Merci! Di Kaaz do war de Glanz. Am Ufank huet se nëmmen op den Zuch gekuckt, an ech duecht schon: Nondi...., dréist du déch wuel ëm! An dunn op eemol ass den Zuch hir dach awer ze geféierléch gin an dunn ass se fortgesprongen, awer Gott sei Dank huet se nach séier eemol op méch gekuckt.
Rauh Fotosequenz, d'Nummer 2 ass fir mech déi stäerkst, wann och vläicht eng Grimmel zevill entzerrt, 1 ass einfach cool an 3 ass dokumentarësch de Glanz.
Nummer 2 ass en plus nach schief. Ech hun am PS probéiert do ze wieren, awer dat huet d'Saach just nach schlëmmer gemaach. Mais wat wëlls de hun? a gewëssene Situatiounen huelen ech léiwer de 24-120 trotz sénge Nodeeler mat op den Tour, wéi andauernd mussen d'Objektiver ze wiesselen. an tëschend 35 an 90 mm ass en durchaus ze gebrauchen ouni extrem Verzerrung, an dat ass jo dee beräich, wou ee meeschtens brauch.