Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bagger

 
Bagger
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (22.02.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.02.2010
  • Gekuckt:
    45133
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    36
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    10,5 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    keen
  • Beliichtung:
    0
  • Gréisst:
    1024x680
  • Späicherplaz:
    458 KB
  • Originaldatum:
    21.02.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D300s
  • Programm:
    A
  • Objektiv:
    Nikkor 10,5mm fisheye
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=43015]
Kommentar vum Fotograf:
Haut haat Ech mein Stativ derbai...HDR matt 7 beliichtungen...e bessi nogecroppt an geschärft
RockIt 21.02.2010 - 19:19
Gutt Foto closed_eye

Haat och mol eng keier sou eng HDR-Foto probeiert mee huet kack bei mir ausgesin smile
m-otiv 21.02.2010 - 19:45
Merci smile ... Matt hdr ass d'versuchung sou grouss et ze iwwerdreiwen... Muss mech emmer zréck haalen
dr_kim_veis 21.02.2010 - 19:33
wou as daat, wann ech dierf froen?
m-otiv 21.02.2010 - 19:48
Zu Mamer
dr_kim_veis 21.02.2010 - 20:05
ok, flott foto. perseinlech haeet ech e bessen mei kontraster dran bruecht mais daat as adg.
m-otiv 21.02.2010 - 20:21
bon hun e bessi Kontrast méi gemaach mä Ech mengen Ech hun un Détailler verluer
housicker 21.02.2010 - 19:40
genial! Den HDR ass da gelongen, mech steiert just deen wintzegen deel vun deem 2ten bagger op der lenker seit vun der foto.
m-otiv 21.02.2010 - 19:49
Jo mech och smile ... Moment gin d' Schéiere sichen
m-otiv 21.02.2010 - 19:53
sou smile
housicker 21.02.2010 - 21:32
Tip top daat doten smile Sou gefellt se ma nach besser!
Laurent76 21.02.2010 - 19:42
Pas mal, daat mam Himmel ass wirklech gudd gelong..., esou haut ob Buergsonnden wärten Engelen hier Buerg och verbrannt hun
m-otiv 21.02.2010 - 19:54
merci Laurent...
Tomz 21.02.2010 - 20:07
Gefällt mer deck gutt closed_eye
m-otiv 21.02.2010 - 20:11
merci
deBaemm 21.02.2010 - 22:46
super fiir mech! bessen Buedem weg geschnippelt dann ass top bigsmile evtl. nach e bessen Schärfen mam HighPass SoftLight aus Léift zum Detail, mee loosse mer net kriddeleg sin closed_eye
m-otiv 21.02.2010 - 23:30
highpass...got it..probéieren et emol
m-otiv 22.02.2010 - 13:03
done smile
deBaemm 22.02.2010 - 14:38
Guddeso!! smile
m-otiv 22.02.2010 - 18:00
Merci fir den favs
gtaddei1 21.02.2010 - 23:09
Ouni desch ze vexeiren ... Firwaat huest du 7 Fotoen geméét an wéi huess du se geméét? ...
Et fehlt un Kontrast an schàrft ... daat ass beim neien Lycér vrunn één op dem Scheinen Stàr kennt?
D'Dynamik ass flott ... méé et ass e bessen ze spartanesch ... et gett och vill ze kucken méé et fennt één de Lien tescht dei verschiedenen Points d'Intérêts nett direkt.
Bass du domaden d'accord? oder geseist du daat e bessen aanerschters?
m-otiv 21.02.2010 - 23:45
keen probleem....Ech wëll konstruktiv kritik, domadder kann ech eppes ufänken.
1) 7 fotoen wäll mein autobracketing 3-5-7-9 fotoen matt ofstand fun engem stop ubidd (nët 2). Matt f22 als blend wollt ech esou wait schaarf wéi méigleg. Et ass mein 2ten HDR an a mengem tutorial waaren et souguer 9 fotoen.
2) Et as bei der sortie richtung Luxembourg (autobun) vis-a-vis vum subaru garage.
3)spartaneg? moment gin am wikipedia liesen waat daat héescht smile
4) Vill ze kucken? 2 sujeen, regle des tièrces matt villaicht e bessi bueden zevill
Fazit: Ech fannen se toll wäll et meng zweet as an dee Bagger charm huet. Al suggestioun hun ech ugewändt bis elo fir se ze verbesseren.
Waat géiffs Du mir konkreet firschloen Genaro. Waat maan Ech falsch?
Keep in mind Kompo komplet improviséiert...e bessi Son do un der richtecher Zait an ech sin eraus gelaaf mam stativ an lassgeknippst...
Am grousse ganzen as daat keng foto wouvun ech mech elo muss schummen wäll se mir gefällt...En highpass wéi den deBaemm suggereiert wäert och dru gléwen...mam cropen ennen muss ech mir iwwerleen.
gtaddei1 22.02.2010 - 00:27
Absolut nett schummen...Dei ass gudd... Meng Suggestiounen :
1- Bracketing.. Loos Tutoriellen op d'Sait an verstei virwaat du BKT iwerhaupt méés.: Wou huess du beliicht? ... dann ass de Histogramm vill méi wischtesch ewei den AutoBKT och matt 1 Stop (oder IL) ... daat ànnert nett vill (vis-à-vs vun déém waat Canonisten hunn) ... wider huelen den Histo ass wischtesch!
2- D'Kompo : Justement spartanesch well du den Stativ opgestallt huess an nett weider gekuckt ewei deng Linen um Buedem sinn (spuren vum trakter ) ... déi hatten dir kennen eng nach méi flott dynamik verschaafen an dééms du dei e bessen méi vun der Sàit geholl hass.
3- Règle des tiers : Den trakter ass praktesch an der Mëtt ... dé misst e bessen méi ennen stoen (oder uewen ... ... an dem dooten Fall hàsste kennen dei Linnen och méi gebrauchen) .
Den Himmel oder Horizont ass genau an der Mett (daat geschitt och oft mamm Stativ ... mir immens oft)
Dann ass éé Cropp (déén nett einfach wàrt sinn ) schon néidesch méé besser nett wannste d'Foto déséquilibreierst.
4- Den Himmel : Déén Waisse Punkt huelt ganz d'Atentioun an déin trakter kennt an 2ter stell (also ass den 1schte sujet den Himmel --- Daat Hescht point lumineux d'attraction ... et ici e besseb gênant.
3ten Sujet ass de Keupp ... jo déén emkréést ass vun den Spuren also eng mise en évidence ... also nach eng Keier den trakter verleiert un attractioun ...

