Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Avensis

 
All Fotoen an dëser Serie:
3633 Thumbnail
3634 Thumbnail
3635 Thumbnail
Avensis
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.11.2009
  • Gekuckt:
    56067
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    2009:08:01
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Blëtz mat Softbox.
Stativ.

Fir anzesetzen: [pg_img=40947]
Kommentar vum Fotograf:
Déi drëtt Foto as een vun den Originaler. Déi zweet as déi wou ech als färdeg Versioun eropgelueden hat. Déi éischt hun ech gemach nodeems ech Feedback op PG krut.
PAD 213/365
Nodeems ech souvill Nuetsfotoen vun Autoen gesin hun déi ech schlecht fonnt hun hat ech mech virun engem Joer eng Kéier selwer drun probéiert. An sin kläglech gescheitert, méng Fotoen waren genau sou schrotteg wéi ech déi aner fonnt hun. Also hun ech mer e bëssen de Kapp zerbrach wéi een dat dann lo kann besser maachen. Ech hoffen et huet geklappt, d'Erklärung steet drënner an den Kommentarer.
gloda 21.11.2009 - 15:15
Den Problem mat Autoen as dass se alles reflektéieren. Nuets op engem Parking wéi hei deen vun der Kärjenger Gare kritt een doduerch lauter kleng Reflektiounen vun den Stroosseluuchten amplatz déi schéin Sträifen wéi aus den Autosreklammen.
Also hun ech méng eegen Luucht gemaach! D'Ausgangsbasis as déi zweet Foto déi ech ropgelueden hun. Dat as eng laang Beliichtung mat Stativ, ouni Blëtz. Um Pare-choc gesidd der gudd d'Reflektiounen déi ech mengen. Den Rescht as relativ propper well déi Säiten keng Luuchten an deem Wénkel haten.

Mee wéi kréien déi wou déi Autosreklammen maachen dann elo déi Sträifen do dran? Majo, mat Blëtzer. Just si hun riesegrouss Blëtzer, respektiv Diffuser déi d'Liichtquell grouss maachen. Mer schwätzen hei vun gären iwwer 4 Meter carré.
Ech hu keen sou ee Material. Also muss ech déi gréissten Liichtquell wou ech hun (eng Softbox vun 50x50cm) sou benotzen dass se méi grouss wierkt.

Ech hun mat 'Trial & Error' déi richteg Plaatz gesicht wou ech d'Softbox hu missten hisetzen fir dass se den 'Knéck' deen vun fir no hannen iwwert d'Karosserie leeft erfirhiewt. Mee well d'Softbox net laang genuch as, beliicht se just een klengen Rechteck um Auto, net di ganz Sträif.
Den Trick as fir dono vill Fotoen am Computer iwwerteneenzeleeën. No all Foto hun ech d'Softbox en halwen Meter no hannen geréckelt. Dat as sou 30 Mol geiwercht bis ech hannen ukoum. Dono nach eemol dat selwecht fir den Pare-Choc, an d'Nummereschëld.
Schlussendlech hun ech nach eng Foto gemaach wou d'Blëtzer bannen op den Atossëtzer waren fir dat bannescht ze beliichten. An nach eng wou d'Autosluuchten un waren.

Am Photoshop dann gin all déi eenzel Fotoen an Layeren iwwerteneen geluecht, an den Blend Mode gët op 'Lighten' gewiesselt. Doduerch gin just déi Pixel gewisen, déi méi hell sin wéi déi vum Layer drënner - also an dësem Fall just d'Reflektiounen vun der Softbox.
Dono hun ech nach e bëssen gebotzt. Uewe riets en Héichspannungmast, am Makadam en Uelegfleck, am Haischen Reflektiounen op den Plättecher. Den Makadam hat och gemëschten Faarwen, also hun ech deen desaturéiert an méi Kontrast dran gesat.
Sou ech hoffen dat as verständlech, wann net kann ech jo nach op eenzel Kommentarer äntweren (ech hoffen alt dass der nach e puer kommen.)
Alko 21.11.2009 - 15:24
Kannste net mei schnell tippen!!! smile

