Extras: ventilator, studioblëtzer an eng schéin cousine...:-)
Fir anzesetzen: [pg_img=43032]
Kommentar vum Fotograf:
hun mech mat menger cousine amuséiert, an daat spéit an der Nuercht, noom Workshop huet een wirklech loscht emol e bessi ze probéieren... mee main matérial as zwar net esou *TOP* wéi deen vum Club... mee bon...
Wann dei Foto scharf wär an keng 2te "Schiedrum" hät wär se super....!
Mee daat mat der Schärft ass hei zwar krass dernierwend.... trotz 14ter Blend.
Du muß also falsch Fokuseiert hun.....
Hei muß einfach Gesiicht an Aen scharf sin, anescht geet et net!
Hun en "halo" drop gemaach sie as net "net focuséiert"!!! Sie as och express net schaarf!!!!! Wollt en romantik touch dran bréngen!!! Mee emmer wann ech daat maachen kréien hei gesoot dass se net scharf as!! Oh daat eenzeg waat net scharf as sin seng kleng Hoer die fléien... Soit: affaire de gout!
Et ass daat waat ech mir geduercht hunn ... méé déi huet guer keng defekter an keint rouesch ganz natiirlesch blaiwen ... An wann één se wellt Glowen awer dann nie d'Aan matt ... daat mescht net gudd!
Ok! Daat as wouer! Mee Hun just keng Ahnung vun PS an schaffen mat ganz basic programmer Wei Picasa wou's du just daat ganz Bild Oder naischt kanns verschaffen! Mee Du hues recht!
Nu jé dann gett et haart ... et ass ewei matt engem film schaffen an der Analog fotographie ... mé de besoin wàrd sech schaafen an wann nett dann eben nett fir op engem Programm ze sprangen déén dir eng mi grouss creative Freihéét an der post-produktioun leisst.
se ass vlait nët onscharf genuch, sou gesait et aus wéi wanns de een fehler gemeet häss, matt der onschärft spillen ass eben ëmmer geféierlëch, ass ganz seelen dass et gelëngt
kuck déi hei eng kéier: ... inside
Schein; ganz schein: mee do sin se net selwecht onschaarf, dann hätt ech an denger plaatz daat war fir as schaarf gemaach an die aaner komplett net wéi se elo as ... Mee Bon du hues recht mam geféierlech ... Ech lueden muer eng 2. Photo erop an verschaffen se dann net mam " halo" an dann hoffen ech aer Mehnung dann ze kréien!
Muss onbedingt Ps "léieren"
Also ech fannen se eigentlech ganz gut. Dei sach mat der schärft fählt mir lo mol net weider op, mee bon, kann och um klengen iphone display leien.
Ps. Muss sou eng foto eigentlech emmer komplett scharf sin?
Wäert mir se en owend nach eng keier doheem um pc unkucken.
Absolut rischtesch...
Et geif jo duer goen wann déén se geméét huet gudd fennt dann geif hien jo hai net posteiren. Mé d'Foto huet één Language de Base an wann één dei Sprooch net emmer respekteiert dann schwàtzt daat Bild net méi an dofir ... sinn e puer Fauschtregelen do ewei de Xaph daat och séét
Aslo ech fannen et net ganz gutt esou... fannen den Effet deens de wolls machen, net gutt angesaat... d'Gesiit soll schon emmer schaarf sin (AAN) wanns du dono ee softfocus op d'Hoer am Hannergrond mess dass daat e bessi mei Glamour gett ass daat daan och erem OK.. esou gesait et fir mech zevill no net schuarf aus...
Jojo richteg verstaanen waat jiidereen Mir hei well matdeelen! Muer setzen ech eng 2. Dann hoffen deem "Fehler" nieeee méi ze maachen wann daat esou schlemm as... Dofir sin Mir do: fir eng Mehnung ze kréien an fir dovunner ze léieren...
No problem
merci
Ok ech sinn och dàr doter Méénung... Et ass awer nett schlescht ... nett falsch verstoen et kenn awer e besse besser sinn
Wann ech meng portraien geif oplueden dann geifen se mech aus de PG erauskatapulteieren