Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Grand Central Station

 
Grand Central Station
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.12.2009
  • Gekuckt:
    51054
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1sek
  • Blend:
    f22
  • Brennwäit:
    12mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1100x727
  • Späicherplaz:
    669 KB
  • Originaldatum:
    08.11.2009
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    sigma 12-24mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=41239]
Kommentar vum Fotograf:
Mei wei 500000 Leit gin anscheinend hei all Daag laanscht.
Mengen misst dei greisst Gare zu New York sin.
Kilroy1313 08.12.2009 - 23:17
Cool U.S. Retro-Stëmmung mat intressantem "Spotlight" a gehetzten "Phantomer". cool
Keup 09.12.2009 - 18:32
U.S. Retro- Stemmung ass dach mol eng top Beschreiwung
closed_eye

Ty

Metalbambi 08.12.2009 - 23:17
Mengen soll suguer di greisst iwwerhaat sin...
Gefaellt mer richteg gudd, haet just vleit probeiert d'Biller um Plafong mei rauszekreien.
Keup 09.12.2009 - 18:31
Daat wees ech elo net mee keint gudd sin. Ass mol dei greisst dei ech je gesin hun closed_eye Daat ass mol secher.

Jo dei Biller keint ech na bessen rausdodgen.

TY
deBaemm 09.12.2009 - 00:28
boah...grouss dat do, ganz grouss, super foto, super bea, fir mech 1 smile
Keup 09.12.2009 - 18:30
Ahhh voila mol een deen begeeschtert klengt closed_eye

Freet mech deck.
deBaemm 14.12.2009 - 00:01
haat ech et net schon geduecht... daaaaach closed_eye felicitatioun, obwuel deng aaner och ganz staark war closed_eye
Gaga 09.12.2009 - 02:39
super foto !
mais t'luchtestrahlen, sonnenstrahlen eichter, dei keinns de e bessen mei diffuse machen an mei transparent ! sou sin se e bessen too much !
Keup 09.12.2009 - 18:29
Hun wierklech vill mat der Layer Staerkt gespillt an hun schon sou eppes gefaart. Merci awer Gaga closed_eye)
Gaga 10.12.2009 - 13:18
ech hun perseinlech erausfonnt, dat een bei den meeschten sachen (ODR, Saturatioun/Kontrast, PS-Effekter etc ) emmer besser huet sech zereckzehaalen, also emmer sech ze bremsen an soen 80% geht duer, dann trefft een fill besser den gout fun der allgemengheet, also ech mengen wann een selwer 2 stonnen drop kuckt, kritt een daat net mei sou intensiv mat wei een deen duerno t'Foto einfach färdeg gesait !
dufier wei een gudden Kolleg fun mier eng keier soot : less is more !
closed_eye


PS : ech hun en bessen Lotto gespillt wei ech soot dat et PS as, mais hun mer et geduecht, et wier ze schein fier wouer ze sin se esou passend op en Bild ze kreien ... och mat Blend 22!
bei mengem läschten Bild hun ech daat nämlech och gefakt, an mech och ferm zreckgehaalen, waat awer am endeffekt beigedroen huet, dat keen zefill op den strahlen hänkenbliwen as ! d.h. ausser den Bob, deen haat berechtegt zweifelen dat se ech sinbigsmile !
!Dës Foto ass net méi am System!

Keup 12.12.2009 - 12:43
Less is more do hues de recht. Mee heiendsdo wierkt en bessen iwwerdreiwen gudd mee bon ass risiko an hei haett ech mech villeicht missen un dein Sprechwuert haalen.

Jojo war PS CS3 an bessen Lightroom.

Bei denger wierken dei Liichtstrahlen zwar mega, menger Meenung no.

Scheinen Weekend Gaga.
Gaga 13.12.2009 - 13:13
merci merci !
probeier mol (den layer as jo op ineinanderkopieren?)
e bessen rauschen an den layer ze machen fun den strahlen !
(rauschen hinz. -> monochrom)
dann evtl ,nach e bessen manner deckung !
Keup 13.12.2009 - 13:21
D Idde klengt gudd. Mee deen Layer hun ech net mei. D Foto ass natiirlech ouni Layeren ofgespeichert gin. Mee dei Saach mam rauschen heiert sech gudd un an waert daat wierklech mol probeieren.
Mochel 09.12.2009 - 08:42
mir gefällt se ganz goud. Den Sonnenstrahl steiert mech perseinlech net
Keup 09.12.2009 - 18:28
Hun vill drun gemurkst an konnt duerno selwer net mei soen op et kitscheg ass oder net an duerfir hun ech se mol dran gesat.
Jeanny 09.12.2009 - 09:37
ganz flott, vill Bewegung am Foto
Keup 09.12.2009 - 17:51
Ty Jeanny. Beweegung daat ass waat ech wollt hun.
Poly 09.12.2009 - 11:43
kinnt eng szene aus dem "2012" sinn
Keup 09.12.2009 - 17:50
Huelen daat mol als Kompliment closed_eye
Poly 09.12.2009 - 22:33
dat soll och eent sinn smile
Keup 10.12.2009 - 12:02
Freet mech
Keup 14.12.2009 - 13:45
Yuhhhhuuuuuuu. Decken Merci un all dei de fir mech gestemmt hun.
Shantideva 19.12.2009 - 22:17
Glëckwënsch zur Foto vun der Woch. Et sin awer e puer Sachen déi mech e bessi stéieren. Eischtens ass déi Vue schon grad sou bekannt wéi d'Centrale Thermique zu Letzebuerg (oder d'Phillha). Deng Bea ass super awer den Liichtstrahl stéiert mech. Less is more. Obwuel ech deng Aarbescht emmer erem genial fannen ass desst net grad menges....
Keup 21.12.2009 - 13:32
Majo ech wees net ops de schon do wars mee dei vue huet mech einfach geruff wanns de verstees waat ech mengen. Wollt och eppes anescht maachen well jiddereen dei vue do hellt. Mee direkt an der entree geseit een einfach dei ganz haal am beschten. Ech wollt se sou fir mech maachen.

Mam Liichtstrahl hun ech och schon vum Gaga gesot kritt an dir hutt wahrscheinlech recht an bei mir doheem haenkt se och ouni deen. Et war en Experiment waat eben net esou gelong ass an ech wees net op ech mech na un sou künstlech ageblenden Detaillen waert runwoen well ech am PS einfach na net genug Kenntnis hun an et meeschtens net gudd unkomm ass.

Daess et net denges ass kann ech novollzeien. Du bass mei sou den Perfektionist an ech schaffen mei drop lass an dann kommen eben net emmer gudd saachen dobei raus.

Mee probeieren aus all Kritik daat bescht raus ze zeihen an bei ze leieren well dofir sin ech hei.

Merci Shantideva.
Shantideva 21.12.2009 - 16:24
Merci fir deng ausféierlech Äntwert. Wéi schon gesoot fannen ech deng Aarbeschten emmer erem genial, dofir schreiwen ech net oft eppes dobei well zevill Luef jo just dem Ego schmeichelt. Bei deser Foto war ech awer net sou begeschtert an well ech se nun mol all Daag op der Frontpage gesin hun, hun ech mech awer iwerwonnen e bessi Kritik auszeüben. smile
Keup 21.12.2009 - 16:36
Dann sin ech Frouh daess de se all Daag virun d Aan gedreckt kruss dann hun ech mol erem eng Keier eppes vun dir heieren. closed_eye))))

Wenschen dir dann schein Kreschtdeeg.
Shantideva 21.12.2009 - 18:27
Gleichfalls... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 253 Gäscht online