Einfach esou mol ee Rauschbild hei ropgelueden,
Duecht ech, kann näischt schueden.
Ouni Neat an ouni schärfen,
Dat wärt ee jo wuel hei nach daerfen.... :-)
Do ass dèi èischt wou ech mat sou èngem hèigen iso wert gesinn,an ech muss soen dass se duerchaus nach ze gebrauchen ass. Ech hun schon fotoen gesinn dèi mat iso 1000 mèi rauschen gewisen hun.Nikon setzt hei nees d'laat ganz hèich.
Pas op, dat hei ass "nëmmen" d'D700. Mëttlerweil get et jo schon d'D3s, géint déi gesäit des Foto furchtbar aus. Awer, der Eierlechkeet halwer, gi mir deenen décke Canon Boîtierën awer och de Respekt, deen se verdingen. Emmerhi bréngt eng 5D MkII an nach méi di fuschnei 1D MkIV, bei méi Pixelen op tselwecht groussem (oder suguer nach mi klengem Sensor) ähnléch gudd Resultater. An di manner professionnel Boîtiere vun Nikon sin och net sou eng Referenz, wann et iwwer 1000 ISO geet...
Keng Panik, ech weess wat's du wëlls soen. Ech fannen et och krass, wéi eng fuschnei Kamera, déi séch als Konkurrent zur d'D300s positionnéiere wëll, sou ee Rauschverhalen huet, wéi d'7D. Ech hätt dat och net geduecht. D'D700 an d'5D MkII si gläichgudd, dat steet außer Zweifel, awer d' 7D... Dat ass wiirkléch schon den Hummer.
uff beim eischten saatz haat ech schon ungesaat fiir ze schreiwen: huh? 0.o
mee io ech fannen et wiirklech schon den hummer, zumols well nikon an canon io allbeid hiir "liebhaber" an "feinden" op beiden säiten hun mee fiir mech wier sou en resultat wiirklech NET akzeptabel wann ech deen präis fiir eng DSLR bezuelen, mee bon et muss een io net emmer mat 2500 ISO knipsen pour le reste gin ech mech als Student nach schein brav mat menger D90 zefridden bis mol rem bessi an der Kees ass (an domat ass 2500ISO sws baal ze vergiessen )