wann s de vun Nidderkuer "Hiel" erop fiers,léis de Strooss riets fir an "Fond de Gras" leien, a fuer Richtung Rodange, da kënns no - 1 km an eng schaarf Kéier wou e Parking ass,da geséist et jons, vun do aus kanns de dann laanscht Wisen mat de Päerd, bis op de Rouden Haff spadséieren goen, vergiess den Fotoapparat net vill Spaass
Gefällt mer, eng schéi Stëmmung.
Et wir menger Meenung no awer nach besser wann d'Kräiz e bessen méi Luucht hät, dass et nët esou an de Blieder verschwënd.
wollt dat ganzt am fong geholl als Silhouette loossen, e Liichtstraal drop, jo, d'Iddi ass net schlecht, mä do muss en oppassen, dat et hanneno net ze vill "kitscheg" wierkt, ech hat probéiert et e bëssen opzehellen, mä dass quasi keng Kontrast dran, dat wierkt et ganz grimmeleg, merci och @ No-Saint fir Ureegung
Am PS kanns de dat mat engem Layer Mask maachen ouni d'Ambiance vum Bild ze zerstéieren. Awer direkt bei der Ophahm leescht eng LED-Täscheluucht heiansdo e ganz gudden Dengscht, domat kanns de en Liichtstrahl genee op déi Platz brengen wou en gebraucht gët.
flotten tip, war am fong geholl e bëssen iwwerrascht ginn, war nämlech um Réckwee vir heem, wei ech dat gesinn hunn, war méi eng spontan Opnam, hunn zwar nach konnten esou just e pur Astellungen ausprobéieren iert d'sonn fortwaar, hunn esou guer eng LED am Auto leien, mä hunn emol net esou weit geduet, get bei der nächste Geleeënheet probéiert, merci