Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

fënnef

 
All Fotoen an dëser Serie:
4629 Thumbnail
4630 Thumbnail
fënnef
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.02.2010
  • Gekuckt:
    31477
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
    ?
  • Fotoapparat:
    Sony R1
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=42530]
Kommentar vum Fotograf:
fënnef Fanger, sechs Séiten, ... wén huet esou eppes erfont ?? lol

et war um " bluesfestival " um fond de gras,
ech hun En nët kannt, awer e konnt :)

e Schnappschoss, hu probéiert dat bëscht draus ze machen
vir déi déi mol behapt hun, hien léist e Filter driwer laafen..., nët grad ;)
xaph32 03.02.2010 - 23:10
ech muss mëch wierklëch drun gin matt denen texturen...
gutt dat do
deBaemm 03.02.2010 - 23:17
"e léist en Filter driwer laafen..., nët grad closed_eye" pfff dann eben nach e crop tonguenee also gefällt mer wi su oft schon ganz gudd smile
Dan 03.02.2010 - 23:21
Mäi Päfferkär?
Mir perséinlech gefält d'Textur hei net!
De Cadrage ass bei der iwwerschaffter Foto besser wéi beim Original, mä de Rescht gefält mer net!

Beim Original stéiert ganz kloer den HG deen ofgelenkt, mä deen häss de dach mat klenger Blend a méi Brennwäit onscharf kritt...
Du seess et wir e Schnappschoss an deem Fall sin déi Astellungen wuel net méiglech gewierscht!
Mee an deem Fall gët däi "Wierk" och net d'Stëmmung vun deem "Moment " erëm, waat bei Concertsfotoen jo awer a mengen Aaen wichteg ass...
Dat ass meng SUBJEKTIV Meenung!

suraki 03.02.2010 - 23:59
ok du mes aner Biller ewéi ech selwer ... ech striewen eben nët no Réalitéit.

@klëng Blend a méi Brennwäit
... et gi Léit déi nët mat Vollformat schaffen, a nie eppes anechters ewéi e WW um Apparat hun.

@Du seess et wir e Schnappschoss an deem Fall sin déi Astellungen wuel net méiglech gewierscht!
.... verstinn ech nët mat den Astellungen, vierwat se nët méigelech wären,
wanns du mer awer sés dat et ké Schnappschoss war , muss ech et gléwensmile

@och net d'Stëmmung vun deem "Moment " erëm, waat bei Concertsfotoen jo awer a mengen Aaen wichteg ass...

Stëmmung ronderem war an as mer nët wichteg gewiercht, sos wär et en anert Bild gin, ... fleicht ewéi ént vun déngen, wat richteg exellent Concertsfotoen sin smile

d'Kategorie an dém dest Bild hei steht as "Digital Art"
..aus enger Foto, eppes anechters machen, molen an verschaffen,
ech vegleichen et jo och nët mat engem Streetbild, obschons den Schnapschoss !
an der Öffentlechkét op der Stooss emach gin as smile

merci awer nach fir de Kommentar smile








Dan 04.02.2010 - 07:39
Fair enough!

Wat huet eng kleng Blend an méi Brennwäit da mat Vollformat ze doen?
Dat verstinn ech net ganz?

Dat mam Schnappschoss war esou gemengt dass de fir e Schnappschoss wuel net onbedéngt d'Méiglechkeet haass fir Blend opzerappen an méi erunzezoomen (dat haat ech mat Astellungen) fir eben den Hannergrond manner präsent am Bild ze hunn.
Ech haat mech do wuel net richteg äusgedréckt closed_eye

Dass du eng aner Idee hannert dengem Bild haass liicht mer an, genau sou wéi de Fait dass du net no Realitéit striews!
An mat deenen gedanken hues du däin Ziel jo wahrscheinlech erreecht, ech hunn dir eben just meng subjektiv Meenung gesot, méi net! smile
suraki 04.02.2010 - 12:13
Dan, ech sin e puer mol hei ugeschriwe gin, mat ...
... Froen ewéi , wéi ,wat , asw ... u sech war d'Iddée ze wéisen dat meng Biller nët emmer gud sin !! , (dovir express de nët gelongene Schnappschoss)dén dorno e bessen verschafft gin as. Dann wollt ech awer och nach wéisen, an dat war mer wichteg, dat én do iwert dat verhonste Bild, nët einfach e Filter kann driwer geheien fir dat et e bessen acceptabel as.

