Hmm, deng puer laescht Panoen gefaalen mer net mei sugudd, am Ufank waren et richteg grousser, wou och emmer een Bleckfang an en kloeren Obbau dran waren, bei deenen laeschten (seit den Montagen) feelt mer daat e bessen.
meng Panoramen, se bestinn méchtens aus nemmen zwee Biller, a wann se fäerdeg verschaft sin, fehlt normalerwéis och nach e bessen drun. (ech si nie esou genau, ewéi de Shanti mam ausrichten )
De kloeren Opbau ... mmm, ech danzen méchtens mat de Médercher déi do sin
Meng Biller si nie gestallt , nët geännert an ech raume virdrun nët op lol
Se sin och nët als Konschtwierker ze betruchten, (ech striewen dat nët un),
ech selwer gesin se als verschafften Dokumentatiounen, sos ging ech fléicht
nemmen all Moungt eng hei weisen
Am éecht elo, wat häs de héi besser gemat ? (stong mam Rëck un der Mauer)
Ech fannen së exzellent, Ed.
A mengem Beruff hun ëch dat do och gesin, mais dunn hun nach Leit dra gelieft, well soss wär ech nët dogëwiecht.
"Le passé n'est beau qu'en ruines"
sot mol eng Kéier de Victor Hugo.
Di Vergaangënheet do,
méi batter wi schéin,
kann een awer nëmmen gesin
wann een së gewise kritt.
Mëi Studio as dobaussen, an get nie opgeraumt. Munchmol léeft én derdurch, an dann frët et mech wann dén sech d'Zäit hellt en Ablëck dra stoen ze bleiwen Get dén och nach vu mir porträtéiert, weisen ech d'Bild, schons alleng aus Respekt zur Persoun, och wann d'Photo selwer nët dén Superporträt gin as, dén ech mer virgestallt hun. Wéis du et schreiw's, batter an! schéin oder och nët schéin, gehéiert zesummen an sin emmer derwärt gewisen ze gin
Waat genau ech lo hai anescht gemaach haet kann ech der net soen, dovier misst ech et en reel gesin.
Deng eicht sin menger Meenung zwar definitiv als Konschtwierker ze betruechten gewierscht an waren och richteg gudd, dovier hun ech der meng meenung derzou lo och gesoot. Fannen et eben schued daat se am Ufank zimmlech geil waren an lo 'nemmen' nach dokumentaresch sin. Menger Meenung no kann een mat e bessen Gepiddels och zimmlech iwwerall en Obbau dranzauberen, war jo meeshctens och eng Idi derhannert wei et gebaut gouf.
Wann ech deng Biller kucken, maachen se mech nodenklech.
Ass schon immens schued, dass esou lues a lues esou Reim verschwannen aus eiser heiteger Zäit.
Alles muss nei an modern sinn, awer esou aal Haiser hun all eng Liewengeschicht ze erzielen an do sinn vill flott an manner flott Erwiernisser passéiert.
Gut dass de dei Sachen festhälls.
och hi en merci Blimmchen,
et geht mer ewei der selwer, ... et as mer schons passéiert dat ech mech irgendwou higesat hun ... e bessen hinanhier gekuckt, a ké Bild gemach hun.