Also fannen foto top, elo muss erklärung et nemmen nach brengen! Soen der alt mol am viraus merci! smile
gloda 21.11.2009 - 17:43
Voilà, 't steet lo alles do smile
LP 21.11.2009 - 17:25
gefällt mer immens gudd deng arbescht wous de do gemach hues an merci vir aklaerungen smile
eng opwändeg spillerei daat ganzt smile
klex 21.11.2009 - 19:59
a fir déi wou iwwerhapt keng softbox hun, mat bessen amusement kann een och mat engem handy beliichten smile
Lexus

Fannen et gudd wéis de et hei erklärs! Fannen dat heisschen do awer net su passend, well et vun der architiektur lo net su besonnesch ass an awer iergentswéi méi bléckpunkt am Bild ass wéi den Auto (well d'Fluchtlinnen vum Auto drop hilenken, an well et mei hell ass)
Den auto eleng fannen ech ganz flott beliicht, mee kéint eventuell nach bessen mei detailer an de schieter hun!

edit: d'schreft hätt ech och aanescht plazéiert sou wees ee net richteg zu wat se gehéiert, wenn och ennen nach dai logo am méi grousse steet...
gloda 21.11.2009 - 23:21
Ech hat mer gehofft dass de dech mellen géifs, spezifesch wéinst der Schrëft. Wanns de der virstells den Logo wier net do, wat géifs de dann mat der Schrëft maachen?
Zum Haischen, do hues de Recht! Ech hat ni dru geduecht dass dat kéint sou prominent wierken.
Fir d'Schieter mengen ech as et elo ze spéit, mee wann ech nach eemol sou eppes maachen kann ech einfach nach eemol op den Makadamm rondrëm den Auto blëtzen dass d'Karosserie dat dann spigelt.
Edit - déng Approche mam Handy as zwar och génial! Dorun hat ech mol net geduecht.
gloda 22.11.2009 - 20:01
Ech hun eng nei Versioun ropgelueden. D'Waasserzeechen huet effektiv nach méi wéi soss gestéiert, dofir dann ausnahmsweis eng Versioun wou et net drop as. Ech hun d'Haischen och e bëssen ofgedäischtert. Dat ännert näischt drun dass et opbau-méisseg nach ëmmer prominent as, mee opmannst jäitzt et net méi grad esou.
klex 23.11.2009 - 12:24
Fannen et awer schon besser mam Heisschen mei däischter, d'fällt manner op!
D'Scheft selwer fannen ech flott! Ass eng Helvetica oder Arial, nee? Domat kann ee baal net falsch goen. D'ass schwéier ze soen wou se besser stéing, ech hätt perséinlech bei deser Foto wascheinlech keng schreft dragemat, well ech net gewosst hätt wou...
An der mëtt vum Heisschen teschte de roude sträifen wär se am gudde Géigegewiicht vum Auto, mee vu dat d'Heisschen jo do ass géif se net genuch rauskommen. A well den Haptpunkt net onbedéngt um Auto lait. Wann guer keen heisschen dowär, dann wär se mengen ech gudd op där platz! Sorry lo hun ech vill geschriwwen an eigentlech guer net weidergehollef :/
Dat mam Handy geet awer just wann et baal stachdaischter ass, well den handy beliicht jo net staark, an soss kennt zevill emgéigendluucht mat drop... mee wann et daischter ass, kans de domat moolen wéi mat enger ledluucht... an en handy huet een emmer dabäi smile
Probéiren dain Trick awer secher emol wan ech fir d'next en Auto fotograféieren!
gloda 23.11.2009 - 12:39
Effektiv wann d'Haisschen net do wier kéint een den Text liesen an den Bléck géif an deer Richtung weidergoen an um Auto landen. Et hëlleft mer fir dës Foto net direkt mee ech wees dass ech d'nächst Kéier, wann ech wëll Text dran setzen, schon am Opbau vun der Foto nodenken kann wou en hisoll an dementspriechend kadréieren.
D'Schrëft as mengen ech Helvetica.
OK-Photography 21.11.2009 - 22:10
BOAH! XD
ech hun -iert ech alles gelies hun- mech just gefroot weisde daat dann lo nees hinkritt hoss!!dResultat wierkt immens propper an opgefall as ma nemmen dei dezent Luuscht bannendran...(hun mech wuel schons un dStraifen aus der Reklamm gewinnt errrr)

