Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

In vino veritas

 
In vino veritas
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.01.2010). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.01.2010
  • Gekuckt:
    37436
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    4/1000 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    56 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    Compulsory Flash, Return light not detected
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1328x2000
  • Späicherplaz:
    530 KB
  • Originaldatum:
    2010:01:26 09:24:-1895825408
  • Fotoapparat:
    NIKON D300S
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma 24-70mm f2,8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
SU 800
2x SB 800

Fir anzesetzen: [pg_img=42266]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun hei probeier eng Photo fir an mein Weinkeller ze maachen. Haat hei awer meng Studiobletzer nach net esou daß ech Photo mat 2 Bletzer gemaat hun, een hannert der Wainfläsch an een vun lenks uewen. Dodurch daß se s-w ass an nemmen e puer Saachen farweg gewennt Photo fir mech eppes un Effekt. Sin awer net ganz zefridden domadder, war awer mat mengem Latein um Enn....
Gaga 26.01.2010 - 11:43
flott flott !
den stop geiff ech sch/w loossen mengen ech ... waat hei fehlt as ROUD am ROUDEN Wein !
sou schwarzen wein gesait eierlech gesoot guer net appetitlech aus !
eng deier requisit hues de der ausgesicht ... deen do am 96'er as eng délicatesse ! closed_eye

PS : dein waasserzeechen as daat fier hei op PG, oder geheiert daat zum chef-d'oeuvre ???
Laurent76 26.01.2010 - 13:07
Glew mer es, den Wein deen an der Fläsch ass, deen schon e bessen huet missen duerhaalen bis ech fäerdeg war, ass net deen waat ob der Fläsch steet.
Deen haat ech virdrun gedronk....!
An waat 96 ass kann deen do nach gin, et war net dei lescht Fläsch.

Wei mengs te daat mam Waasserzeechen?
Gaga 26.01.2010 - 14:24
gut idee deen als eicht ze drenken, wann een dann nach fotographeieren kann !bigsmile
Jaqueline76 26.01.2010 - 12:09
idem fir den black wine smile
d' Idee mam Stop fannen ech gudd, doduerch entsteet eng Relatioun zur opener Fläsch. (Fläsch ass eng 98er an dee Stop deen scharf ass also wou een de Joërgang liese kann ass vun 2005 doduerch steiert daat nit)
Ech hädd FLäsch och vlaischt eng Grimel mei no riets gedreint an bessen mei eng grouss Blend geholl dann wier Schröft an der Halsetiquette mei scharf an den Fong matt de Stötongue e besse mei onscharf.
Soss ower eng flott Emsetzung
Laurent76 26.01.2010 - 13:12
Stemmt mam black Wine, geseit aus wei schwarz Tent.
Elo wou dir 2 daat soot steiert daat mech och....!
Mol kucken ob ech do eppes kann binneren....
Gaga 26.01.2010 - 14:23
"llacour@me.com" ?????



Laurent76 26.01.2010 - 16:05
Jo, daat ass mein Waasserzeechen...
An nee, daat geheiert net zur Photo mee ass just ob Photoen dei ech um Internet veröffentlechen....
Beäntwert daat deng Fro?
Gaga 26.01.2010 - 16:10
jep voll a ganz ! smile
Laurent76 26.01.2010 - 20:09
Voilà, elo ass aus dem black wine een red wine gin, zumindest am Glas. Et war net ganz einfach well ech eben esou gudd wei meiglech verhennert hun daß Luut un Glas kennt an esou Spiegelungen verursaacht. Dofir war den Wein dann och schon um farwegen Bild relativ donkel.
Ech hat nach eng aner Versioun probeiert wou ech an sech just den Rand roud geloos hun do wou den Wein ufänkt, dei Versioun ass och net schlecht.
mmphotos 27.01.2010 - 00:23
Ech denken mer dass dei ganz Foto vill mei flott waer wann se komplett faarweg waer an am groussen ganzen mei hell wär.

D'Luucht as och net grad dei interessantst. An ech soen lo domat net dass et automatesch mat Studiosluuchten besser gin wär.
Laurent76 27.01.2010 - 07:50
Farweg gefällt et mir net esou gudd, et hiewt daat wesentlecht net ervier.

Wei häs du Luut dann mei interessant gemaat. Wei häs te Bletzer obgestallt?
Ech wollt och net zevill Spigelungen an Glas kreien. Spigelung ob der Fläsch fannen ech esouweit awer ok. Ech mengen ech haat min. 50 mol emgestallt, Reflektor verreckelt bis daat gefunst huet. An duerno war ech wei gesot mat mengem Latein um Enn
mmphotos 27.01.2010 - 10:07
Perseinlech fannen ech dass en Objet net nemmen durch postprocessing erfier gehuewen soll gin, mee daat as meng perseinlech Meenung.

Wei ech d Bletzer lo genau gesaat hätt as schweier soen, mee am groussen ganzen fannen ech dass d'Luucht ob där ganzer Foto zimlech flaach as. Et keint een fleit probeieren den Bletz nach mei seitlech ze stellen.

Hei zb eng Foto vum Klex, ouni Deelsaturatioun an awer as den Wein erfiergehuewen. Wäin
Laurent76 27.01.2010 - 13:02
Du wärs jo elo secher keng Bourgogne mat engem Bordeaux vergleichen closed_eye
Mee Geck an den Eck!

Mee tatsächlech hun ech jo och eng ganz Reih Fotoen gemaat iehr ech dann zefridden war, de'er mat mei Luut sin och derbai mee dann waren mer Spiegelungen ze grouß. Beim Klex geif een jo och mengen ob der rietser Seit eng Softbox ze erkennen.

Ausserdem muß ech awer soen daß ech mein "Ronderem" besser fannen! Iwwregens steet Fläsch ob engem Weinfaß (daat geseit een leider net, mee wann een mei vum Faß geseit huet mer Foto net mei gefall), am Hannergrond ass een Comptoir deen komplett mat Stepp verkleed ass etc.Ech hät och keinnten mei Onschärft no hannen eranbrengen, mee dann kanns te just nach vermuten daß daat Weinstepp sin....!

Naischt desto trotz fannen ech dem Klex seng Foto awer ganz gudd, hien ass just anescht un Thema erungaang. An hien hät Fläsch och keinnten obmaan!

Ech muß awer och elo gestoen daß ech seit der Annerung vum black an den red Wein (decken Merci fir den Tipp dofir) meng Foto ganz gudd fannen an sie och hier Plaatz am Männerraum wärt fannen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 439 Gäscht online