.03.2010 - 14:03
ob waat fir eng Sait, bannen oder baussen?
Baussen huelen ech un, fir daß et wei am Summer ausgeseit an eng impressioun vun Fresch get oder?
An dann och just bis dohinner wou den Beier steet , sos geseit een et jo oder?

Gudden Tip! Merci!
Olivier 03.03.2010 - 15:53
Baussen, an jo, just bis dohinner wout beier geet..

hai eng foto vun mir, wou ech et agesaat hun:

Ck-Be 1.2
Laurent76 03.03.2010 - 16:05
Excellent deen Effekt....!
Shogun 03.03.2010 - 16:55
oh nee ne... an denge comments hat jo een de selwegten avatar wei ech... Schwengerei... tongue
gtaddei1 03.03.2010 - 17:58
Jo de Wappen ... Letzebuerger Béier ... an de Wappen vun Letzbuerg gesait één nett gudd ... Méé soss eng flott Idé
Gaga 03.03.2010 - 18:37
komesch dat t'Belge den gudden Beier fun hei net wellen ! ? !
surprised
Laurent76 03.03.2010 - 19:24
Dofir wollt ech och keen Glas ouni Wappen well bei Simon ass den rouden Leiw um Blo-waissen hannergrond mat dran...
gtaddei1 04.03.2010 - 13:22
Subtil
Quaffit 19.08.2010 - 13:39
Bis op den onscharfen Wôtongueen an den bessen déiwen Wénkel net schlecht. Um Glas schéngen ugedrechent Waasserdrepsen drun ze sin, dat as net gudd, kann een awer ewech retouchéieren. Ausserdem mist den Béier wirklech äiskaal sin fir dass sech Kondenzdrëtonguesen um Glas bilden. Oder?
Laurent76 19.08.2010 - 14:12
Dat war mäin éischten Versuch, deen war net esou daat...., beim 3ten koum daat heiten eraus

sidd gudder Deng....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 403 Gäscht online