@Wat huet eng kleng Blend an méi Brennwäit da mat Vollformat ze doen?
@Dat verstinn ech net ganz?
ganz einfach , ech hat en 24mm (crop) den huet eng wahnsinneg Déifteschärft vis à vis vun engem Tele an bei opper Blend as jo bei mengem Cropsensor méi Déifteschärft ewéi bei engem Volformat (ok .. ech wés , dat as och nët ganz richteg)

dat man Schnappschoss hun ech elo och verstanen (schum) smile Ech ducht du häs gemengt ech wär gezielt Concertbiller mach gangen, hat éichter zoufälleg an Apparat derbéi. (ech hat do wuel nët richteg geliesbigsmile)

ewéi schons geschriwen, wann é mech no gudde Concertbiller fréet, fahlen mer dëng an wou d'Stemmung vum Daach eriwer kennt,
... an nët mein gemolten Studioimmitat ;)

merci nach fir d'Änwert smile














Dan 04.02.2010 - 20:33
suraki, ech denken ech hunn deng Idee verstan, an ech denken dass du bei deenen Interesséierten och dat erreecht hues, waat's du wolls!
Also alles gutt! smile

PS: Merci fir d'Komplimenter zu menge Fotoen!
Gaga 03.02.2010 - 23:25
printen->op den buedem-> schlittschung dermat duerch stuff -> e bessen kaffi drop gesabbelt -> an mam fön gedrechen -> scannen > macro fier t'rumm, an färdeg as dei 2t !
eis de dei eicht gemach hues wees ech allerdings net !!!!
surprised
suraki 04.02.2010 - 00:03
falsch ! ... e Makro fir alles, mache mech dach nët midd tongue
Gaga 04.02.2010 - 08:14
du hues se 2Deeg bei de Pedro an den Therarium geheit !bigsmile !
suraki 04.02.2010 - 12:18
ech hun em d'Kralle geschidden, d'Schréipsen gin elo néi dëck smile
Shantideva 04.02.2010 - 00:11
Ech hat elo een Moment bal de rescht vun den Kommentarer zur Foto gelies an hun awer direkt opgehalen fir dir meng éierlech Meenung ze gin.
Original an Bea gefalen mir net sou richteg. Am Original hues du d'Atmosphere doudgebletzt an bei der beaarbeschter Versioun sin d'Faarwen durch den BW Overlay zwar ganz interessant, awer do wier, menger Meenung no nach eppes un Finetuning méigelech gewiecht. Wann ech d'Original net gesin hätt, dann wier ech wuel méi iwerzeegt gewiecht vun der Bea, awer sou, vis-à-vis, hun beid Fotoen eppes waat se géigenséiteg an Konkurrenz setzt.
suraki 04.02.2010 - 00:26
u sech war et nët geduecht fir d'Biller ze vergléichen, sos hät ech éent vun dénen gudden vun dém Daach geholl. Ech wollt hei weisen, wat ech jo och geschriwen hun, an och wëll ech schon e puer Mol op d'Filteren ueschwat gi sin, dat én aus engem schlechten Schnappschoss eppes ganz anechters ka machen. Dat war op allefall den Zweck virwat d'Ausgangsbild matgewisen gin as.

