Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zombies at an Airport

 
Zombies at an Airport
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.01.2010
  • Gekuckt:
    50914
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    92 KB
  • Originaldatum:
    2009:09:16
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200L 2.8 IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:
Blëtzer, PocketWizards

Fir anzesetzen: [pg_img=41888]
Kommentar vum Fotograf:
PAD 259/365.
Ech hun op méngem Blog Schrëtt fir Schrëtt am Detail erklärt wéi déi Foto gemaach gouf:
http://gloda.net/20100112-zombie
Mat Info iwwer d'Material, Blëtzer, a Post-processing.
deBaemm 12.01.2010 - 21:56
ech fannen gesäit einfach grandios aus ^ ^ daat eenzegt waat mech bessi stéiert ass dat se lenks uewen am eck mi donkel ass wei riets, gewollt?
gloda 12.01.2010 - 21:58
Hm nee dat as Zoufall. War mer net opgefall.
Kwitchibo 12.01.2010 - 22:04
ech geif et besser fannen wann Hand geflippt geif gin !an den Fanger do deen een do closed_eye
as lusch vun der Beliichtung smile

cheers

Zombie gloda
gloda 13.01.2010 - 17:06
Ech sot dem Carmen hat sollt den Aar méi laang maachen mee dat goung iergentwéi net smile D'Beliichtung as mäi Fehler. Do gët den Fanger vun der Luucht hannert der Valise mat beliicht.
xaph32 12.01.2010 - 22:10
virwat ass den zeigefinger sou waiss? ech hun d'gefill dass do eppes nët matt der luut klappt...

me soss gefällt se mer gutt, erënnert mëch iergentwéi un déi komësch hand an der serie mam herman monster closed_eye
gloda 13.01.2010 - 17:06
Dee Fanger as schon verfault. closed_eye
Nee dee gouf duebel beliicht well en ze héich eraus kuckt.
rivende 12.01.2010 - 22:55
gut gestellt....
Kleent 12.01.2010 - 22:57
Ih. Lo hun ech Angscht firu mengem Koffer... merci Gloda! tongue
gloda 13.01.2010 - 17:07
Muahahaha. Bwahahaha.
marischen 13.01.2010 - 09:41
Cool smile Ech hätt just d'Hand aus der anerer Richtung komme gelooss, iergendwéi gesäit et aus wéi wann "de Recht" also de Kierper (huelen mol un d'Hand hänkt un engem Kierper) lenks am Eck misst gedruddelt sinn. Weess net op dat lo verständlech ausgedréckt ass closed_eye
gloda 13.01.2010 - 17:07
Jo do muss mäin Model nach e bëssen Kierperverrenkung üben.
McQueen 13.01.2010 - 10:09
Super...

elo well ech net mei an d'vakanz unhappy
Maimonides 13.01.2010 - 20:38
Dës (flott) Foto gëhéiert awer an d'Kategorie "Digital Art". Oder nët ?
gloda 13.01.2010 - 20:48
Nope, d'Hand war effektiv an der Valise.
Maimonides 13.01.2010 - 20:51
...an eng Luucht och nach.
gloda 13.01.2010 - 21:17
cf den Kommentar drënner.
pan_or_ama 13.01.2010 - 21:03
... an de Rescht ?bigsmile
gloda 13.01.2010 - 21:17
Ëh jo ech wees net ganz wat der mengt. D'Luuchte waren do, d'Valise war do, den Arm war do. Am "Behind the Scenes" gesäit een dat dach gudd. Oder wart der deen net kucken?
pan_or_ama 13.01.2010 - 21:35
sorry gloda,
hun d'Foto ugeklickt an bestaunt .... well se esou gud war smile
ech muss gestoen dat ech , vergiess hun kucken ze goen,
hun et awer elo nogehol, deng Séit as jo emmer gud an informatif !
Maimonides 13.01.2010 - 22:12
D Hand war dran fir d Luucht unzeknippsen wann d Valiss opgeet.
closed_eye
aMaD 11.04.2013 - 17:25
Muahahaha!! Immens!!
Du mëss iwwerhaapt stramm Fotoen! Hat lo schnell bessi durch deng Gallerie geluust. All Respekt!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 431 Gäscht online