Du hues do eng Sau schweier plaatz ausgesicht ...

Et ass daat waat dei Foto voller Spannung mescht ... allzàiten et ass esou ewei ech se spieren...

Den HDR ass eng technik fir d'Dynamik auszenotzen vun der Luucht dei doo an esou trai daat duerno op der Foto eremm ze kreiein ewei meiglesch oder matt Nuancen dei Subjektiv dobài gefügt ginn an dééms én matt den Kontraster schafft...
HDR ass neischt einfaches ... et ass plutôt schweier.

So ech hàtt nach ze soen ... mé daat wàrt villeicht aus der Diskussioun kommen.

Also nett rosen ginn ... ech déélen nemmen matt an déélen mat dir waat ech wéés
Laurent76 22.02.2010 - 09:05
Et ass zwar net meng Foto mee ech hun mat deem doten Kommentar awer eppes beigeleiert...., moment emol...., cmd c.... cmd v smile
m-otiv 22.02.2010 - 21:38
Merci fir den Favs smile freet mech
m-otiv 22.02.2010 - 10:06
Rosen ginn....virwaat dann..wëlls du dir zait hëlls fir mech...Ech freen mech doriwwer smile
Also mein histogramm waar bei daat éischt bild gesond, dann 3 biller méi ennerbeliicht an 3 iwwerbeliicht....den hèllsten haat am histogram nëmmen nach hèll téin an deen (-3) nëmmen nach däichter...

