Een ganze klengen Déél vun menger Landschafft déi ech fir 15 Joer laang gesinn hunn
Abruzzen, Provenz vun L'Aquila , eng Staat déi nett gebraucht huet faméïs ze ginn
Merci villmols, jidderén fréét am fong daat selwescht... an séét duerno
" oh Freck, ech haat gemengt et wàr Himmel oder Waasser... " et ass ganz einfach de Bësch um Bierg dén direkt hannert dém Kïefesch làit an d'Sonn zweschent den Wolléken relativ fréi morjes huet dei Luuchtprokektioun ginn ... Dei dooten ass op één Concours accepteiert ginn an d'resultaat kennt enn Februar
Ech denken daat kennt dohier dass den Bësch e bessi d'Faarw vun Wolleken huet. Ech hun den eischten Moment och geduecht et wier een Wollekenhimmel deen mat engem starken Tonemapping behandelt wier. Awer no méi genauem kucken, an well ech dech och kennen hun ech erausfont dass et een Bësch ass. Ech hätt dem wuel mat enger Mask een aaneren Weissoofgleich gin fir dass et méi "greng" wierkt. Sou ass keen Missverständniss méigelech. Awer vieleicht ass et och grad sou gudd dass een iwert deen Himmel grübelt deen eigentlech keen ass. D'Foto gefällt mir awer och sou ganz gudd.
Effectivement , haat ech och geduercht z maachen , méé den Bësch ass blo greng ... et sinn dei komesch dënnen dei e bessen méi bluette sinn an matt de Wolleken Sonn an Réén e puer stonnen virdrunn huet dess Ambiance geschaaf ( /- 1000 meter heischt en plus) ... Nu jé et ass och gewollt ...
Gei mool op Flickr kucken ... waat hàllste dofunner ... et ass net perfekt méé et waar nett besser drann
Néé de senn fun der Observatioun ass déviiert vun dem Natiirleschen effet... ... misst néés d'Basis Foto eraushueln...
Dokter Dokter ech hunn de Bauch wéi , --- Jo et ass en gastro --- Dokter Dokter ech hunn nach emmer de Bauch wéi ---- Jo et ass nach emmer eng Gastro daat vergéét geschwenn ---- Dokter Dokter meng Fraa làit am Spidol matt enger Verschleppung ...
Den Observateur drengt d'Realiteit an seng éégen réaliteit an iet sech och hie an do dobai ... Huett d'Fraa sein Wéi falsifiert oder waar séin Wéi esou daat één sech hatt keinten ieren ... ?
Lo si mir awer genau am Thema: waat wëlls du wäisen oder huet d'Fra sich schlecht ausgëdréckt ? Wann's du deng Foto "Provënz vu l'Aquila" nenns, dann huelen ëch mol un dass mir së esou gewise kréien wéi së ass. Bis dohin hun ech déi Géigend nët kannt. No denger Foto sin ech awer vill dorëmmer kucke gaangen an hun du gesin: dat ass di aaner Säit vu Roum . Fir dëch ass dat do deng Kandheet mat all deem wat dodrun hänkt, vir eis ass dat eng super Landschaft. D'Subtilitéiten vun där Géigend könne mir nët kennen. An da soën ech ët elo nach eng Kéier (vir drëtt): deng Foto gefällt mir super.
Häss du së zb "a memoria d'uomo" genannt, da wär d'Fantasi mat mir duerchgaang.
Du ginn ech dir rescht ... A memoria d'uomo ... ass één Super Titel an wàrt och se esou nennen ...
Just nemmen als Pràzisioun , ech hunn meng Kandhéét an meng Teenes (bis 19) zu Péiteng verbruecht ... duerno dohinner Studeieren gangen (matt vill Fréét) .
Waas du esou séést ass vollkommen wouer daat et eng flott Landschafft ass méé ech sinn do elo ganz Subjektiv.
Ech hunnse D'Provenz vun L'Aquila genannt well één Kiefesch d'Séil vun de Làit esou ass de Moment an wollt nett d'Spetzt vum Gran Sasso waisen well mier wàit ewesch sinn vun dem "herrleschen " Ideal sinn. Mir sinn méi ennert dem Bueden ewei driwer an mussen de Wéé néés op s'Spetzt sichen. Daat ass natiirlesch eng aaner Saach...
Et ass e bessen ewei deng Foto (St Antoine) sie ass upgelueden ginn mé matt vill sous - entenduen déi ech nett esou direkt oder esguer guer nett dropp angangen sinn.
Méé du, an denger ganz raffineiert an elegenater art an wais , gesste mir d'Occasioun dofunner ze schwàtzen ... Merci.
Merci dass du mir 3 mool gesoot huess daste dei Foto gudd fennst ...
D'Fra ... huet sech nett schlecht ausgedreckt méé ech (oder mir oder sie... asw) hunn hier nett nogelauschtert ... du hueste hier awer nogelauschtert wellste gesischt huess... Kompliment .
Ech woar och nett esou iwerzééscht ... mé et woar awer esou ... Nodééms den Shanti mir gesoot huet fir de WB ze verbesseren ... hunn esch neischt besseres hin kritt.
Dann gefàllt dir eben net de Moment wou ech dess foto geméét hunn ... Morges an et haat geraad geréént mat enger Sonn dei durch d'Wolleken komm ass. Et déét mir dann eben Lééd ... kennse nett verbesseren
Ah freck. Lo hat ech d'Kommentarer gelies an et nawell flasch verstanen. Ech duecht den Besch-Himmel/Himmelsbesch wier bäigesat gin. Virun allem well ënnen bei den Beem sou eng Zort Halo rondrëm as.
Effectivement et as eng Zort halo mé kéén Halo... et ass Luucht dei hannertem Kiefesch woar ... an daat woar och eng chance fir d'Foto ... sou ginn Plàng méi evident
Wàret den kontrast halo gewiescht dann missten d'Béém um Bierg och halen hunn .
Also ech haassen kontrast Haloen ...
Dat muss engem awer deck doen, des schéin Foto unzekucken an esou weit vun dem heem(l)echen Dierfchen ewäsch ze sin. Mär gefällt wéi Duerf virum Hannergrond erausstecht!