Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aua!

 
Aua!
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (13.12.2009). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.12.2009
  • Gekuckt:
    32017
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/13 sec
  • Blend:
    f/1.8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    912x400
  • Späicherplaz:
    275 KB
  • Originaldatum:
    2009:12:13 14:23:18
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 450D
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 50mm 1.8 II
Kategorie: Digital Art »» Allgemeng  
Extras:
Photoshop
Lightroom

Fir anzesetzen: [pg_img=41308]
Kommentar vum Fotograf:
Eigentlech sin ech net sou deen Fan vun groussaartegen Photoshop-Geschichten an meng "Skills" am Photoshop sin och quasi inexistent. Allerdengs haat ech mech haut en bessi gelangweilt an dun mol eppes probeiert, inspireiert haat mech een Tutorial op tutsplus.com

Daat ass am Fong meng eischt, richteg Photomanipulation am PS also sidd w.e.g. net ze streng mat mer ;) ;)
gloda 13.12.2009 - 15:18
Du hues den Schiet vum Arm no riets vergiess. Kuck wéi en bei den Fangeren fällt.
Sicho 13.12.2009 - 15:21
lo wouste et sees ...

EDIT: ech hun mer lo awer na eng Keier dei komplett onverschafften Foto ugekuckt gehaat, an do ass och net mei Schied do wei elo hei ... oder ech kucken op enger ganz aanerer Plaatz weis du lo mengs closed_eye Kannste vlait w.e.g. eng Keier mei detailleiert erklären wouste mengs dass Schied feelt?
gloda 13.12.2009 - 15:44
Den Schiet fehlt do wou den Schnatt as. Op der Originalfoto as keen Schiet ze gesin well den Arm do as. Den Blutfleck kann net sou hell wéi dat rondrëm sin, well dat ronrëm vu lénks vir beliicht get, mee den Blutfleck läit am Schiet vum Arm.
Sicho 13.12.2009 - 15:46
ok hun dech lo verstaanen smile
deBaemm 13.12.2009 - 15:45
haat deen och des lescht gesin wou ech rem nom gloda sengem gesicht hun, wollt daat och mol probéieren mee nach keng zäit kritt, fannen ass der awer alt gelongen!

Kéint et sin dass de gloda den schiet beim schnatt mengt?

//Edit: huet sech domat erleedegt closed_eye
Sicho 13.12.2009 - 16:14
ech hun lo mol eng aaner Versioun ropgelueden, ass se esou besser?
gloda 13.12.2009 - 16:18
Nope. Lo as den ganzen Fleck méi däischter amplatz deen Deel wou am Schiet wier. Du muss der d'Sene dräidimensional virstellen a kucken wou den Schiet vum Arm géif hifalen.
Sicho 13.12.2009 - 16:23
jo mee daat woor bessi sou gewollt well ech mer mol iwwerluecht hun, weivill Bludd een verleieren geif wann een sech sou opschneid closed_eye do misst den Fleck na vill mei wait daitscher sin an den Fleck misst eigentlech och nach vill mei grouss sin closed_eye
deBaemm 13.12.2009 - 16:35
fiirdrun hun se besser fonnt,... probéier effektiv einfach bei der aanerer versioun ganz liicht hannert dem schnatt oofzedonkelen smile
Sicho 13.12.2009 - 17:33
hm jo, versichen daat dann eng Keier.
Sin net sou gutt an deenen "Schattenspillercher" closed_eye
Sicho 13.12.2009 - 19:16
sou, an nach eng Keier ersaat gin closed_eye
gloda 13.12.2009 - 19:30
Scho baal richteg. Lo gesäit et just aus wéi en Drop Shadow. Ënnen as en bal gudd, mee uewen soll kee sin, well do d'Distanz zur Decken méi grouss as.
Sicho 13.12.2009 - 19:35
eng Keier net genuch Schied, lo zevill ... dei Schieder maan mech geckeg closed_eye

wannste mier lo sees dass engem, deen net sou genee duerno kuckt weis du et eigentlech net giff opfaalen dann sin ech eigentlech schon zefridden bigsmile bigsmile

btw ech hun och nach eng Versioun mat deenen Fleeschfiedem aus dem Tutorial probeiert, mee dei gefällt mer guer net -> http://sicho.info/fiedem.jpg
gloda 13.12.2009 - 19:38
Bei der verlinktener Versioun as den Schietproblem den selwechten wé bei dénger aktueller Versioun hei.
Dat mat den Schieter as esou (mengen ech): Deene Leit déi net esou genau kucken fällt et grad sou op, mee et as ënnerbewosst; se mierken dass eppes net klappt, ouni direkt ze gesin wat, mee et geet duer dass déng Illusioun net méi klappt.
Sicho 13.12.2009 - 19:43
jo du keins Rescht hun, kann jo nach eenmol probeieren den Schied besser ze maan. Wann ech dech richteg verstaan hun misst ech einfach deem "Schiedstraifen" uewen een Deel oofknätonguepen?
gloda 13.12.2009 - 20:01
Net ofknätonguepen, mee en vun ënnen no uewen verblatzen loossen. Nach besser wier wann den Schiet, wann en verblatzt, amplatz vun der Form déi en elo huet (l) géif ausgesin wéi en D, mam Réck lénks widdert dem... öh Handgelenk.
Sicho 13.12.2009 - 20:05
hui, op dofiir meng Photoshop-Kenntnisser duergin? closed_eye
d'ass dann mol sws fiir muer, haut gouf genuch drun gewurschtelt closed_eye
Shantideva 13.12.2009 - 21:00
Ech hun et grad probéiert. An bei mir steht nach een steck Schank eraus. tongue Ech denken... genau op deser Platz kanns du keen riichten Schnett einfach sou machen. Daat geseit onnatierlech aus. Do mussen einfach nach e bessi Schanken erauskucken.
Sicho 13.12.2009 - 21:29
ma et woor eng Laserschranke, dei huet d'Hand eben sou clean oofgeschnidden closed_eye Zudem brennt den Laser daat och direkt zou, dofiir ass nemmen sou weineg Bludd gefloss ... klengt dach gutt, nee? closed_eye
Shantideva 14.12.2009 - 06:42
Domat kann ech liewen. bigsmile
Sicho 14.12.2009 - 13:43
du keins jo deng Versioun eng Keier hei weisen / verlinken smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 395 Gäscht online