Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Béier Schalter

 
Béier Schalter
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2010
  • Gekuckt:
    25508
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1331
  • Späicherplaz:
    673 KB
  • Originaldatum:
    15.2.2010
  • Fotoapparat:
    Nikon D90
  • Programm:
  • Objektiv:
    AF-S NIKKOR 18-105mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42841]
Kommentar vum Fotograf:
Main aller aller alleréischten Versuch mat enger DSLR. Hoffen et passt :)
Laurent76 16.02.2010 - 10:33
Ech hät Foto un der horizontaler Fensterrum iwwert dem Schaltpult ausgeriicht, esou kippt se e bessen.
Waat fir eng Brauerei ass daat doten dann, Dikrecher an 2 Joer...., kann baal net sin well dei muß Residencen Plaatz maachen... closed_eye
McQueen 16.02.2010 - 11:06
Ech mengen wech wees wou daat doten ass....gett den Owend gekuckt, well ech fueren oft do lanscht.
Soll awer zimlech baufälleg sin an och net ongefeierlech dobannen.
Dofier sin ech nie da ran gaangen (wann et do ass wou ech mengen)
Hues du nach mei Fotoen ?
GrAl 16.02.2010 - 11:17
Do eran ze goen ass zwar liewensgeféierlech. Nierwebai gett grad dran geschafft.
McQueen 16.02.2010 - 11:25
Gett elo dran geschafft???
Dann ass et awer net mei fier do ran ze goen smile
Shantideva 16.02.2010 - 11:36
Ech war och virun engem Joer, oder sou dohin. Et get awer net vill interessant Fotoen do ze machen. An och grad deen Moment wou ech dobannen war ass d'Gemeng mat engem Promoteur opgetaucht an ech konnt an mengem Eck setzen bleiwen bis si erem gangen sin (iwert 1 Stonn). Gudd dass et tatsächlech deels an engem ganz schlechten Zoustand ass. Also sin déi Hären wéinstens net am Gebei honderemgetreppelt. Ech wees dass d'Gemeng een Deel restauréiert an de Rest get eweggerappt. D'Foto ass awer gelongen well se een vun denen raren photogenen Ecker am Gebei isoléiert huet. Meng Fotoen vun do sin all am ronnen Dossier geland, mengen ech.
McQueen 16.02.2010 - 11:41
Ech fueren schon Jorelaang do lanscht (well och als jugendlechen an der Geigend gewunnt), an sin nie eran gaagngen, well ech emmer nach dei Wiedder "faul" duerch "den Bueddem fallen" asw....an den oueren hatt....
grrrrrrr
Has du weinstens eppes ze drenken dobei smile
An du hues mol net missen bei deng Kollegen vun der Police goen, daat wor dach schon eppes wärt, oder ?
Shantideva 16.02.2010 - 11:50
Ob ech elo vun denen 1 Stonn opgehaalen gin wär, wier baal op daat selwescht eraus komm. smile Et ass just blöd wann een do setzt an et muss een eng Gruppe vun Leit am Ae behaalen. Et hätt jo kéinten sin dass sech awer nach irgendeen do erangetraut hätt. Eventuell hätt ech jo déi Zeit nach irgend eppes ze fotograféieren font. Awer déi Begreffer wéi "faul" oder "duerch den Bueddem fallen" kann een vun ganz villen Platzen an dem Stil behaapten. Et wier och net vir d'éischt dass een dobei leien bleiwt. Sou een Fall hun ech nach virun kurzem gehaat, wou een Kolleg déidleg verongleckt ass. Et muss een sech kennen Limiten setzen. Hei ass et awer nach zimmlech OK am Verglach zu aaneren Platzen.
McQueen 16.02.2010 - 11:54
Waat een als Kand net alles glewt unhappy
Mol kucken ob ech net awer mol kuerz lussen gin
eiertee 16.02.2010 - 12:36
"Liewensgeféierlech" ass vill gesoot... Net méi geféierlech wei aaner Plaatzen och... An et huet definitiv net ausgesinn wei wann dran géif egschafft gin
the_zipper 16.02.2010 - 11:31
Daat ass dei Brauerei wou se emmer sou Funken closed_eye
eiertee 16.02.2010 - 12:03
Daat ass ganz richteg the_zipper smile An esou "baufälleg" an "faul" wei dei meeschten leit behaapten dass déi Plaatz wier ass se wierklech net... Sin zwar keen Genie Civil, mee hun schon Plaatzen gesinn wou definitiv mei geféierlech sin wei dei heiten. Mee wei ass et mat Foto selwer? Ech brauch tiiiiiips smile Merci smile
the_zipper 16.02.2010 - 16:14
Jo also ech fannen d^Foto u sech gudd, mee et wier vielleicht besser gewiecht wann an desem fall een dei Haiser an der Fenster net geiff gesinn, mee einfach iwerbelicht wier. Ass meng Meenung dass daat bessen steiert.
eiertee 16.02.2010 - 19:53
ok, experimenteieren dann emol e bessi smile
Soffel 16.02.2010 - 15:18
Hey smile Dei kennen ech dach vun enzwouch closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 316 Gäscht online