Merci och hei fir den éierlechen Kommentar smile
Shantideva 04.02.2010 - 06:44
Sou gesin ass et dir och gelongen. Do sin ech mat dir averstanen. Op der aanerer Seit wier et awer net gudd wann daat zevill zum Standard gief gin dass een aus enger "manner" gudder Foto mat vill PS eppes mecht waat duerno gudd ausgeseit. Daat kéint vieleicht Änfanger dozou verleeden fir sech net méi richteg mat der Technik vun der Photographie auserneen ze setzten. Ech hun sin zwar selwer an enger schlechter Positioun fir sou ze schwätzen well ech och intensiv den PS benotzen. Awer ech leen Wert drop dass meng Ausgangsbiller och gudd sin.
Awer daat sprengt d'Thema an ech wees jo och dass DU beides super beherrschs, an dohir ass déi Remarque och allgemeng gemengt gewiecht.
suraki 04.02.2010 - 07:14
irgendwéi hun ech d'Gefill , wéi wan mer lanecht dem Thema sin, et get net iwert d'Bild selver diskutéiert, mé iwert d'Ausgangsbasis. Ewei wann én bei enegem HDR iwert déi nët korrekt Belichtungen vun den eenzele Biller gif schréiwen, an d'Resultat nëmmen esou nierwebéi gëng gesin. Esou wéi, ... hei fehlt mer e bessen am Schied .... an do as se mer ze vill iwerbelicht.

Ech wollt elo schons d'Ausgangsphoto läschen, fir dat iwert dat wesentlecht, nämlecht d' Bild selver , ech soen hei express nët Foto, geschwat get. Dat wär awer falsch, dann gif nämlech all eist geschreiws hei domm ausgesin smile

As awer eng interessant Diskutioun !
Dei Sach mat den Ufänger an ze verléeden ... as awer 100% korrekt smile , an dovir weisen ech meng Biller elo hei nie méi "réi" , .....ech si kén gudde Fotograf smile
xaph32 04.02.2010 - 08:52
bon ass et dann nët sou dass (bal) all ufänger iwwerzeecht ass dass mam Photoshop alles geet? déi meescht laafen dach egal wéi an déi faal ran...(wat mëch matt aschléisst, ech hun am ufank all schlecht foto wollten matt PS retten, haut kennen ech den "delete"-knätonguepchen closed_eye ...)
fir main deel fannen ech d'iddi matt 2 biller (input/Output) gutt, well et mir eng iddi gët wéi's de geschafft hues a wéi ech sou eppes vlait aus jux oder och méi seriös probéiren...

en plus ass se jo am digital art klasséiert, ech gesin do ke problem
Shantideva 04.02.2010 - 09:09
Dito! Dem schléissen ech mech och un. An ech gief déi aaner net läschen. Et ass jo awer interessant den Vorher-Nachher Effekt ze gesin.
suraki 04.02.2010 - 12:25
jo Jean-Claude,ech lossen se stoen, sos wär eist geschreiws hei jo fir d'Katz gewicht smile

@xaph, ... jo natierlech get en Ufänger derzou verléed mat Filteren an PHotoshop ze spillen a méi schlecht ewéi gud ze machen. Et gét och esou wéit, dat én net méi wés ob bei engem Porträt en Mensch oder eng Popp do setzt oder steht.
awer Béides as gerechtfärdegt , oder ? En bessen ewéi an der Musik, ech gin immens vill (och duerch de Jeff) klassesch Conceren kucken... Hat se viru Joeren nët immens gären, haut lauchteren ech klassesch Musik am Auto. Mat déitschem Schlager kris de vill Léit un d'laafen,
Blues Jazz asw , dén én schwiert drop ... dén aneren verdaamt en.
ewéi eis Styler an der Fotografie, en Studiofotograf fënd fléicht Street blöd, én dé Komposing mecht ka mat enger normaler Foto néicht ufänken, en Urbexer as nët onbedingt en Studiofan asw ... énzel gesin huet awer alles seng berechtegung a séi charme smile smile

merci dir Allegueren !
xaph32 04.02.2010 - 13:58
dat setzt déi gewëssen ouverture d'esprit viraus, déi awer nach laang nët jiddereen virzeweisen huet (leider), ech sin awer ganz d'accord matt dem wat's de sees. d'musik ass iwregens e gutt beispill, ech sin jorelaang gemobbt gin well ech justement niewend der klassik nach rock gemeet hun. aus der erfahrung raus haalen ech et matt den fotoen sou: et gin saachen déi ech besser verstin an aanerer manner, dat eenzegt wat ech sëcher nët sin, ass e "tongueurist". zB: den débat analog/digital féiren ech nët, ech notzen ëmmer den moyen den ech fir ubruecht haalen an der hoffnung dat bescht méiglëcht resultat ze erzielen. ech denken dat sollt dach den but sin?

