Schein Serie, et steiert mech just bei der eischter den Schied an den Cadrage, d'Joffer huet Feiß ganz interessant gehaalen mee sie sin leider net drop....
An et wirkt e bessen flach
An bei der 2ter sin Hoer am riedsen A.
Dei 3te kippt daitlech no rieds, mee daat ass jo seier korrigeiert...
Du hues bei allem wous de soos Recht awer wei gesoot ech war nemmen hannert dem wierklechen Fotograf aktiv a wollt him net an sain Shooting fuschen dofir hun ech net emmer deen richtegen oder optimalen wenkel gehaat fir zb d Feiss mat drop ze kreien Och d Schieter sin doweinst net immens. Jo d Hoer am A ass och doweinst den Focus war grad do amgaang vun ennen erop hat ze fotografeiren gesais dei och bei him , do sin d Hoer net am A
keng ahnung. dei pose, den setting, all daat passt fier mech iwwerhaapt net bei kleng meedercher. Waat soll daat aussoen wann en klengt meedchen sech un en zonk haengt hannert deem een graffiti gesait an dann iwwert d'scheller kuckt wei iergend sou en lo lita model? Grad hautzudaags mat den ganzen diskussiounen iwwert pedophilie etc. fannen ech daat en bessen onpassend. Ech kann mer denken dass daat alles net dain setup as also schreiwen ech un dne falschen, sorry dofier ... et as just meng meenung.
muss soen ech als hier Mamm hun daat do immens flott fonnt an absolut net sou iwerluecht. Fannen et schein weint de farwen an sin souwiesou e Fan vun Graffitien.Gesin do naicht schlemmes dobai!
ech huelen un, du bas an enger besserer positioun wei ech fier ze beuerdeelen ob dei fotoen an der rei sin. Ech hun mech just gefroot waat d'ausso soll sin. Mais wei gesoot, just meng meenung...