Hätt ech nëmmen misten den hèllsten, de gudden an den däischtersten haalen? Oder nëmmen al Zweeten?

gtaddei1 22.02.2010 - 10:46
Mamm Cropp ass dei schonn vill vill besser an d'Schaerft passt och schon gudd. Du gesaiss awer daat mamm High Pass d'Foto erhellt gett wann du dei am Softlight blends ... kuck dein Himmel .
Fir HDR : Beliichtung vun déénen deischteren oder mettel hell punkten , eng prise all 2ten IL huelen bis keng iwer oder ennerbeliichtung do ass... daat kennen hi an do bis 10-12 an méi Fotoen ginn .. Zemools matt esou engem Himmel.
Dann am Photomatix assembleiren an Strength op 60 oder e bessen manner an Light smoothing op Max (daat gett eng realistesch foto; do ass den Shantideva de grousse Champion!!!) ... Wann één awer eng e bessen méi welt (wild) Foto well dann Strength op 70-80 an Light smoothing op 50 (doremmer ) .
Voilà

PS... dei dooten deiste elo huess ass besser
m-otiv 22.02.2010 - 11:08
Merci villmools fir deng (détailléiert) Typen....Daat matt den ovstand vun all 2ten IL ouni iwwer oder ennerbeliicht ze gin an trozdeem 10-12 biller ze kréien hun ech awer nët verstaan unhappy matt (hei) 7 biller an ofstand vun 1 IL waar déi -3 baal komplet ennerbeliicht an 3 komplett iwwerbeliicht sad
(sorry, wëll nët nerven mä verstoën, HDR, och wann schwéier, wëll ech onbedeengt behèrschen)
gtaddei1 22.02.2010 - 11:50
Ech well nett um Gotteswellen pedantesch hai klengen...
Waat ech maachen:
Beliichtung op op zone 5-6 (daat hescht metteltéin - op denger Foto wàr daat den rietsen hannergrond) ... dann hàt ech ennerbeliicht bis d'Iwerbeliichtung nemmen blintzelt um Live View, an schlussendlech hàt ech iwerbeliicht bis ech den lenken déél vum histogramm sech komplett détacheiert vum "komplett Schwarz" = déi lenk Vertikaal vum Histogramm)
Dofir ass daat Manuell ze maachen ... an den AutoBKT huelen ech nemmen wann Free-Hand HDR maachen aus evidente Grënn.
Do ass emool daat één vill biller am negativen IL huet an nemmen 2 oder 3 am positiven Beraich. Deng Foto hàtt vill negativer gehaat wengst dem Himmel an 1 oder max 2 an dei Positiver wengstem dem Koup .
Matt deser Method wàrse nett vill aaneschters ausgefall ewei bei dir méé probéier emool um 12 Auer an der Greller sonn wou éé Schiet (Schatten) ass ... do géét d'Gamme iwer 20 IL dann gett den Histogramm den Témoin fir eng gudd foto
gtaddei1 22.02.2010 - 11:51
Freck daat ass jo één ganze tutoriel ... méé um Terrain... nett schlecht waat hai um PG esou meiglesch ass ... ech hunn schons och vill baigeleiert ... an et ass stimulant
m-otiv 22.02.2010 - 12:08
nächste kéier maachen mir een Thread um Forum bigsmile oder schréiw direkt een Tutoriel ... merci nach
gtaddei1 22.02.2010 - 12:41
Daat misste dem Shantideva froen ... déén wéés eng méi ewei de Poopst iwer den HDR (de poopst wéés alles ausser den HDR déé wéés den Shanti besser)
McQueen 23.02.2010 - 11:59
Hey den Vito war an den Sumpf...... smile
Den Himmel ass ..wow....
ech wär nie op d'idi komm en Bagger esou ze knipsen... smile
m-otiv 23.02.2010 - 12:02
Merci Steve smile... Mein Stativ ass bis an de knéien knaschteg.
McQueen 23.02.2010 - 12:07
Daat doten war EMMER eng Supp resp. en MEGA SUMPF....an elo gett do drop gebaut....dei Wunneng well ech net geschenkt....
Vill Spass beim Botzen smile
m-otiv 23.02.2010 - 12:12
Glaich hänken Mamer a Capellen unenéen wanns Sie weider ander Richtung bauen
McQueen 23.02.2010 - 12:52
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 490 Gäscht online