alt mol nees brilliant Arbecht, wei ech se sou amfong nemmen fun dir kennen! (sry Lex hehetongue)

11/10? closed_eye
gloda 21.11.2009 - 23:25
Pff, alt rëm vergiess d'Bewärtung auszeschalten. Nuje. Freet mech dass et der gefällt. Du hues jo lo en Blëtz méi - krop der en Auto a lee lass smile
OK-Photography 22.11.2009 - 00:28
hrhr (vergin nik wierklech mei sougudd Bewärtungen an der läschter Zait... . . . )

hmm hun mech joh nik sou mat Autoen...mol kukn op ech dReflexiounsstraif bei ORCHIDEEN agefouert kreien.....xD
gloda 22.11.2009 - 00:38
Mt duebelem Auspuff wanneschglift. bigsmile
Shantideva 22.11.2009 - 10:01
Wonnerbar! Gedold muss een hun! Merci fir deng Erklärungen. Typesch Strobist! Mat engem Minimum een Maximum machen. Ech wees net obs du schon eppes vun Flash Merging héieren hues. Daat ass eng Technik mat der ech schon mol an Minen e bessi experimentéiert hun an déi brengt och ganz flott Resultater. Awer sou wéi hei wuel awer net.
gloda 22.11.2009 - 11:10
Dat hun ech nach net héieren, ech muss dat dann emol nosichen wéi dat geet.
Shantideva 22.11.2009 - 11:43
Du schéiss daat selwescht Bild e puer Mol, wéis du et gemeet hues mam Bletz aus verschiddenen positiounen an leets d'Biller dann mam "Highlight and Shadow Adjust Tool" am Modus "Exposure Fusion" (also keen HDR) am Photomatix iwerteneen. Dann kanns du een Sujet mat engem Bletz sou ausliichten wéi wanns du vill méi Bletzer gehat häss. Daat ass e bessi sou wéis du et elo am PS manuell gemeet hues. Am Buch "Complete Guide to High Dynamic Range" vum Ferrell McCollough ass des, ganz selten benotzten, Technik ganz genau erklärt.
gloda 22.11.2009 - 11:57
Ech mengen dat as dann nach ëmmer déi selwecht Method, just automatësch? Ech hun eng ähnlech Technik scho mol hei probéiert, just ee Blëtz mee du gesäis dass d'Luucht vu méi Plaatze kënnt:
Darth Maul
Shantideva 22.11.2009 - 12:16
Jo, ech gief soen. Fir een einfachen Sujet perfekt auszeliichten ass et bestemmt perfekt. Awer ech kann mir virstellen dass deng Method besser war hei beim Auto. Well hei hues du jo durch Layermasken eng vill besser Kontroll wéivill Luucht dass du vun wou wells benotzen. D'Beispiller am Buch sin awer op jiddefall ganz iwerzeegend. An den Minen machen ech an leschter Zeit oft e puer Fotoen (mat der üblecher Technik) déi ech dann sou iwerteneen leen. Dann kréien ech nach een méi gleichméissegt Resultat an der Ausliichtung.
gloda 22.11.2009 - 12:26
Ech hu bei déngen leschten Minnefotoen (um Site, vun der leschter Woch) gemierkt dass de mat verschiddenen Luuchtwénkelen (a Faarwen?) gespillt hues. Firun allem bei den Dieren oder wou et em den Eck goung huet deen Effekt gudd gewierkt. Hues de déi och esou am Photomatix zesumme gesat?
Shantideva 22.11.2009 - 12:41
Ah, nee, déi sin schon méi aal. Ech hat do LED an den Dieren an de Rescht mat Halogen ausgeliicht. Awer déi sin nach net mat Photomatix zesummengesaat. Ech schalten elo d'Fotoen vun den Minen frei well déi Minen elo definitiv net méi zougänglech sin.

