wow flott daat do so ech hun mech daat lo schon mi oft gefroot: Wéi kritt een mam MacroObjektiv sou schnell fokusséiert? Resp. stells de hei den Focus fiirdrun schon manuell an, nodeems de en fiirdrun getest hues? Mat oder ouni Stativ? Obschon jo bei f/36 d'Schärft kee groussen Problem dierft duerstellen oder?
Géing dat amfong och mol gaer eng Kéier probéieren
ech geiff net mengn dass et hai neidech war den Focus ze beweegen...den stellsde firdrun an an mierks da am graffen dPlaatz wousde dNoss hingeheis...dann heescht et just na den Timing treffen...
dResultat as TOP!dFaarwen an dei minimal Beleuchtung kommen immens gudd!gefellt mer!!!
mat Stativ an Kabelausléiser ...sou wéi den BlackPanther gesoot huet stells de einfach virum knipsen alles manuell an, den Rescht ass just Timing. Déi kleng Blend hëlleft trotzdem ass d Déiftenschaerft nach nit sou extrem grouss dats de masseg Spillraum häss bei Macro...
Merci fir den Kommentar
wann een schnell kukt seet een okay mee mei genau dann gesin ech das se net richteg scharf as (och bei blend 36 oder besser gesoot grad dofir!)
an wann een se am grousen kukt geseit een Banding ?mengen daat nennt een esou! an der Luucht dei Linnen am Pixelmier
alles an allem fir da ze soen das ech mengen das de et besser maan kans!
merci fir d Kritik ...
jo ech wees dat se nit scharf ass, hat leider bis lo nach keng Zeit mech nachemol dohin ze setzen an et nei ze machenn ...
Den Banding ass nit an der Original Foto mee kennt durch d Jpg kompressioun ...falls ech derzou kommen muss ech d Raw Foto sichen an nachemol nei speicheren
et leit zum deel un der Bewegunsgonschärft, mee greisstensdeels dorunner dat nit 100% perfekt scharf gestallt war, wat zimlich schweier war well d Noss nie genau do opkomm ass wou ech wollt ...wanns de kucks ass d Noss uewen lenks scharf mee den avant-plan nemi
Probeiren et demnäscht besser ze machen wann ech meng extrem-Macro-Phase iwerwonn hun