Hun mech sou gefreet mat der sonn haut de metten, hun ech e puer mat der rouder stoff weider geshoot. Hoffen dass et aerch gefaelt, bessen ahneschtes vun mir.
Een Landscape-Crop vum ennegten Deel an dann 180° gedréint... also just den Portrait am Landscape, dann wier se menger Meenung no méi flott an et gief och net stéieren dass een Deel vun den Hoer oofgeschnidden ass.
... den Titel Romantic an dé grëllrouden HG... hmm, also daat passt IMHO iergendwéi nët zesummen.. zur Pose ass jo schon alles gesoot, trotzdem: nice try...
Dei misst du apsoluut nach eng keier maachen (wann et meiglesch ass ) well déén Setting ass super suggestive, méé ewei schons gesoot ... dé Kapp steisst widder d'Mauer
Merci fir dcomments, leider ass main stativ net esou stabil, all keiers wou ech main kapp wolt drop man, den stativ sain kapp ass eroff gerutscht an den kamera krut dan nemen den bueden geknipst all keiers wou ech mech an dpositioun gelued hun :/
Ech hunn déi Foto hei mol grad entdeckt an se gefält mir immens gutt, dat den Kapp/Hoer iwwert den Bildrand eraus ginn stéiert mech guer net, et passt souguer well alles op der Kopp ass an et ausgesäit wéi wanns de géings no ënnen falen oder rutschen.