Daat hei sin e puer Fotoen déi mat Exposure Fusion am Photomatix zesummengesaat ass.
!Dës Foto ass net méi am System!

An hei nach een Artikel bei Strobist um Flickr. Daat Bild ass och daat Bild waat an mengem Buch erklärt get.
http://www.flickr.com/groups/strobist/discuss/7215...
gloda 22.11.2009 - 13:05
Merci fir dee Link! Dee mecht d'Saach méi kloer fir mech. Ganz interessant Technik. Ech mengen fir den Auto géif se net klappen well se d'Reflektiounen géif eraushuelen (cf dem Auteur säin Kommentar iwwer d'Reflektiounen am Glas) mee 't as eng Technik déi ech mer wärt verhalen, et kënnt bestëmmt eemol d'Gelegenheet wou se mech rett.
Houll-art 22.11.2009 - 12:21
Den Ennerscheed ass frappant !!! Steet enger Foto aus dem Katolog an näischt no.Hun och nach nie esou eng genau Erklärung hei gelies vun der Verarbechtung vun enger Foto. Merci vir des Info'en, och wann et vir mech onmachbar schéint, esou ass et awer mol interessant ze wessen wéi et gemaach gett.
Lg,
A.
gloda 22.11.2009 - 12:26
Freet mech dass ech dech interesséieren konnt.
Maxx 22.11.2009 - 13:42
D'ass schon alles gesot, duerfir: WOW mega Foto an thxs fir d'Erklärung vum Making of smile
No_Saint 22.11.2009 - 18:43
Top-ëmsetzung matt enger genau esou excellenter Erklärung zum Making-of. Eenzëgen Détail dé mir opgefall ass, ass dé liichten Halo lénks ënnen laanscht de pare-choque .
gloda 22.11.2009 - 18:57
Ech hu lo duerch däi Kommentar eppes gesin wat ech virdrun nach net gesin hat, ech si mer just nach net sëcher ob mer eis iwwer riets a lénks eeneg sin smile Dat wou ech gesin as um lénksen Pare-choc, riets am Bild. As et dat wous de mengs? Dat kann ech op allefall an d'Rei setzen, merci.
No_Saint 22.11.2009 - 19:10
Jo, ët ass do, awer nët um, mee laanscht de pare-choque, dé liicht hellbloën Schimmer um Makadam.
Muss'te wéinst menger awer elo nët an d'Rei setzen.
Mais bon Du bass ën zimmlëche Perfektionnist closed_eye
gloda 22.11.2009 - 20:02
Jo, leider kann ee bal soen, bei sou Fotoen kéint ech éiweg un den Detailer triwwelen. Ech hun eng nei Versioun eropgelueden an déi aal als zweet gelooss dass den Ënnerscheed sichtbar as. Wéis de gesäis si mer nach e puer Saachen opgefall, notemment dass ech den Intérieur komplett verrutscht agesat hat! An dann nach e bëssen hei an do gebotzt, brun allem an der Fënster.
No_Saint 22.11.2009 - 21:24
Jo, daat matt den Détailler kann Ech gudd verstoën, geet mier och ganz oft esou (an ët mëcht och nach Spaass).
Dass'te Beliichtung vum Cube reduzéiert hues fannen Ech gudd (elo am direkte Verglach matt denen anere Versiounen)
De verrutschtenen Intérieur mengen Ech ass kengem opgefall.
Da mell Dëch elo bei Toyota als nächsten Produktfotograf, Du weess jo "Nichts ist unmöglich..."

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 392 Gäscht online