fir nach e bëssi ze stëtonguepelen, ech wëll guer nët wëssen wat den Mozart gemeet hätt wann en den moyen vun haut gehat hätt... ech denken dann géif keen vum Jackson oder den Beatles schwätzen, an dësen sënn closed_eye
Gaga 04.02.2010 - 14:26
Hei muss ech awer elo mein Pefferkàr beisetzen :

Et as keen Fehler als Ufänger sou extrem dranzeschloen !
Den Mensch brauch eben sou eng Bandbreet, fier sech "anzependelen" !
En beispill :
Kennt dier een deen sech mat 5 e Piano kaaf huet an dann direkt dem Schumann seng "Träumerei" probeiert huet ?
Kenns de een deen mat sengem eichten Velo direkt een X-Games matgemach huet ?
Anescht : als Kannt hun ech vill Musek heieren : Meng Grousselteren hun all WE mat eis den "zum Blauen Bock" gekuckt, ech hun gelidden !
Meng mam wor Fan fum Julio Eglasias, Modern Talking, Abba ... ech hun alles matgemach !
meng grouss Schwester huet mech doheem mat Madonna an mat Kuschelrock zoubetonneiert ... bis ech duerno no vill sichen meint fonnt hun, an ouni dei erfahrungen mat aaneren sachen wier daat net sou komm ! (et as nach emmer fun allembigsmile ))
Daat mat deem Apendelen as ganz wichteg, well et as den einfachsten Wee sein Stil ze fannen, mat luesen drun erun taschten, breicht een vill mei laang !
Wann een sech mat Peilung zb auskennt, do gesait een t'Beispill ganz gut ! an der mathé get et jo och den prinzip ; calcul par restriction fier t'Wuerzelen ouni machin ze rechnen, (dei aal ennert eis hun daat mol nach geleiert bigsmile )
dofier fannen ech dat daat ganz normal as !
als fehler geng ech et guer net bezeechnen !
gtaddei1 04.02.2010 - 00:26
Jongen ... daat ass awer de Stil den elo schrecklesch an der Mode ass ... vil vill méi ewei HDR... an en plus ... den pseudoHDR an esou verschafft gett och gudd an Pub Foto verkaaf... Mangostyle ?
Jo et ass nett perfekt villeicht méé et kennt un . Elo ass d'Fro ... ginn ech mat der Mode oder och nett ... maachen ech Difital Art oder Pur Fotographie ? wéés nett ... jidderen seng Direktioun méé den Auteur soll sein Stil entweckelen ...
Mir fallt et saumeissesch schwier esou eng Kreatioun ze Kritiseieren well ech nach nett vill dovun verstinn ... dofir velossen ech mech mengen Gefiller an fannen se ne t schlescht esouguer flott... méé dann mussen nach esou Stiler kommen an matt der selweschter Veraarbeschtung ... villeicht mat aaner Modeller dei dofir poseieren ...
De shanti huet och recht an senger equilibréerter Analyse an ech geif bescheidenerweis dobaifugen daat d'Foto de détongueart perfekt soll sinn an allen hinsichten an daat waar net onbedingt de Fall .
Ech kennen de Musiker ganz gudd durch seng Fraa dei matt mir schafft ... déén ass Kappable Expressiounen ze assumeieren dei einfach genial fir 1 fotograaf sinn ... du huester bestemmt an ech geif villeicht dei do huelen fir eppes expressives doraus ze schaafen ...
suraki 04.02.2010 - 00:33
ech muss dat doten elo nach emol a rou liesen, ....

elo mol direckt, huel d'Bild , a mach dermadden wats de wells smile)
an schreiw mech mat PN un (mat denger Mailadress)
.. ka sin dat ech nach dat ént oder anert Bild vun him hun fir der ze gin closed_eye
Gaga 04.02.2010 - 21:26
e lenkshänner, a wann en ganz genau kuckt, da gesait een wei hien eis mat der rietser hand, seng mehnung seet !

bigsmile
suraki 04.02.2010 - 21:31
dat as d'Änfert iwert dat schlecht Ausgangsbildbigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 336 Gäscht online